Famill

Familljepolitik: Fir e bessert Zusummeliewen

D’DP steet fir eng zäitgeméiss Familljepolitik, déi d’Wuelbefanne vun de Kanner a vun den Elteren an de Mëttelpunkt stellt. Ënnert dem Impuls vun der DP ass d’Familljepolitik an de leschte Legislaturperioden déifgräifend moderniséiert ginn. Dank der Flexibiliséierung an enger besserer Ënnerstëtzung vum Congé parental an enger Opwäertung vum Pappecongé vun zwee op 10 Deeg, hu mir et den zwee Elterendeeler méiglech gemaach, méi eng staark Roll am gemeinsame Familljeliewen ze spillen. D’Famillje kruute méi Zäit matenaner a fir d’Relatioun mat hire Kanner ze stäerken. Duerch d’Indexéierung vum Kannergeld, der Aféierung vun der gratis Maison relais an dem gratis Accès zum Museksunterrecht sinn d’Familljen och finanziell entlaascht ginn. Duerch d’Aféierung vum REVIS (Revenu d’inclusion sociale) ass besonnesch d’Aarmut vun de Kanner an Elengerzéiende bekämpft ginn.

De Faktor Zäit steet weider am Mëttelpunkt vun eiser Politik. Mir wëllen, datt d’Elteren hir Familljenzäit an hir Aarbecht nach méi flexibel an no hir Besoinen andeele kënnen. Mir wäerten dofir weider konkret Moossnaamen ergräifen, fir d’Vereenbarkeet vu Famill a Beruff ze verbesseren.

Fir d’DP soll all Mënsch an all Ofschnëtt vu sengem Liewe kënne fräi doriwwer decidéieren, wou a wéi hie liewe wëll. Dat betrëfft besonnesch eis Senioren. Ënnert der DP ass do eng déifgräifend Reform gemaach ginn, déi d’Qualitéit vun de Servicer fir eeler Matmënschen op de Wee bruecht huet. Si stäerkt d’Rechter vun eelere Mënschen a séchert eng héich Qualitéit vun de Servicer, déi si z.B. an den Alters- oder Fleegeheemer an Usproch huelen.

Déi Reform féiert endlech och zu méi Transparenz, wat d’Präisser, d’Servicer an hir Qualitéit betreffen. D’DP wëll zousätzlech dofir suergen, datt sech all Mënsch – onofhängeg vu senge Moyenen – kann en Zëmmer an engem Alters- oder Fleegeheem leeschten. Dofir ass déi dréngend noutwendeg Reform vum sougenannten Accueil gérontologique op den Instanzewee bruecht ginn. Si wäert de bedürftege Mënsche méi Mëttel stellen, fir grondleeënd Besoine finanziell ofzedecken an eng Zort Täschegeld garantéieren, dat eng aktiv Partizipatioun um gesellschaftleche Liewe méiglech mécht.

Dank den Efforte vun der DP ass d’Kapazitéit vun de Better am Senioreberäich däitlech an d’Luucht gaangen. Den Ament gëtt et zu Lëtzebuerg iwwer 6.600 Better an 53 Ariichtungen. Fir déi nächst Jore si weider Better geplangt. D’DP garantéiert, datt och an Zukunft genuch Bette zu Verfügung stinn an eeler Mënsche kënnen e selbstbestëmmt Liewe féieren.

Mam neie Gesetz iwwer d’Accessibilitéit vum ëffentleche Raum, vu Stroossen a Wunngebaier hu mir e bedeitende Bäitrag fir d’Autonomie vu Mënsche mat enger Behënnerung geleescht. An Zukunft mussen all ëffentlech genotzte Plazen, och Gemeinschaftsraim vu private Wunnengen, barrière-fräi sinn. Mir stäerken doduerjer déi fräi Beweeglechkeet an d’Selbstbestëmmung vu Persoune mat enger Behënnerung. Och d’Accessibilitéit vu verschiddene Produkter a Servicer hu mir mat der Ëmsetzung vun enger EU-Direktiv verbessert. D’Schafe vun engem Conseil fir Barrière-Fräiheet fërdert ausserdeem déi aktiv Prise en compte vun de Betraffenen.

Nieft der Barrière-Fräiheet ass et eis och wichteg, de sozialen Zesummenhalt an de kulturellen Echange op lokalem Plang ze stäerken. Dofir huet den DP-geféierte Familljeministère am Joer 2021 de Pilotprojet Pakt vum Zesummeliewe geschaf, un deem antëscht iwwer 30 Gemengen deelhuelen. Duerch dëse Projet gëtt d’Integratioun vun neie Matbierger, dat friddlecht Zesummeliewen an der Gemeng an déi aktiv Integratioun vun all de Bierger gestäerkt. De Piloprojet wäert duerch dat kommend Gesetz iwwer dat interkulturellt Zesummeliewen ersat an ausgebaut ginn.

D’Lutte géint d’Aarmut a sozial Ausgrenzung as e weidere Schwéierpunkt fir d’DP. An der aktueller Legislaturperiod hu mir vill Mesuren ergraff, fir d’Mënsche mat klengem Akommes geziilt z’ënnerstëtzen. Eist zentraalt Uleies war et dobäi, d’Solidaritéit zum Leitmotiv ze maachen. Duerch déi reegelméisseg Upassung vum Mindestloun a vum REVIS un d’Loun- a Präisentwécklung, d’Aféierung vun der Energieprimm an d’Opwäertung vun der Deirechtszoulag (Allocation de vie chère) konnten d’Repercutioune vun der Energiekris fir déi akommesschwaach Stéit ofgefierdert ginn. Fir de schwächste Membere vun eiser Gesellschaft an Zukunft eng nach besser Ënnerstëtzung ze garantéieren, huet d’Regierung d’Personal an de Sozialämter ëm d’Halschent erhéicht.

Famill

D’Reform vum Congé parental ass en enorme Succès. D’Flexiliséierung an déi ugemiesse finanziell Ënnerstëtzung hu mat sech bruecht, datt däitlech méi Famillje vum Congé parental profitéieren. Besonnesch erfreelech ass de grousse Sprong vun der Bedeelegung vun de Pappen. Dat féiert dozou, datt all d’Elterendeeler eng méi staark Roll am Familljeliewen iwwerhuele konnten an d’Relatioun mat de Kanner gestäerkt ginn ass. D’DP wëll och an Zukunft d’Entscheedungsfräiheet vun den Eltere stäerken an déi gesetzlech Bestëmmungen iwwert de Congé parental – wann néideg – nach besser un déi individuell Besoine vum Familljeliewen upassen.

Doriwwer eraus wäerte mir eis fir den Ausbau vum Congé parental asetzen. Zesumme mat de Sozialpartner wëlle mir u Léisunge schaffen, fir de Congé parental ëm bis zu dräi Méint ze verlängeren.

D’DP wëll mat de Sozialpartner en zäitlech begrenzt Recht op Deelzäit fir all Elteren aushandelen, déi Kanner ënner 13 Joer hunn. Mir wäerten dobäi préiwen, a wéi engem Mooss déi Period kann am Kader vun der Renteversecherung finanziell ausgeglach ginn.

D’Konditioune vu Fraen, dei e Kand erwaarden, kënne staark variéieren. Fir den ënnerschiddleche Bedürfnisser vun de Mamme gerecht ze ginn, wëll mir de Fraen d’Fräiheet ginn, de Congé de maternité entspriechend hire perséinlechen Ëmstänn – an am Accord mat hirem Dokter an hirem Employeur – fir bis zu sechs Woche flexibel ze gestalten

Fir d’Relatioun tëschent dem Neigebuerenen an dem Papp nach méi ze stäerken, wëll d’DP de Pappecongé vun 10 op 15 Deeg bei vollem Lounausgläich verlängeren. Dat gëtt gréisstendeels vum Staat iwwerholl. Déi fënnef zousätzlech Congésdeeg solle kënne flexibel am Accord mam Employeur, bannent den dräi Méint no der Gebuert oder der Adoptioun, geholl ginn. Natierlech sollen och gläichgeschlechtlech Koppelen dëse Congé kréien.

Am Kader vun der EU-Direktiv 2019/1158 ass d’Recht op Congé fir Leit, déi Familljemembere fleegen op fënnef Aarbechtsdeeg d’Joer fixéiert. D’DP wëll dat Recht, dat den Ament op Persounen aus dem nämmlechte Stot beschränkt ass, a bestëmmte Fäll ausbauen. Besonnesch Stéit, an deene beispillsweis eng oder méi Persoune mat enger Behënnerung oder elengerzéiend Mënsche liewen, kënne net voll vun dëser gutt gemengter Mesure profitéiern. Dofir wëll d’DP dat Recht op Congé – ënner verschidde Konditiounen – op Persoune baussent dem Stot ausbauen, wa si vun de Betraffenen dozou ermächtegt ginn.

D’DP wäert d’Kannergeld och an Zukunft reegelméisseg un den Index upassen. Doriwwer eraus wäert d’DP geziilt Moossnaamen ergräifen, fir déi mat Kanner verbonne Käschte fir d’Elteren ofzefiederen. Wéi eng vum Familljeministère lancéiert Etude vum STATEC gewisen huet, besteet eng Finanzéierungslück bei Kanner iwwer 12 Joer. Dofir wäert d’DP d’Kannergeldleeschtunge fir déi Altersgrupp erhéijen.

Déi klassesch Famill huet sech weiderentwéckelt an iwwert déi lescht Joerzéngten hu sech verschidde Familljeformen etabléiert. D’Adoptiounsgesetz soll dem Gesellschaftsbild vun haut entspriechen. Duerch en zäitgeméisst Gesetz an d’Erliichterung vun Adoptioune fir net-bestuete Koppelen an Eenzelpersounen, sollen d’Ongläichheeten ofgeschaf an d’Wuel vun de Kanner an de Mëttelpunkt gestallt ginn.

Lesbesch Koppele mussen den Ament eng laangwiereg Adoptiounsprozedur op sech huelen, fir datt d’Mamm dat gemeinsaamt Kand adoptéiere kann. Déi Prozedur fänkt eréischt fréistens dräi Méint no der Gebuert vum Kand un. Schwul Koppele ënnerleie beim enger Auslandsgebuert den nämmlechte Konditiounen. Fir d’Ongläichheet bei der Behandlung tëschent hetero- an homosexuelle Koppelen opzehiewen, setzt d’DP sech fir eng automatesch Unerkennung vu gläichgeschlechtlechen Elterendeeler an.

Senioreberäich

D’DP setzt sech dofir an, datt d’Qualitéit vun de Servicer fir eeler Matmënschen – z.B. an Alters- a Fleegeheemer oder bei mobile Fleegedéngschter, Foyers du jour, Iessen op Rieder, Telealarm etc. – geséchert a kontrolléiert gëtt. Den déposéierte Gesetzprojet Nr 7524 definéiert ganz héich Qualitéitsstandarden, schaaft eng Transparenz vun de Präisser a stäerkt d’Rechter vun de Seniore géintiwwer de Prestatairen. D’Recht op Reklamatioun gëtt verbessert, et ginn Ethik-Conseilen agesat, an e permanente Conseil, fir d’Qualitéit ze sécheren a weider auszebauen. Mir wäerten déi Gesetzer an de kommende Jore konsequent ëmsetzen an nach dräi Joer laang op hir Efficacitéit iwwerpréiwen. Domadder wëlle mir garantéieren, datt d’Strukturen déi objektiv Qualitéitscritèrë fir héichwäerteg Servicer erfëllen.

D’DP wäert dofir suergen, datt sech och an Zukunft all Mënsch kann en Zëmmer an engem Alters- oder Fleegeheem leeschten. Dofir hu mir kierzlech e Gesetz an der Chamber déposéiert, dat déi aktuell Montante vum sougenannten Accueil gérontologique däitlech verbessert, dat sougenannt Täschgeld opwäert, an eng zousätzlech finanziell Ënnerstëtzung aféiert, déi d’Käschte fir hygienesch Basisartikelen, Hand- a Bueddicher, d’Kleederbotz an den Accès zur Telekommunikatioun ofdeckt. D’DP wäert dat Gesetz séier ëmsetzen.

Doriwwer eraus versprécht sech d’DP duerch dat neit Qualitéitsgesetz iwwer d’Präistransparenz méi eng grouss Stabilitéit vun de Präisser an den Alters- a Fleegeheemer.

D’Servicer vun der Fleegversécherung gëllen eréischt ab engem Fleegebesoin vun 3,5 Stonnen d’Woch a enger probabler Fleegedauer vu méi ewéi sechs Méint. Doriwwer eraus gi verschidde Servicer – z.B. d’Käschte vun der Preparatioun vu Medikamenter – net vun der Fleegeversécherung iwwerholl. Déi Käschte ginn den Ament vun de Seniore selwer iwwerholl. D’DP wäert dofir de Leeschtungskatalog vun der Fleegeversécherung iwwerpréiwen, fir nei Modeller auszeschaffen an eventuell unzepassen.

D’DP huet sech dofir agesat, datt déi medezinesch Versuergung an den Alters- a Fleegeheemer och d’Nuecht, d’Feierdeeg an de Weekend iwwer garantéiert gëtt. D’DP wäert déi Konventioun mat den Dokteren och an Zukunft weiderféieren.

Fir d’Qualitéit vun der Betreiung ze verbesseren, wëll d’DP méi vun de neien Technologien an den Alters- a Fleegeheemer profitéieren. Dozou gehéieren digital Léisungen, fir d’Kontroll vun der Gesondheet, Telemedezin an Telefleeg an den Asaz vun der Robotik. Mir hoffen domadder, d’Selbststännegkeet an d’Wuelbefanne vun de Senioren ze fërderen a gläichzäiteg d’Fleegepersonal z’enlaaschten. Weider kënnen domadder an Zukunft onnéideg, opwendeg a belaaschtend Transferten an d’Spideeler evitéiert ginn, wat d’Liewensqualitéit vun de Bewunner verbessert.

Besonnesch eeler Leit hu Problemer, wa se no engem Sejour am Spidol erëm heem kommen, well hiert Haus, hir Wunneng oder dat familliäert Ëmfeld den neie Konditiounen net ka gerecht ginn (ageschränkte Mobilitéit, spezifesch medezinesch Versuergung). D’DP wëll dofir Strukture fir Mënsche schafen, déi no engem medezineschen Agrëff eng gewëssen Zäit musse versuergt ginn. Dat entlaascht d’Spideeler a bitt de Mënschen eng héichwäerteg Fleeg an engem sécheren a betreiten Ëmfeld.

An dëser Legislatur hu mir nei Ausbildungsméiglechkeete fir d’Santés- a fir d’Fleegepersonal geschaf – dorënner véier Bachelor-Fillièren a spezialiséiert Fleegewëssenschaften. Fir d’Attraktivitéit vun dëse Beruffer ze verbesseren, gi weider Verbindungen tëschent de Bildungsofferen geschaf a séchergestallt, fir datt d’Studente sech vun engem Bildungsniveau op deen nächste weiderbilde kënnen. Weider wäerte mir d’Aufgabeverdeelung tëschent den Dokteren, den Infirmiers/Infirmièren an den Hëllefsfachkräften analyséieren an iwwerpréiwen, fir och manner qualifizéiertem Personal méi Responsabilitéit kënnen ze ginn. Mir wëllen och d’Léin an d’Aarbechtskonditioune weider verbesseren.

Fir d’Fleeger op spezifesch Erausfuerderungen am Ëmgang mat eelere Leit ze preparéieren, wäert d’DP speziell Zousazausbildunge fir een Deel vum Fleegepersonal obligatoresch maachen. Dat gëllt besonnesch fir den Ëmgang mat Demenzkranken oder mat Leit, déi eng Stierfbegleedung brauchen. Doriwwer eraus wäerte mir Formatiounen ubidden a Leit spezifesch hëllefen, déi Familljememberen doheem fleegen.

D’DP wäert och an Zukunft de Bau an d’Moderniséierung vun Alters- a Fleegeheemer finanziell ënnerstëtzen. Nei Wunn- a Liewenskonzepter ginn dobäi genee esou consideréiert, ewéi Mënschen, deenen hiert eegen Haus ze grouss ginn ass, déi awer nach net prett sinn, fir an en Alters- oder Fleegeheem ze goen. Mir ënnerstëtzen dofir Projeten, déi den eelere Matbierger e séchert an ofwiesslungsräicht Ëmfeld bidden, wou si en einfachen Accès zu Dokteren a Fleegedéngschter hunn oder aner nouwendeg Servicer disponibel sinn.

D’Alters- a Fleegeheemer, déi sougenannte Clubs Seniors an d’Fräiwëllegendéngschter solle Mënschen – ob al oder jonk – zesummebréngen an hiren Bäitrag géint eng sozial Isolatioun a fir eng inklusiv Gesellschaft leeschten. Mir wëllen d’Aktivitéite vun de Clubs Seniors ausbauen an a fënnef Joer all d’Gemengen domadder ofdecken. Mir wäerten Initiative fir een intergenerationellt Wunnen a fir intergenerationell Aktivitéite fërderen.

Mir wäerten d’Informatiounsoffer fir eeler Mënsche verbesseren, andeem mir déi sëllegen Offeren an Initiativen op der Internetsäit LuxSenior regroupéieren a liicht accessibel maachen. Doriwwer eraus wäert d’DP Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagnë maachen a Fortbildungscoursen offréieren, fir den eelere Mënschen – oder Leit aus hirem direktem Entourage – déi noutwendeg Hëllef ze bidden, déi se an hirer Situatioun brauchen. Dat betrëfft och den Iwwergang vum aktive Beruffsliewen an d’Pensioun. Weider wäert d’DP d’Partner supportéieren, déi di eeler Mënsche weiderbilden an de Fräiwëllegendéngscht vun eelere Leit fërderen.

Inklusioun

Den 30. Mäerz 2007 huet Lëtzebuerg d’UN-Behënnertekonventioun signéiert. Dat ass déi éischt international Konventioun, déi spezifesch d’Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung reegelt. Op däer Basis ass fir d’Period vun 2019 bis 2024 en nationalen Aktiounsplang fir Mënsche mat enger Behënnerung opgestallt ginn, dee mir konsequent ëmsetzen a mat de Concernéierten evaluéiere wäerten. Wéi et am Virwuert heescht, ass d’Zil vun deem Aktiounsplang, d’Ausschaffe vun engem breede Spektrum u Léisungen, déi et all de Mënschen erlaaben, an enger inklusiver an oppener Gesellschaft ze liewen, déi hir Stäerkten aus hirer Villfalt zitt. Mir wäerten d’Ziiler aus deem Aktiounsplang konsequent ëmsetzen. Dobäi geet et ëm Bewosstseinsbildung, gläich Unerkennung virun der Justiz, eng fräi Liewensféierung an d’Abezéiung an d’Gesellschaft, d’Recht op eng fräi Meeenung, d’Meenungsfräiheet an den Zougang zu Informatiounen, Bildung, Gesondheet, Aarbecht, Beschäftegung an d’Participatioun um politeschen an ëffentleche Liewen.

D’Barrièrefräiheet ass e fundamentaalt Element fir den Accès vu Mënsche mat enger Behënnerung um sozialen a beruffleche Liewen. D’Gesetz vum 7. Januar 2022 iwwer d’Accessibilitéit vun ëffentlech zougängleche Plazen, ëffentleche Stroossen a Méifamilljenhaiser ass e grousse Schrack am Beräich vun der Barrièrefräiheet. Mir wäerten dat Gesetz konsequent ëmsetzen a wann neideg ausbauen. An enger éischer Phas si finanziell Hëllefe virgesinn an dono héich Strofen, fir datt déi ëffentlech Plazen barrièrefräi ausgeluecht oder wa méiglech ëmgebaut ginn.

Mir wëllen, datt Mënschen ënner Tutelle bei hiren Decisiounen an Aktivitéiten ënnerstëtzt ginn, amplaz dass an hirer Plaz decidéiert a gehandelt gëtt. Dofir wëlle mir de legale Kader iwwert d’Protektioun vun Erwuessener ënner Tutelle iwwerschaffen an d’Rechter vu behënnerte Mënsche stäerken.

Fir datt alleguerten d’Mënsche gläichberechtegt a selbstbestëmmt um gesellschaftlechen, kulturellen a politesche Liewen deelhuele kënnen, musse si Zougang zu Informatiounen an enger verständlecher Manéier hunn. Fir Mënsche mat wéineg Sproochekenntnisser oder kognitiven Aschränkunge sinn Noriichten allerdéngs nach ëmmer zimlech onverständlech. Dofir wëlle mir an Zukunft eng Emissioun d’Woch op der Televisioun mat den neisten Nouvellen an einfacher Sprache an a Gebärdesprooch organiséieren. Déi Sendung soll duerch eng Internetsäit an einfacher Sprache ergänzt an och op de soziale Medie publizéiert ginn.

De Ministère fir Famill an Integratioun huet kierzlech e Guichet unique fir eng barrièrefräi Kommunikatioun geschaf, deen den Ament opgebaut gëtt. Mir wëllen déi Struktur als zentral Ulafstell fir d’Vermëttlung vu Gebärdesprooch-Dolmetscher, d’Formatioun an de Support vun Employeuren a fir d’Sensibiliséierung vun der barrièrefräier Kommunikatioun etabléieren.

D’DP huet an de leschte Joren déi ëffentlech, staatlech Kommunikatioun fir Mënsche mat enger Behënnerung däitlech verbessert. Trotzdeem ass d’Resultat nach verbesserungsfäeg. Dofir wäerte mir déi Kommunikatioun verbesseren a weider ausbauen, esou datt alleguerten d’Mënschen e fräien Zougang zu ëffentlechen Informatiounen hunn.

D’DP huet vill dozou bäigedroen, datt d’Gebäerdesprooch offiziell zu Lëtzebuerg unerkannt ginn ass. Trotzdeem muss hei am Land dacks op Dolmetscher aus dem Ausland zeréckgegraff ginn, well mir net genuch Spezialisten hunn. Dofir wëlle mir méi Ausbildungsofferen ubidden an d’Attraktivitéit vum Beruff stäerken. Esou kënne mir de Pool vun Gebäerdesprooch-Dolmetscher zu Lëtzebuerg vergréisseren. Och d’Fleegekräften an d’Enseignante wëlle mir motivéieren, fir Basiskenntnisser an der Gebäerdesprooch ze léieren.

Mir wëllen ee Fräizäit-Assistent aféieren, dee Mënsche mat Behënnerung bei verschidde Fräizäitaktivitéite begleet (Sport, Sortien, Konzerten, Kino, Veräin, Fester). De Fräizäit-Assistent ënnerstëtzt bei der Preparatioun, dem Plangen an der Ëmsetzung vun esou Aktivitéiten. D’Käschte sollen tëschent dem Staat an de Persounen, déi begleet ginn, opgedeelt ginn.

Den Ament gëtt et keng kloer Definitioun am Lëtzebuerger Recht, wat ënnert dem Begrëff Handicap ze verstoen ass a wéi eng Critèrë bei der Enquête iwwert eng kierperlech oder geeschteg Behënnerung musse gëllen. Dofir wëlle mir en neie System schafen, mat deem mir déi genee Besoine vu Mënsche mat enger Behënnerung ermëttelen. Déi zentral Ulafstell soll eng komplett Analys an Evaluatioun vun de kierperlechen a mentale Beeinträchtegungen a vun de spezfische Besoine detectéieren. Déi Struktur huet de Virdeel, datt déi Mënsche sech neméi – jee nodeem, mat wéi engem Ministère se ze dinn hunn a jee nodeem, wéi en ëffentleche Service se brauchen – mussen un eng Abberzuel u spezialiséiert Dokteren riichten, ma just nach un eng eenzeg Plaz. Weider kënnen déi Leit dann einfach a séier iwwer spezifesch Offere vu Sozial- an Déngschtleeschtungen informéiert ginn.

Mënsche mat Behënnerunge solle wa méiglech selwer bestëmme kënnen, wéi eng staatlech oder privat Servicer si an Usproch huelen. Haut gëtt allerdéngs nach vill ze dacks vun uewen erof decidéiert, wéi eng Persoun wéi eng Servicer huele soll. Der UN-Behënnerte-Rechtskonventioun no, wëll d’DP net nëmmen d’Matsproochrecht, ma virun allem d’Recht op Selbstbestëmmung vun de Mënsche mat enger Behënnerung stäerken. Si sollen dofir méiglechst selwer iwwer d’Servicer an d’Déngschtleeschtungen decidéiere kënnen, déi si fir e barrièrefräit Liewe brauchen an dofir déi néideg finanziell Mëttel kréien. D’DP wëll een op Lëtzebuerg adaptéierte Budget fir eng perséinlech Assistance ausschaffen.

Mir wäerten autonoomt an hallef-autnoomt Wunne vu Leit mat enger Behënnerung weider fërderen, fir datt si e selwerbestëmmt Liewe féiere kënnen. Mir wäerten dofir suergen, datt déi eventuell noutwendeg Hëllefs- a Betreiungsservicer garantéiert ginn.

Doriwwer eraus wëlle mir inklusiivt Wunne fërderen, z.B. an engem partnerschaftleche Matenaner vu Mënsche mat enger Behënnerung a mat Studenten, ma och am Kader vun neien, groussen ëffentleche Wunnprojeten, bei deene mir an de Stad- und Duerfzentere wëlle behënnertegerecht Wunnengen a Méifamilljenhaiser fërderen.

Mir wäerten d’Gesetz vun 2023, dat de Statut vum sougenannte Salarié handicapé reegelt, grondsätzlech iwwerschaffen an un déi haiteg Besoinen upassen. Dat gëllt besonnesch fir d’Evaluatioun an d’Orientatioun vun de Betraffenen a fir d’Mindestakommes (RPGH) fir Mënsche mat enger Behënnerung.

Nieft dem Ausbau vun den Ateliers Protégés wäerte mir Mënsche mat enger Behënnerung nach méi geziilt bei der Inclusioun op den éischten Aarbechtsmaart ënnerstëtzen. Privatwirtschaftlech Acteure wëlle mir nach méi iwwer d’activité d’assistance à l’inclusion opkläeren a si esou fir de Recrutement, respektiv fir d’Weiderbeschäftegung vu Mënsche mat engem Handicap encouragéieren.

Mir wëlle weider fir eng barrièrefräi Gesellschaft sensibiliséieren an informéieren. Doriwwer eraus wëlle mir d’Stëmm vun de Mënsche mat enger Behënnerung héieren an e reegelméissegen an aktiven Echange mat hinne garantéieren.

Leit an Aaarmut an SDF

D’Gesetz iwwert de REVIS huet zum Zil, fir d’Leit op Basis vun hire Kompetenzen ze stäerken an hinnen eng Basis-Versuergung ze garantéieren. Bei der Reform ass vill Wäert dorobber geluecht ginn, de Mënschen eng Perspektiv ze bidden a si wa méiglech aktiv um Wee aus der sozialer Bedürftegkeet eraus ze stäerken an ze begleeden. Mir wäerten d’Leeschtunge weider un déi spezifesch Besoine vun de Betraffenen upassen an – de Kompetenzen no – zousätzlech Ausbildungs- a Aarbechtsméiglechkeete schafen. Mir wäerten doriwwer eraus de REVIS weider un d’Loun- an un d’Präisentwécklung upassen. Déi zäitlech begrenzten, finanziell Ënnerstëtzung, fir en Deel vun den Energiekäschten a Form vum sougenannten équivalent crédit impôt an Héicht vun 84 Euro de Mount, wäerte mir nom 31. Dezember 2024 an de REVIS-Basisbetrag abauen.

Mir wäerten d’Deirechts-Zoulag Allocation de vie chère bäibehalen a reegelméisseg un d’Präisentwécklung upassen.

D’Offer u Sozialhëllefe ka vu Gemeng zu Gemeng staark variéieren. Am Sënn vu Gläichberechtegung a Chancegläichheet, wäert d’DP d’Gesetz iwwer d’Sozialhëllef op Schwächten hin iwwerpréiwen an eventuell verbesseren. Mir wäerten mat all den Akteuren aus der Sozialhëllef iwwer méiglech uniform Critèren a Mesuren diskutéieren.

Mir wëllen d’Offices sociaux geziilt an hirer Aarbecht stäerken an den Dialog ënnerenaner fërderen, fir eng beschtméiglech Sozialhëllef uechter d’Land ze garantéieren. Nieft den traditionellen Offices sociaux an de Gemengen, wëlle mir aussserdeem en digitalen Office social aféieren. Déi Plattform soll iwwer déi verschidde Servicer informéieren.

Mir wäerten d’Offer vun Housing First-Strukture fir SDF (sans domicile fixe) op de Leescht huelen an eng nei Strategie ausschaffen, fir d’Ziler vun der Konventioun vu Lissabon z’erreechen. Bei dësem innovative Konzept steet d’Offer vun engem feste Wunnsëtz un éischter Plaz a gëtt duerch fräiwëlleg Betreiungsofferen (z.B. Hëllef bei Suchtproblemer) kompletéiert.

Doriwwer eraus wëlle mir déi klassesch Strukturen un d’Besoine vu méi spezifesche Profiller upassen, fir eng méi individuell Betreiung z’erméiglechen. Sou wäerte mir méi denzentral a méi kleng Strukturen, spezifesch fir Fraen an eeler Mënschen, opmaachen.

D’Lutte géint d’Aarmut beschränkt sech net op e klengen Deel vun eiser Gesellschaft, ma se muss vernetzt op verschidden Niveaue gefouert ginn, fir effikass ze sinn. Vill Verwaltungen offréieren haut schonn Hëllef an Ënnerstëtzung. Well déi Servicer awer onofängeg vunenaner funktionéieren, ass d’Aarbecht deels net koordinéiert a kann hiren Zweck net optimal erfëllen.

Fir d’Lutte géint d’Aarmut konkret an integral unzegoen, wëll d’DP en nationalen Aktiounsplang ausschaffen, deen eng interministeriell Kollaboratioun fërdert, effikass Hëllef an Aussiicht stellt an d’Sozialpartner mat abezitt, fir dat ganzt Potential vum Aktiounsplang auszeschöpfen.

D’Wunnengsproblematik zu Lëtzebuerg ass e reelle Problem a fir d’DP ass et kloer, datt all Gemeng sech muss engagéieren, fir dee Problem mat ze léisen. An dem Sënn wäert d’DP méi Nout- an Nuetsstrukturen mat de Gemenge schafen, de soziale Wunnengsbau an Housing First weider fërderen. Zousätzlech wäert d’DP bei groussen, effentlëche Wunnprojeten, Wunnenge fir Mënsche reservéieren an zur Dispositioun stellen.

Fir e bessert Zesummeliewen

Mir ënnerstëtzen e friddlecht Zesummeliewen vun all de Mënschen, déi hei am Land schaffen a liewen, an dobäi hir aktiv Participatioun um gesellschaftleche Liewe fërderen. Dofir gouf ënnert dem Lead vun der DP e Gesetz iwwert dat interkulturellt Zesummeliewe geschaf. D’Zil ass et, de Mënschen e breede Spektrum un Informatiounen a Formatiounen ze bidden, si zesummenzebréngen an den Echange an d’Zesummeliewen an eiser Gesellschaft ze fërderen.

Mir gesinn d’Gemengen, d’Veräiner an d’Associatiounen am Beräich vum Zesummeliewen als wichtege Partner dobäi. Mir wäerten si mat neien Instrumenter (pacte citoyen, pacte communal, commission communale) a mat Beroder am Kontext vun engem interkulturellen Zesummeliewen am Staatsdéngscht a mat engem lokalen/regionale Coordinateur an hire Beméiungen ënnerstëtzen. De Conseil supérieur ersetzt an Zukunft de Conseil national pour étrangers. D’Kompetenzen an d’Representatioun ginn domadder nei definéiert an ausgebaut.

Nët nëmmen eeler Leit, ma och Mënschen, déi sech méi a méi isoléieren (aus Schimmt, aus Angscht,…) an och ëmmer méi jonk Leit leiden ënnert dem Eléngsinn. Mir wëllen dat Thema vun der Solitude op engem breeden Niveau a wëssenschaftlech beliichten. Mir wäerten eng Strategie mat konkrete Mesuren zur Präventioun an zur Bekämpfung vun der Solitude opstellen a Fuerschungsprojeten doriwwer ënnerstëtzen. Mir wäerten nei Accèsen zu menacéierte Gruppe schafen an d’Servicer a Déngschter ausbauen: Ë.a. duerch perséinlech Begleet-Servicer, Hausvisitten, méi Aktivitéiten, d’Fërderung vun intergenerationelle Gemeinschaftsaktivitéiten oder duerch d’Stäerkung vum fräiwëllegen Engagement an deem Beräich.

Kierzlech ass den éischte Safe Space an der Stad ageweit ginn. Esou Plaze solle Mënschen aus der LGBTQI+-Community hëllefen, fir sech ze treffen an auszetauschen – ouni Angscht viru Virurteeler oder Diskriminéierung. D’DP wäert déi Offer bei Bedarf och op regionalem Niveau ausbauen.

D’DP wäert weider lokal Initiativen, ewéi de Pakt vum Zesummeliewen ënnerstëtzen, déi den interkulturellen Echange stäerken an géigesäitegt Verständnis tëschent Mënsche mat verschiddenen Originne fërderen. Mir wäerte strikt géint all Form vu Rassismus an Diskriminéierung virgoen, den nationalen Aktiounsplang géint Rassismus ausschaffen, an all Form vun Diskriminéierung geziilt bekämpfen.

Volontariat

Eng TNS-Ilres-Etude vun Enn 2022 am Optrag vum Ministère fir d’Famill an d’Integratioun huet gewisen, datt d’Volontariat zu Lëtzebuerg e grousst Pozential huet, ma nach net ganz ausgeschöpft ass.

Op der anerer Säit siche lokal Veräiner, ma och gréisser Organisatiounen, permanent no neie Fräiwëllegen. Och an anere Beräicher vum gesellschaftleche Liewen, an deenen et zanter Joren u Spezialiste feelt, kuckt een no Alternativen.

D’Volontariat kann hei – als wichteg Stäip vum gesellschaftlechen Zesummenhalt – eng grouss Hëllef fir d’Gestaltung vun eisem Zesummeliewe sinn.

Mir brauchen eng déifgräifend Ännerung (politesch a gesellschaftlech) an der Approche zum Volontariat. D’DP wëll dofir déi néideg Kaderbedingunge schafen, fir datt d’Veräiner, d’Verbänn, ma och Institutiounen a Gemengen d’Potenzial vum Volontariat notze kënnen.

En interministeriellt Gremium soll eng besser Iwwersiicht vun de Programmer fir d’Volontariat an e reegelméissegen Austausch mat der nationaler Agence fir d’Volontariat, fir eng koordinéiert Approche schafen.

D’DP wëll e Statut fir d’Volontairë schafen. Doranner soll festgeluecht sinn, wéini an ënnert wéi enge Konditiounen eng Persoun als Volontaire aktiv ass, wéi eng Roll hien nieft professionnelle Mataarbechter erfëlle soll, a wat seng Rechter a Flichte sinn. D’Motivatioun, fir eng Responsabilitéit z’iwwerhuelen, geet an d’Luucht, wann et kloer Reegele fir d’Volontariat gëtt.

Leit, déi sech fräiwëlleg engagéieren, schenken anere Leit hir Zäit. Sie maachen dat fräiwëlleg a verlangen dofir keng Géigeleeschtung. Trotzdeem ass et wichteg, datt d’Fräiwëlleger eng Unerkennung fir hiren Engagement kréien. D’DP wëll d’Volontariat unerkennen an appreciéieren. Dat kann z.B. iwwert en digitale Badge-System geschéien, bei deem de Fräiwëllegen esou Badgë fir verschidden Engagementer sammelt an dofir eng Belounung oder eng Unerkennung kritt.

D’DP wëll de Volontariat a verschiddene soziale Beräicher ausbauen (Senioren, Mënsche mat enger Behënnerung, sozial méi schwaach Mënschen). Déi Fräiwëlleg kéinten esou Leit bei klenge Spadséiergäng, Ausflich an d’Stad oder Visitten an den Theater begleeden. Si géifen dofir och déi noutwendeg Formatioun kréien. Domadder géinge forméiert Fleegkräften entlaascht ginn a kéinten sech besser op hir eigentlech Aarbecht an der Fleeg konzentréieren.

D’DP wëll den fräiwëllegen Engagement vu Seniore weider fërderen an hinnen d’Geleeënheet ginn, der Gesellschaft hir Capacitéiten an Experienz zur Verfügung ze stellen. Dofir soll d’Offer op der Plattform benevolat.lu, déi sech speziell u Seniore riicht, erweidert ginn (Hausaufgabenhëllef, Bitzcoursen, mam Hond trëppele goen, Kachen,…). Fir de Senioren den Zougang zu dëser Online-Plattform méi einfach ze maachen, gi Coursen op lokalem an op regionalem Niveau offréiert.

D’DP wäert dat soziaalt Engagement an alle gesellschaftleche Beräicher aktiv fërderen. Mir wäerten d’Méiglechkeet vun enger staatlech finanzéierter Onfallversécherung fir Fräiwëlleger préiwen, déi all méiglech Risken ofdeckt, déi am Kontext mat hirer Aktivitéit bestinn.

Déi digital Technologië bidden nei Méiglechkeeten, fir fräiwëlleg Aktivitéite méi bequeem a méi flexibel ze maachen. Iwwer Internet kënnen d’Leit sech direkt a vun iwwerall sozial abréngen. Digital Berodung, Social Media a Webdesign, Nohëllefscoursen an Sprooche-Coaching – den digitale Forme vum Volontariat si keng Grenze gesat. Mir wëllen d’Online-Plattform vun der nationaler Agence vum Volontariat méi fërderen, fir datt Veräiner, sozial Organisatiounen, ma och Gemengen oder Entreprise a Fräiwëlleger kënnen dorobber zeréckgräifen, fir d‘Offer z’erweideren a fir Accès op alleguerten d’Offere vum digitale Volontariat ze hunn.

Cf. Kapitel Bannescht Sécherheet, Rettungswiesen an Arméi

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp