Goudronéierung mat Rollsplitt: Ginn et keng Alternativen?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass eng sëllege Gefierer an der Géigend vu Kietscht duerch Rollsplitt beschiedegt goufen, nodeems d'Strooss frësch gemaach gi war. Dowéinst huet hie beim zoustännege Minister nogefrot, ob et keng Alternative géif ginn, wa P&Ch eng Strooss frësch maachen, fir de Schued z'evitéieren, deen duerch Rollsplitt entstoe kann.

« Il me revient que suite aux travaux de route sur le CR308 entre Koetschette et Grevels, qui a été goudronné à l’aide de gravillon (« Rollsplitt »), de nombreux dégâts auraient été constatés par les riverains, tels que des fenêtres de voitures et de tracteurs cassées ainsi que des bosses dans bon nombre de véhicules.

Dans ce cadre j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Mobilité et des Travaux publics :

  • L’Administration des ponts et chaussées a-t-elle reçu des réclamations à cet égard ? Dans l’affirmative, combien de réclamations ont été recensées ?
  • Pour quelles raisons le goudronnage à l’aide de gravillon est-il toujours employé ? N’existe-t-il pas d’alternative à cette technique ?
  • Le gravillon est-il utilisé pour tous les chantiers de ce genre ? Quels sont les paramètres déterminant l’usage de gravillon lors de travaux de route ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wisou hunn d’Aktivitéite vun der ONG ‘Eng oppen Hand fir Malawi’ mussen agestallt ginn?

Joerzéngtelaange waren d’Schwëstere vun der Lëtzebuerger Zithaklinik am St. Gabriel Spidol am Malawi aktiv fir der lokaler Bevëlkerung esou gutt et geet eng medezinesch Grondversuergung ze erméiglechen. Enn Januar hunn si hir Aktivitéiten awer missen op Uerder vum Bëschof an ouni Virwarnung astellen an de Site verloossen. Bis haut gëtt et keng Explikatioun. Eisen Deputéierte Gusty Graas huet sech beim Ministère fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten informéiert.

weiderliesen...

Bleift déi pediatresch Garde um Kierchbierg weider assuréiert ?

De Gesondheetsministère an d’Spidolsfederatioun hu rezent eng Conventioun ënnerschriwwen fir d’Garden an d’Astreinten vun den Dokteren an de Spideeler z’indemniséieren. Den DP-Deputéierten Gilles Baum a Carole Hartmann ass zu Ouere komm, datt fir d’Pediatrie um Kierchbierg just eng Garde vrigesinn ass. Fir d’pediatresch Chirurgie ass keng Garde geplangt ginn. Dowéinst wollte si vun der Gesondheetsministesch wëssen, ob d’Garde vun engem Kannerdokter eleng assuréiert ka ginn a wéi eventuell Problemer bei de Kapazitéiten geléist kënne ginn.

weiderliesen...