Carole Hartmann

Fir eng Zesummenaarbecht tëschent de « Sites supplémentaires » an de Spideeler

Léif Nolauschterinnen,

Léif Nolauschterer,

Déi lescht Wochen ass vill iwwert den neien IRM um Potaschbierg geschwat ginn. Als Reaktioun dorobber, ass elo e Gesetzprojet deposéiert ginn, dee schwéiert, medezinescht Material an d’Schafe vun 8 zousätzleche Sitte baussent de Spideeler virgesäit.

Dat ass un éischter Stell eng gutt Nouvelle fir d’Patienten, a besonnesch fir all déi Leit, déi op eng breet opgestallte Gesondheetsversuergung ugewise sinn.

Grad esou wichteg ass et awer, dass mer nei Dokteren op Lëtzebuerg unzéien, fir an de nächste Joren der akuter Penurie u Gesondheetspersonal entgéintzewierken.

Als DP ënnerstëtze mir dohier och e Modell, bei deem Dokteren an aner Gesondheetsberuffler an Zukunft weider Strukture kënne fräi opmaachen.

En éischte Schratt ass deen, dass Dokteren sech mat engem parallelle Gesetzprojet kënnen a Gesellschaften zesummendoen, esou wéi dat scho bei den Affekote méiglech ass.

Esou kënnen e.a. och Dokteren a Personal vun enger Doktesch-Societéit agestallt, d’Aarbecht an de Cabinets médicaux besser organiséiert a generell eng besser juristesch Sécherheet geschafe ginn. Dëse Modell dréit zudeem zu enger besserer Work-Life-Balance bäi an erlaabt dem Dokter d’Famill an de Beruff besser ënnert een Hutt ze bréngen. 

Lëtzebuerg brauch generell méi e moderne Gesondheetssecteur, den niewent de Spideeler, och Strukture baussent de Spideeler zouléisst. Dëst kënnt besonnesch de Patienten aus dem ländleche Raum, z.B. am Norden oder am Oste vum Land zegutt.

Déi geplangte Reform geet wuelverstanen net géint d’Klinicken, déi sech sollen op hir Käraufgabe konzentréiere kënnen. Et geet net ëm eng Konkurrenz tëschent de Spideeler an de geplangte Sites supplémentaires; et geet ëm eng Collaboratioun tëschent Hospitalier an Extrahospitalier.

Firwat ass d’DP fir zousätzlech dezentral Strukturen? Well een hautdesdaags net méi fir all medezinesche Problem an e Spidol goe muss. Well de Patient eng no a séier Gesondheetsversuergung wëll. A well och Doktere gewëllt sinn, sech ausserhalb vun de Spideeler z’etabléieren. Fir all deem gerecht ze ginn, sollten hei zu Lëtzebuerg kleng, ambulant Strukturen, déi sech gutt uechter d’Land verdeele loossen, kënnen opgoen.

D’Ausland ass do schonn dacks méi breet opgestallt, an dat musse mer och zu Lëtzebuerg fäerdeg bréngen. Mir mussen dem medezinesche Fortschrëtt Rechnung droen a léieren, méi dezentral an der Santé ze denken.

Dobäi muss awer garantéiert sinn, datt d’Dokteren an der Gestioun vun den neie Sitten agebonne sinn.

D’DP ass a bleift fir de Prinzip vun enger liberaler Medezin. D’Fräiheet vum Dokter muss respektéiert ginn. Esou ewéi et an eiser Verfassung steet.

Eng Reform, bei där um Enn d’Spideeler eleng d‘Mainmise op d‘Gesondheetsversuergung behalen, mécht kee Sënn. Net fir d’Dokteren an net fir d‘Patienten.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Gerechtegkeet fir all Elteren

An enger Question élargie an der Chamber huet d’DP-Deputéiert Corinne Cahen haut bei der Justizministesch nogefrot, wou d’Aarbechten um automateschen Unerkennungsrecht fir homoparental Koppelen am Kader vun der PMA (procréation médicalement assistée) dru sinn.

weiderliesen...

Besser Remuneratioun an der Arméi

Wéinst der ugespaanter internationaler Lag an den NATO-Verpflichtunge vu Lëtzebuerg gëtt den Effektiv vun eiser Arméi an deenen nächste Joren ausgebaut. Den DP-Deputéierte Marc Hansen huet haut zwee Gesetzestexter an der Chamber presentéiert.

weiderliesen...

Situatioun am Noen Osten

De President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun Gusty Graas huet dësen Dënschdeg op d’Gefore vun engem Flächebrand higewisen, déi de Konflikt am Noen Oste ka mat sech bréngen.

weiderliesen...

Selbstbestëmmung, eng fundamental Fräiheet

„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach.

weiderliesen...