Fro
„Et ass eis zu Ouere komm, datt et zu Ettelbréck aktuell
Probleemer gëtt fir d’Ambulanze mat genügend Personal besat ze
kréien. Et wieren nämlech net genuch Benevoller disponibel. Et
versteet sech awer vum selwen, datt den Noutdéngscht personell
gutt opgestallt muss sinn, virun allem, wann ee bedenkt, datt
ëmmer méi Leit an d’Nordstad an an d’Uertschafte ronderëm
wunne kommen.
An deem Kader wollte mir der Madamm Inneministesch folgend
Froe stellen:
Kann d’Madamm Ministesch Prezisioune liwweren iwwert
d’Zuel vun de Professionellen, déi an deene verschiddene
CGDIS-Zentren an an de Gemengen aus dem Kanton
Dikrech an dem Kanton Veianen schaffen oder affektéiert
sinn? Wéi vill Fräiwëlleger (Ambulanz a Pompjeeën) sinn
hei de Moment am Asaz? Wéi huet sech hir d’Zuel zanter
2018 entwéckelt?
Stëmmt et, datt am CGDIS Ettelbréck eng Rëtsch benevol
Leit den Déngscht quittéiert hunn? Wa jo, wat sinn déi
genee Ursaachen, déi dës Entscheedung motivéiert hunn?
Wat huet dat fir Konsequenzen, besonnesch fir den
Ambulanzendéngscht? Gëtt et aner Gemengen am Kanton
Dikrech, wou änlech Erfarunge gemeet goufen?
Wéi gesäit de Rekrutement vu Professionellen an dësem
Beräich fir déi betraffe Kantonen an noer Zukunft aus?“