Zougang zur Kultur – fir jiddereen

Lëtzebuerg wäert seng héich Investissementer an d’Kultur bäibehalen. Dat ass keng Symbolpolitik, ma e klore Choix fir déi sozial Kohäsioun vum Land, esou den DP-Ressortminister Eric Thill bei der Presentatioun vum nationalen Aktiounsplang fir den Zougang zur Kultur (Accès à la culture), dësen Dënschdeg.

Fir d’Regierung dréit d’Kultur zur Identitéit vun eisem multikulturellen a méisproochege Land bäi; zur Erweiderung vum Horizont an zum Schafe vun engem kriteschen a kreative Geescht. Si ass deemno e Pilier vum Zesummeliewen, deen d’Pluralitéit an d’Demokratie vum Land stäerkt, an op der Bedeelegung, dem Zougang an op der Promotioun vun der Kultur fousst.

D’Kultur festegt engersäits d’Identitéit an d’Gefill vun enger Communautéit an anerersäits d’Erweiderung vum Horizont a vum kritesche Geescht vun de Biergerinnen a Bierger. 

Et geet an éischter Linn drëms, fir d’Barrièren aus dem Wee ze raumen, déi den Accès fir verschidden Zilgruppe bis elo verspären. D’Dieren zur Kultur musse fir jiddereen opgemaach ginn, huet den Eric Thill ënnerstrach. Sief dat op physeschem, sozio-ekonomeschen, geographeschen oder op symboleschen Niveau.

Den nationalen Aktiounsplang Accès à la culture setzt sech aus 33 Objektiver an 99 konkrete Mesuren zesummen, déi ënner siwe Prioritéite regroupéiert sinn:

  • Biergerbedeelegung, Diversitéit a kulturell Inklusioun
  • Visibilitéit a Kommunikatioun vun der kultureller Offer
  • Territorial ausgeglache kulturellen Ausbau a kulturell Offer
  • Kulturell Bildung a kulturell Erzéiung
  • Kulturell Mediatioun
  • Valoriséierung vum kulturellen Ierwen
  • Kulturtourismus

Klickt hei fir den Detail

Mam virleiende Plang gëtt doriwwer eraus d’Roll vun den Artisten zu Lëtzebuerg gestäerkt. Duerch eng besser Vernetzung, eng méi grouss Visibilitéit an déi landeswäit Weiderentwécklung vun den Infrastrukturen.  

De partizipativen Aktiounsplang soll an Etappe bis 2030 ëmgesat ginn a gëtt vun engem Groupe de pilotage begleet, deen d’Strategie, d’Koordinatioun an de Suivi um Terrain assuréiert.

De Budget fir déi fënnef Joer chiffréiert sech op 13,5 Milliounen Euro.

(Foto © MCULT)

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Am Dialog zu Veianen

Gutt zwou Stonne laang hunn d’Leit mat de Ministere Xavier Bettel an Eric Thill a mat den Nord-Deputéierten André Bauler a Marc Hansen iwwer d’Zukunft vun der Regioun an iwwer d’Erausfuerderunge fir eist Land diskutéiert.

weiderliesen...

119 konkret Schrëtt fir méi Inklusioun

Den neien nationalen Aktiounsplang fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung gouf dëse Méindeg presentéiert. D’DP-Ministere Max Hahn a Claude Meisch hunn zesumme mat hire Regierungskolleege 50 Ziler an 119 konkret Mesurë virgestallt.

weiderliesen...