Integratioun a Zesummeliewen

Integratioun a Zesummeliewen

D’Flüchtlingskris war eng grouss Erausfuerderung fir déi europäesch a fir déi lëtzebuergesch Politik. Am Joer 2015 hu sech d’Demanden op international Protektioun am Verglach mat 2014 méi wéi verduebelt; vu ronn 1.000 op bal 2.500. Eist Land huet mussen d’Opnam an d’Integratioun vun dëse Leit garantéieren. D’DP-gefouert Regierung huet an dëser Krisenzäit Responsabilitéit iwwerholl. An enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen huet de Familljenan Integratiounsministère eng kohärent Politik vum Accueil a vun der Integratioun assuréiert. Déi substantiell Erhéijung vum Personal vum OLAI (Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration) huet d’Viraussetzunge geschaf, fir e mënschewierdegen Accueil an eng kompetent Betreiung vun de sëlleche neien Demandeurs d’asile. Fir d’Integratioun vun de Flüchtlingen ze fërderen, huet de Familljeministère (an Zesummenaarbecht mam Bildungsministère) de „parcours d’intégration accompagné“ (PIA) ausgeschafft. Den neien „Lëtzebuerger Integratiouns- a Sozialkohesiounszenter“ (LISKO) iwwerdeems, ass e Lien zu de Sozialbüroen an Associatiounen an ënnerstëtzt esou d’Integratioun op Gemengenniveau.

D’DP wäert sech och an Zukunft fir e respektvollt an tolerant Matenaner asetzen an déi gesellschaftlech Participatioun vun alle Bierger ënnerstëtzen. Mir wäerten eis wieder géint d’Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft asetzen an all Diskriminéierung bekämpfen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp