Firwat gëtt déi franséisch Juegdprüfung elo net méi unerkannt?

Wéi laang ass bekannt, dass déi franséisch Juegdprüfung net eise Standarden entsprécht? Firwat ass eréischt elo d'Decisioun geholl ginn, déi franséisch Juegdprüfung net méi unzeerkennen? Den DP-Deputéierte Guy Arendt huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot.

„Wéi den Ëmweltministère an engem Communiqué vum 6. Abrëll matdeelt, ass déi franséisch Juegdprüfung ab dem 31. Mäerz net méi zu Lëtzebuerg, an der Belsch an an Holland unerkannt, soudass eng Persoun mat engem franséische Juegdschäin dësen net méi ouni Problem hei am Land homologéieren loosse kann. Déi franséisch Juegdprüfung géif net de selwechte Krittären wéi an de Benelux-Länner entspriechen, geet aus dem Communiqué ervir.

An deem Kader wollt ech der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung folgend Froe stellen:

  • Aus wéi enge konkrete Grënn entsprécht déi franséisch Juegdprüfung net méi de Standarden an de Benelux-Länner?
  • Gouf et rezent Ännerungen un den Ufuerderungen entweder bei der franséischer Prüfung oder bei der Prüfung an de Benelux-Länner?
  • Wéi laang ass déi Diskrepanz tëscht dem Standard bei der franséischer Prüfung an deem an de Benelux-Länner bekannt?
  • Firwat ass dës Decisioun eréischt elo geholl ginn?
  • Wéi een Impakt wäert dës Decisioun op d’Unzuel vun de Jeeër hei am Land hunn?
  • Wéi vill franséisch Juegdschäiner sinn an de leschte fënnef Joer pro Joer zu Lëtzebuerg homologéiert ginn?
  • Wier et méiglech, dass Leit, déi déi franséisch Juegdprüfung gemaach hunn, hire Juegdschäin an engem anere Land homologéiere loossen an duerno dee Schäin zu Lëtzebuerg homologéiere loossen? Wa jo, wéi gedenkt d’Madamm Ministesch dëst z’evitéieren?

Äntwert

Aus wéi enge konkrete Grënn entsprécht déi franséisch Juegdprüfung net méi de Standarden an de Benelux- Länner?

D’lëtzebuerger Prüfung fir de Juegdschäin ze maachen huet een héije Standard. Nieft engem Stage vun 8 Méint um Terrain a 60 Stonnen theoretescher Ausbildung, mussen d’Kandidaten eng schrëftlech, eng mëndlech an eng Schéissprüfung mat Sécherheetsparcours ofleeën. Dëst ass, bis op de Sécherheetsparcours, bei der franséischer Ausbildung net esou ginn, an entsprécht domat net den Ufuerderunge vum Juegdgesetz: “ […] le détenteur du certificat étranger s’est soumis à des épreuves similaires à celles que comporte l’examen luxembourgeois; […]” (art. 60 de la loi modifiée du 25 mai 2011 relative à la chasse).

Gouf et rezent Ännerungen un den Ufuerderungen entweder bei der franséischer Prüfung oder bei der Prüfung an de Benelux-Länner?

Zu Lëtzebuerg ass et säit 2015 zu kenger Ännerung komm. Et ass nach ëmmer de “règlement grand-ducal du 7 mars 2015 concernant les conditions et modalités de l’examen d’aptitude pour la délivrance du premier permis de chasser”, wat d’Ufuerderungen an den Oflaf vun der Prüfung zu Lëtzebuerg definéiert.

Wéi laang ass déi Diskrepanz tëscht dem Standard bei der franséischer Prüfung an deem an de Benelux-Länner bekannt?

No dem Akraafttriede vum groussherzogleche Reglement iwwert de Juegdexamen gouf ee Constat vun der Naturverwaltung gemeet an dem Ministère matgedeelt.

Firwat ass dës Decisioun eréischt elo geholl ginn?

Well et keng unilateral Decisioun vu Lëtzebuerg war, mee eng gemeinsam BENELUX-Decisioun huet dat Zäit an Usproch geholl, fir zu engem Konsens ze kommen. Et goufen och am Virfeld vun der BENELUX-Decisioun Gespréicher mat de franséischen Autoritéiten. Den Accord um Niveau vum BENELUX ass réischt dëst Joer zustane komm.

Wéi een Impakt wäert dës Decisioun op d’Unzuel vun de Jeeër hei am Land hunn?

Wéi vill franséisch Juegdschäiner sinn an de leschte fënnef Joer pro Joer zu Lëtzebuerg homologéiert ginn?

Ech verweisen hei op d’Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°5736 vum 10. Februar 2022.

Wier et méiglech, dass Leit, déi déi franséisch Juegdprüfung gemaach hunn, hire Juegdschäin an engem anere Land homologéiere loossen an duerno dee Schäin zu Lëtzebuerg homologéiere loossen? Wa jo, wéi gedenkt d’Madamm Ministesch dëst z’evitéieren?

Nee, dëst ass net méiglech, well net de Juegdschäin unerkannt gëtt, mee de Juegdexamen.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...