Gesond bleiwen heescht: Séier Bescheed wëssen

D’DP begréisst ausdrécklech, datt de Radiologiezentrum op der Cloche d’Or an den nächste Méint wäert kënne Patienten empfänken.

D’Assuréen erwaarden sech nämlech méi eng grouss Offer ouni laang Waardezäite bei IRM a Mammographie. All Dag zielt, an a ville Fäll brauch et eng präzis Diagnos fir déi richteg Behandlung.

Am Koalitiounsaccord hunn d’DP an d’CSV méi medezinesch Servicer an eng gréisser Offer un Analysen an den Dokteschcabinete festgehalen. Dokteren, respektiv Doktere mat de Spideeler, musse kënnen deementspriechend d’Initiativen huelen. Dat ass nëmme méiglech, wann d’Spidols- an d’Dokteschgesetz geännert ginn.

Dobäi sollen d’Dokteren – gutt organiséiert a Gesellschaften – an dëse multidisziplinäre Cabineten och kleng chirurgesch Agrëffer, z.B. Katarakt-OPen un den Aen, Routine-Endoskopien, wéi z.B. präventiv Daarmspigelungen, an natierlech Rëntgen, Mammographien, Osteodensitometrien an IRMen duerchféiere kënnen. Eng nei Finanzéierung vun de Cabineten iwwert den Dokteren hir Nomenclature mécht dat méiglech, a kann an engems déi strapazéiert Spidolsbudgeten entlaaschten.

D’DP ënnerstëtzt dës Reform fir eng besser medezinesch Versuergung an e méi séieren Zougang zum Dokter. Mir maachen eis weider dofir staark, datt d’Gesondheet zu Lëtzebuerg eng Prioritéit bleift.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Zäit fir en Tëschebilan

D’DP mécht Politik, déi d’Mënschen zu Lëtzebuerg am Alldag spieren. D’Parteipresidentin Carole Hartmann an de Fraktiounspresident Gilles Baum zéien no zwee an hallef Joer Bilan.

weiderliesen...

Press Recap

E Bléck op déi politesch Woch mat eisen DP-Mandatairen an der Press. Et goung ënner anerem ëm finanziell Hëllef fir Betriber, d’Roll vum Staat an der Economie an d’Wichtegkeet vun enger kritescher Kulturzeen.

weiderliesen...