Impfung géint Pneumocoquen

An enger Konventioun tëschent dem Staat an der Krankekeess (CNS) vun 2018 ass festgeluecht, datt Persounen iwwer 85 Joer de Vaccin géint d'Pneumocoquen net integral rembourséiert kréien. D'DP-Deputéiert Carole Hartmann huet beim zoustännege Minister nogefrot, firwat dës Alterslimitt festgeluecht gouf.

« Le 1er septembre 2018, une nouvelle convention entre l’État du Grand-Duché de Luxembourg et la Caisse nationale de Santé est entrée en vigueur “portant institution d’un programme de vaccination des personnes âgées de 65 ans et plus, et de certaines personnes à risque contre le pneumocoque”. 

Conformément à ce programme de vaccination, les personnes éligibles ont droit à la prescription et à l’administration du vaccin, à la prise en charge au taux de cent pour cent (100 %) du prix public.

Cependant, il a été convenu que le “droit aux prestations prévues par le programme est garanti jusqu’à l’âge de 85 ans inclus”. En d’autres termes, les personnes âgées de plus de 85 ans n’ont plus droit au remboursement intégral de la vaccination.

À cet égard, j’aimerais poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de la Sécurité sociale :

  • Combien de personnes ont reçu un remboursement au taux de cent pour cent pour la vaccination contre le pneumocoque depuis l’entrée en vigueur de la nouvelle convention ? 
  • Monsieur le Ministre, peut-il fournir des explications concernant la limite d’âge de 85 ans, mentionnée ci-dessus? 
  • Ne s’avère-t-il pas opportun d’étendre le droit à la prise en charge au taux de cent pour cent du prix public, également aux personnes âgées de plus de 85 puisqu’elles sont tout aussi vulnérables que les personnes ciblées ? »

Äntwert

An hirer Äntwert präziséieren d’Ministeren datt 12.076 Leit, déi 2020 eng Pneumokokkenimpfung an enger Apdikt zu Lëtzebuerg kaaft hunn, tëscht 65 a 85 Joer an 1.060 iwwer 85 Joer al sinn (5,8%).

De Conseil supérieur des maladies infectieuses (CSMI) recommandéiert d’Impfung vu Leit vu 65 bis 84 inklusiv, op Basis vu bekannten Donnéën zur Impfeffizienz, déi zur Zäit vun der Empfehlung, déi vum Juli 2015 datéiert, publizéiert goufen.

D’Ministere mengen awer, datt den CSMI d’Geleeënheet ergräife kéint fir Recommandatioun iwwer d’Pneumokkokenimpfung fir Erwuessener z’aktualiséieren.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...