Europa

Europa- an Aussepolitik

Europa- an Aussepolitik: Lëtzebuerg als Partner an der EU an an der Welt, op deen ee sech ka verloossen

Déi weltwäit Krisen a Menacë ginn ëmmer méi komplex. Den Zesummenhalt vun de Staaten op internationalem Niveau gëtt dofir ëmmer méi wichteg. Als Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun, der NATO, der OECD an dem Conseil de l’Europe ass Lëtzebuerg en Deel vun enger grousser Staategemeinschaft, déi sech als Zil gesat huet, fir d‘Zesummenaarbecht an de Fridden an der Welt héichzehalen an och a Krisenzäiten zesummen ze stoen. Dat ass net fir all Land selbstverständlech. Vereenzelt gi Krisen, ewéi d’Covid-Pandemie, de Krich an der Ukrain oder d’Flüchtlingskris fir populistesch an nationalistesch Zwecker mëssbraucht. Déi lescht Joren hunn awer ëmmer erëm gewisen, dass grad a méi schwieregen Zäiten de Multilateralismus eis méi bréngt, ewéi, wa jidder Land just no eegenen Interessien handelt. Besonnesch méi kleng Staaten, ewéi Lëtzebuerg, kënnen d’Erausfuerderunge vun der Zukunft am beschte meeschteren, wann si an enger Unioun fonctionéieren.

D’DP ënnerstëtzt déi europäesch Integratioun. Lëtzebuerg huet sech vun Ufank un dem Europäesche Projet verschriwwen. Fir d’DP ass et evident, dass Mënscherechter an d’Rechtsstaatlechkeet musse respektéiert a verdeedegt ginn. Nationalistesch Tendenzen a méi oder wéineger latent a protektionistesch Beweegunge schwächen de Rechtsstaat. D’DP steet fir eng europäesch Politik, bei där rechtsstaatlech Prinzippien a Mënscherechter garantéiert bleiwen. Konkret fuerdert d’DP, dass de Mechanismus vun der Rechtsstaatlechkeet op EU-Niveau gestäerkt gëtt.

Fridden, Fräiheet an Demokratie: Dat si Wäerter, déi déif am Häerz vu Lëtzebuerg verwuerzelt sinn. Fir d’DP mussen d’Mënscherechter an den État de droit garantéiert a verdeedegt ginn. Nationalistesch Téin oder méi oder manner latent, populistesch a protektionistesch Tendenzen ënnerhillegen de Rechtsstaat. D’DP steet fir eng europäesch Politik, an däer d’Prinzippie vum Rechtsstaat a vun de Mënscherechter musse garantéiert bleiwen. D’DP fuerdert konkret, datt de Mechanismus vum Rechtsstaat op EU-Niveau konsequent gestäerkt gëtt.

De Succès vum Lëtzebuerger Modell hu mir zum gréissten Deel dem europäesche Bannemaart ze verdanken. D’Pandemie an och de Krich an der Ukrain hu gewisen, dass d’EU zu engem groussen Deel och vum Ausland ofhängeg ass. Et ass net méiglech, den europäesche Bannemaart an enger globaliséierter Welt onofhängeg ze gestalten. D’DP ënnerstëtzt bewosst Initiativen, fir déi europäesch Ekonomie a besonnesch eis Energieversuergung méi autonom vun Drëttstaten ze gestalten.

D’Vertriedunge vu Lëtzebuerg am Ausland sollen der Gréisst vun eisem Land entspriechen a gemeinsam Wäerter an national Interessie vertrieden. Wann néideg ass d’DP d’accord, fir Handelsbüroen an Ambassaden ëmzewandelen an och fir zousätzlech Ambassaden opzemaachen. Op bilateralem Niveau mussen Handelsbezéiungen an eise Reseau vun Duebelbesteierungsofkommes ausgebaut ginn.

Och nom Brexit bleift et wichteg, dass mer stabel a produktiv Relatioune mat Groussbritannien hunn. D’DP engagéiert sech, fir dëst am Kader vun enger gesamteuropäescher Politik ze garantéieren. De Brexit-Accord muss vu béide Säite strikt respektéiert ginn. Grad mat Vue op d’Regulatioun vun eisem Finanzsecteur ass en zolidd Fundament decisiv.

Generell ass et wichteg, dass d’Europäesch Unioun an der Aussepolitik eenheetlech Positioune vertrëtt. Nëmme geschlosse kann d’Gemeinschaft op internationalem Niveau fir hir Interessen an Wäerter astoen. D’DP verflicht sech, dass Lëtzebuerg seng Roll an der Europäescher Aussen- a Sécherheetspolitik mat grousser Seriösitéit erfëllt.

De russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain huet déi europäesch Sécherheetsarchitektur destabiliséiert an eis gewisen, wéi ofhängeg Europa vun eisem Bündnispartner USA ass, an och wéi néideg et ass, dass mer eng kohärent europäesch Sécherheetspolitik hunn. D’Demokratesch Partei setzt sech dofir an, dass d’Interoperabilitéit vun den Arméien an der EU, mee och mat Drëttstaten, verbessert an ausgebaut gëtt. D’DP ass och oppen, fir d’Schafe vun enger Europäescher Arméi. Fir den Ausbau vun der Europäescher Sécherheets- a Verdeedegungspolitik weider ze fërderen, sollen d’Investitiounen an der Defense weidergeféiert ginn. Grenzkonflikter, Cyberattacken an den internationalen Terrorissem fuerderen och an Zukunft eis Opmierksamkeet. Lëtzebuerg soll seng Contributioun zu der NATO bis 2030 op ee Prozent vum PIB an d’Luucht setzen. Déi Responsabel fir d’Verbriechen am Krich an der Ukrain musse sech virun engem internationale Geriicht veräntwerten. Laangfristeg soll Russland aus der internationaler Staategemeinschaft ausgeschloss ginn.

D’DP steet zu de Critère vu Kopehagen: Institutionell Stabilitéit, Demokratie a Rechtsstaatlechkeet si Grondviraussetzunge fir de Bäitrëtt vun engem Drëttstaat an d’Europäesch Unioun. Duerch de Krich an der Ukrain ass d’Iddi entstanen, fir Staaten a Bäitrëttskandidaten an e puer Etappen un d’Europäesch Unioun erunzeféieren ouni, dass dat heescht direkt Member mussen oder kënnen ze ginn. D’DP begréisst deen Usaz an ënnersträicht, dass Bäitrëttsgespréicher nëmmen da sollen ugefaange ginn, wann och seriös Efforten an erreechbar Resultater vu Säite vun engem Bäitrëttskandidat virleien. Mir ënnerstëtzen d’Demanden op Bäitrëtt vu Länner, ewéi Kosovo, Nordmazedonien an der Ukrain. Aus geopolitescher Vue ass en EU-Bäitrëtt vu Moldawien net auszeschléissen, och wann dëst Land nach Reformen am Beräich vun der Rechtsstaatlechkeet muss ëmsetzen. Fir d’éischt soll iwwerpréift ginn a wéi wäit d’EU prett ass, fir weider Memberen opzehuelen an Verbesserunge sollen an d’A gefaasst gin. Eng Europäesch Unioun, déi politesch gutt fonctionéiert ass eng Grondviraussetzung fir eng méi enk Zesummenaarbecht op militäreschem Niveau.

Fir handlungsfäeg ze bleiwen, mussen d’Entscheedungsprozesser bannent der Europäescher Unioun ugepasst ginn, ouni dobäi de Prinzip vun der Subsidiaritéit a Fro ze stellen. Mam Lëtzebuerger Bäitrëtt an déi nei EU-Koalitioun Grupp vu Frënn ass eng éischt Initiativ geholl ginn, fir d’Decisiounsprozesser an der EU ze vereinfachen. D’Biergerbedeelegung soll op europäeschem Niveau gestäerkt ginn, fir d’Mënschen och an Zukunft méi an d’Politik mat anzebezéien. Den Europadag vum 9. Mee, deen als Feierdag zu Lëtzebuerg festgehale ginn ass, soll eng Geleeënheet sinn, fir déi europäesch Geschicht ze beliichten. Do dernieft muss d’Fro vun der europäescher Integratioun an eise Schoulen nach méi déifgräifend thematiséiert ginn. D’Konklusioune vun der Konferenz iwwer d’Zukunft vun Europa sollen esou séier, wéi méiglech ëmgesat ginn.

D’DP wëll keng Festung aus Europa maachen. Mir musse solidaresch si mat de Mënschen, déi forcéiert sinn hier Heemecht ze verloossen (wéinst Krich, Diskriminatioun oder Haass). D‘Demanden op Protektioun sollen effikass traitéiert ginn. De Regruppement vu Famillje muss esou organiséiert ginn, dass eng Integratioun méiglech ass. De System vun Dublin soll iwwerschafft ginn an Expulsioune mussen aus novollzéibare Grënn decidéiert an erkläert ginn. Eng gerecht Ëmverdeelung vu Refugiéen a Mënschen, déi eng Protektioun froen soll d’Basis si vun enger effikasser an equilibréierter Migratiounspolitik. Am Respekt vun engem gerechte Verdeelungsschlëssel muss all EU-Land bereet sinn, fir Flüchtlingen an d’Demandeurs d’Asile opzehuelen.

D’Aktivitéite vu FRONTEX mussen an Zukunft méi schaarf kontrolléiert ginn an eng kritesch Analys mam Fokus op Rechtméissegkeet muss duerchgefouert ginn. D’EU-Agence muss beim Iwwerwaache vun den EU-Baussegrenzen eng méi staark Roll spillen.

Kooperatioun an Zesummenaarbecht kënnen nëmme glécken, wann e Partnerland net méi op international Ënnerstëtzung ugewisen ass. Zil ass et, d’Sécherheet vun de Mënschen an eise Partnerlänner ze garantéieren, d’Ekonomie an déi sozial Gerechtegkeet ze stäerken. D’DP ass fir e fairen Handel a gläichberechtegt Relatioune mat de Partnerlänner. Mir halen um Prinzip fest, dass ee Prozent vun eisem RNB an déi ëffentlech Entwécklungshëllef (inklusiv humanitär Hëllef) soll investéiert ginn. Nei Zillänner fir eis Kooperatioun sinn net ausgeschloss, woubäi d’Prioritéit um afrikanesche Kontinent soll leien. Géintiwwer aktuellen Zillänner, wou elementar rechtsstaatlech Prinzippie violéiert ginn, muss een an Zukunft méi streng Reegelen applizéieren.

Cf. Kapitel Finanzplaz

D’Anhale vun de Mënscherechter huet fir d’DP iewescht Prioritéit. Méi strukturschwaach Länner dierfen net zu Gonschte vun anere Länner exploitéiert ginn. Doriwwer eraus, engagéiert d’DP sech fir eng nohalteg Produktioun. An deem Sënn ënnerstëtze mir d’Propositioun vun der Europäescher Kommissioun fir e Liwwerkettegesetz, fir dass Sozial- an Nohaltegkeetsstandarden agehale ginn. Dobäi dierf ee net aus den Ae verléieren, dass déi gréisste Laascht beim Ëmsetze vun deem Liwwerkettegesetz bei den Entreprisë läit. Well hei nei administrativ Prozeduren net auszeschléisse sinn, muss op d’Proportionalitéit opgepasst ginn. Do dernieft fuerdert d’DP am Kader vun enger Simplification administrative, dass Entreprisen do entlaascht ginn, wou den administrativen Opwand net zu engem Zil féiert.

International Organisatiounen, wéi d’UNO, den Internationale Wärungsfong, d’Weltbank an d’Weltgesondheetsorganisatioun (OMS) si verlässlech Instanzen, fir séier kënnen zesummen op international Erausfuerderungen ze reagéieren. D’DP ass fest dervun iwwerzeegt, dass mer eisen Engagement op deem Niveau musse weiderféieren. Mir sinn och oppe fir Propositiounen, wat Reforme vun dësen Institutioune betrëfft, besonnesch mat Bléck op d’Entwécklungsziler vun der Vereenten Natiounen. Dës 17 konkret Ziler sollen de globale Fortschrëtt nohalteg gestalten an de Mënsche virun allem aus der Aarmut an der Hongersnout eraushëllefen.

Transparenz, effikass Prozesser an eng Kooperatioun ouni Barrièrë sinn essentiel fir eng gutt juristesch Zesummenaarbecht an Europa. Gemeinsam Equippe vun Enquêteuren, ewéi och de nei geschaaftenen europäesche Parquet maachen eng effikass a grenziwwerschreidend Ermëttlungsaarbecht méiglech. Fir e besseren Echange vun Informatiounen ze garantéieren, setzt d’DP sech fir d’Schafe vun enger europäescher Sécherheetsagence an. Wichteg ass et och, dass all Prozeduren tëscht Partnerstaaten kloer a kohärent sinn. Doriwwer eraus solle kloer Reegele bestëmmen, wéi en Urteel vun engem Land an engem anere Memberstaat applizéiert soll ginn.

D’DP ënnerstëtzt d’Efforten am Nation Branding, fir Lëtzebuerg e positiven Image ze ginn an d’Attraktivitéit vun eisem Land fir auslännesch Partner ze fërderen. Dëst soll Lëtzebuerg erméiglechen, fir och an Zukunft Investitiounen, Entreprisen an Touristen unzezéien. Nation Branding ass net nëmme vu Virdeel fir d‘Ekonomie, mee ënnerstëtzt och d’Relatioune mat Länner innerhalb an ausserhalb vun Europa.

Duerch Programmer, ewéi Erasmus+ gi jonk Mënschen an Europa akademesch a berufflech gefërdert. Den Europäesche Programm ALMA (Aim, learn, Master, Achieve) vun der EU-Kommissioun erméiglecht et, dass jonk Leit, déi keng Aarbecht hunn, fir zwee bis sechs Méint Erfarungen am EU-Ausland kënne sammelen. D’DP ënnerstëtzt dësen an änlech Projeten, déi de kulturellen Echange erweideren an de Succès vun den nächste Generatioune sécheren.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp