Anne Daems

Fir eng Zukunft, an där mir eis all erëmfannen

An déck véier Méint si Gemengewalen – den 11. Juni ass deemno den Optakt vum sougenannte Superwaljoer, an deem den 8. Oktober och Chamberwale sinn.

D’Bezeechnung Superwaljoer ass also net iwwerdriwwen, well et geet ëm déi politesch Zukunft vun eise Gemengen a vum Land – also ëm d’Zukunft vun eis alleguerte bannent den nächste fënnef, respektiv 6 Joer. Dat ass net näischt: besonnesch an dëse Krisenzäiten, vun deene mer net wëssen, wéini se eriwwer sinn. 

An esou Zäite brauch d’Land engagéiert Politiker, op déi d’Mënschen sech kënne verloossen. D’Leit vun der DP mat all hire Kandidaten si prett fir déi Verantwortung z’iwwerhuelen.

Mir hunn dat déi lescht Joren an der Regierung, an der Chamber an a ville Gemengen uechter d’Land och scho bewisen. Mir hu bewisen, datt mir d’Erwaardungen an d’Uleies vun iech seriö huelen an dorobber aginn.

D’DP huet bewisen, datt si d’Land pragmatesch duerch Krisenzäite bréngt, an dass de Bierger bei all den Decisiounen un éischter Plaz steet.

D’DP ass a war ëmmer no bei de Leit.

No bei de Leit, dat heescht fir eis d’Zesummeliewen an de Gemenge fërderen. Dat heescht dofir suergen, datt jiddereen, dee wëll, sech bei der Gestaltung vum Liewen a senger Gemeng abrénge kann. Dat heescht Plaze schafen, wou d’Mënsche sech begéinen, an déi fir jiddereen accessibel sinn. Dat heescht e liewegt Veräinsliewen… familljefrëndlech Gemengen… Gemengen, wou Kanner Kanner kënne sinn… flott Offere fir eis Senioren… eng Gemeng, wou d’Leit matenaner, amplaz niewentenee liewen… an eng Gemeng, an där kee vergiess gëtt.

No bei de Leit , dat heescht fir eis och, datt d’Gemengen nach méi attraktiv fir hir Awunner musse ginn. Dofir ënnerstëtze mir lokal a regional Geschäfter a gutt Handwierksbetriber, déi Aarbechtsplazen nobäi schafen. Dat bedeit nämlech kuerz Weeër op d’Schaff a méi Zäit fir Famill & Fräizäit. Och flexibel Aarbechtszäite bidde sech un, fir d’Zäit fir d’Famill an d’Fräizäit optimal ze notzen.   

No bei de Leit, dat heescht awer och, déi grouss Erausfuerderungen am Beräich vum Klima a vun der Energie weider unzepaken an déi Efforten ze verstäerken.

No bei de Leit, dat heescht d’Logementskris bekämpfen. De Staat an d’Gemenge mussen do – zesumme mam Privatsekter – nach méi Responsabilitéit iwwerhuelen, dat heescht ënnert anerem méi séier bauen.

An eng modern Verkéierspolitik heescht fir eis, datt jiddereen: d’Foussgänger, d’Vëlosfuerer, déi Leit, déi den ëffentlechen Transport huelen an d’Automobilisten, gutt, sécher a séier weiderkommen.

D’DP steet fir eng Politik, déi no bei de Leit ass an déi no de Leit kuckt. D’DP Politik ass no bei iech, no bei ärer Famill, d’DP steet mat iech am Liewen a gestalt d’Zukunft esou, datt mer eis all erëmfannen a wuelfillen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Politik gräifbar maachen a präsent sinn

De President vun der DP Süde Marc Meyer huet de Sonndeg, 10. Mee 2026 um Bezierkskongress am Beetebuerger Schlass vun Zesummenhalt a Kollegialitéit geschwat, awer och vu Visibilitéit a vu Kommunikatioun, ouni déi Politik net méiglech wier.

weiderliesen...

Tripartite: Am Geescht vum Dialog

An der Tribune Libre vun der DP schwätzt d’Parteipresidentin Carole Hartmann haut iwwer d’Noutwennegkeet vun enger Tripartite, déi d’lescht Woch annoncéiert gouf. Fir d’Députée-Maire vun Iechternach ass dat de richtege Wee, op deem d’Regierung an d’Sozialpartner Léisungen kënne fannen, fir déi aktuell Kris zesummen ze meeschteren.

weiderliesen...

Networking mat Schwong

Jonk Demokraten an DP-Memberen ënner 35 Joer hu sech am Strike um Houwald bei engem Patt an engem gudde Maufel besser kennegeléiert a bei Bowling, Darts a Co. eng flott Zäit zesumme verbruecht.

weiderliesen...