Masterplang fir e moderne Flughafen

D’Ressortministesch Yuriko Backes huet der Mobilitéitskommissioun vun der Chamber dësen Donneschdeg deen op Joerzéngten ausgeluechten Entwécklungsplang vum Findel virgestallt.

De Plang ass d’Suite vun de Berechnunge vun der Aktivitéit vum nationale Flughafen, déi bis 2050 bei engem Plus vun 100% bei de Reesenden (10,6 Mio. Passagéier), +50% (1,25 Mio. Tonnen) bei der Fracht a bei 107.000 Departen a Landungen (+42%) läit.

Wéinst dem begrenzten Areal vum Findel gesäit de Masterplang dofir eng optimal Notzung vum Raum vir. An deem Sënn ginn d’Haaptaktivitéiten a separat Beräicher opgedeelt: Fracht, Passagéier, Business-Aviatioun, Maintenance, ëffentlech/staatlech Aviatioun, Arméi an Ënnerhalt vum Flughafen.

Gläichzäiteg soll de Flughafen awer och de Confort vun de Passagéier erhéijen. Dofir gëtt bei der Moderniséierung net nëmmen op d’Kapazitéit gekuckt, mee och op e qualitativ héichwäertege Service gesat.

Hei fannt dir de Pressedossier vum Ministère

En éischten Ausbau vun den den Infrastrukture betrëfft den Terminal A, wou bis 2028 eng zentral a modern Sécherheetskontroll installéiert gëtt. Dat geet Hand an Hand mat engem Ausbau vum Check-In an engem verbesserten Drop-Off vum Gepäck.

Bis an zwee Joer gëtt och den Terminal B mat sechs zousätzleche Gatë vergréissert. Den neien hybride Kontroll-Tower gëtt iwwerdeems am Skypark niewent dem Fluchhafen installéiert.

Ganz aktuell ass jo d’Fro vum Stockage vum Kerosin. Sechs nei Reservoire solle bis 2028 eng Lagerung vun 30.000 Meterkibb garantéieren.

Zum Ausbau gehéieren och d‘Moderniséierung vum Salon d‘honneur a vum Business Center.

Déi ganz Aarbechte bis 2032 wäerten eng Milliard Euro kaschten. De Staat leet 200 Milliounen Euro bäi, d‘Bedreiwerfirma Luxairport investéiert 800 Milliounen Euro.

D’Ministesch Yuriko Backes gesäit de Masterplang als d’Äntwert op den Optrag am Koalitiounsaccord, fir d’Moderniséierung an d‘Adaptatioun vun den Infrastrukturen um Findel z’encouragéieren a se fit fir déi kommend Besoinen ze maachen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...