André Bauler

Erhuelung vun de Staatsfinanze geet weider

Trotz alle Schrummen, Réckschléi, Erausfuerderungen an individuelle Schicksalsschléi ass Lëtzebuerg bis ewell besser duerch d’Kris komm ewéi erwaart.

Fir 2020 wäert de Staatsdefizit nëmmen hallef esou héich sinn ewéi am Ufank gefaart.

Zënter Januar stelle mer eng positiv Entwécklung bei de Staatsrecetten an eng Stabiliséierung vun den Depensë fest.

De positiven Trend vun den éischten zwee Méint vun dësem Joer schéngt sech weider z’entwéckelen. De Wee a Richtung Erhuelung vun de Staatsfinanze geet also weider.

Nach ass d’Kris awer net eriwwer. Et gëtt also nach kee Grond fir ze jubiléieren.

An dach kann ee bei dësem éischten Tëschebilan soen, datt d’Regierung wärend der Kris déi richteg Entscheedunge getraff huet, an datt de Resistenz-Test vun eiser Ekonomie positiv ausgefall ass.

De Krisemangement huet ouni Zweiwel dozou bäigedroen, datt mir zu deene Länner an der EU gehéieren, déi de klengsten ekonomesche Schued am Joer 2020 hu missen astiechen.

Déi virsiichteg an zukunftsorientéiert Budgetspolitik, déi an de leschte Jore vum Finanzminister Pierre Gramegna bedriwwe ginn ass, huet eis an eng confortabel finanziell Ausgangspositioun gesat: Dat huet gehollef fir dës onerwaarte Kris besser ze meeschteren.

Lëtzebuerg konnt där Erausfuerderung also mat dem néidege Sputt entgéinttrieden, andeems d’Land 11 Milliarden Euro fir de Stabiliséierungs- a Relanceplang mobiliséiert huet.

De Leit, de Betriber an och den Independanten hëllefen – genee dat war d’Zil vun de Moossnaamen aus dësem Plang.

Duerch d’Brutto-Ausbezuelunge vum Chômage partiel an Héichtvun iwwert 1 Milliard Euro konnt an éischter Linn verhënnert ginn, datt et zu enger stënterlecher an unhalender Hausse vun der Aarbechtslosegkeet kéim.

No engem däitleche Wuesstem am Abrëll 2020 ass de Chômagetaux elo am Mäerz op den Taux vun zejoert zeréckgefall, also wäit ënnert déi 7,2%, déi nach d’lescht Joer gefaart gi sinn.

Mir wäerten awer eréischt um Enn vum Joer wëssen, wou d’Rees leschten Enns higeet.

Ma den Ament geet et biergop. An déi ekonomesch Indicateure stëmmen eis zouversiichtlech.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...