Gleiseradare fir méi Sécherheet bei den Zuchbarrièren?

Wiere Gleiseradaren eng Iddi fir sou Accidenter wéi deen, dee rezent bei der Barrière zu Bartreng geschitt ass z'evitéieren? An Däitschland ginn et schonn op verschiddene Plazen sou Apparater, déi den Zuch warnen, wann eppes op de Schinnen steet. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot a wollt iwwerdeems wëssen, wéi d'CFL mat dem Ersetze vu Barrièren duerch Ënnerféierunge virukënnt.

„Rezent ass et zu Bartreng bei engem Passage à niveau zu engem Tëschefall komm, bei deem eng Automobilistin mat hirem Gefier op de Gleisen tëscht den zouene Barrièrë stoung, an den Auto du vum Zuch matgeholl gouf.

Am Ausland, z.B. an Däitschland, ginn et op verschiddene Plaze sougenannt „Gefahrenraum-Freimeldeanlagen“, déi mellen, wann en Objet op de Schinne steet a sou eng Kollisioun solle verhënneren.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Zu wéi ville sou Accidenter wéi dee rezenten zu Bartreng ass et an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg komm?
  • Ginn et Plazen, wou sou Accidenter besonnesch dacks virkommen?
  • Ass den Här Minister der Meenung, dass et derwäert ass, och zu Lëtzebuerg déi uewe genannte Gleiseradaren op verschiddene Plazen z‘installéieren?
  • Wa jo, wou wier dat? Bis wéini kéint dës Mesure ëmgesat ginn?
  • Wéi vill Passages à niveau sinn an de leschte fënnef Joer wechgeholl ginn? Op wéi enge Plazen ass dat geschitt?
  • Wéi vill Passages à niveau sollen an den nächste Joren nach fortgeholl ginn? Op wéi enge Plaze soll dat geschéien? Bis wéini sollen déi eenzel Projeten ofgeschloss sinn?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...