Corinne Cahen

„Integratioun ass kee Sens unique“

„D’Zesummeliewe geet eis all eppes un. All zesumme si mer staark, fir en nach méi staarkt Lëtzebuerg weider ze plangen”, esou d’Familljen- an Integratiounsministesch Corinne Cahen bei der Chamberdebatt iwwer d’Integratiounspolitik zu Lëtzebuerg.

Dat aktuellt Integratiounsgesetz ass net méi zäitgeméiss a gëtt komplett iwwerschafft, fir et un d’Erausfuerderungen a puncto Zesummeliewe vun haut a vu muer unzepassen. D’Ministesch Corinne Cahen mécht dat mat de Mënschen zesummen. Si huet eng breet Consultatioun lancéiert: bei de Gemengen, den Integratiounskommissiounen a bei den Associatioune vun der Société civile.

All Joer komme ronn 23.000 nei Matbierger op Lëtzebuerg. Dofir musse mer d’Zesummewuessen an d’Zesummeliewen och zesummen organiséieren. Zu Lëtzebuerg liewe Mënsche vun iwwer 170 verschiddenen Nationalitéiten, vu verschiddene Kulturen. An déi ronn 200.000 Grenzgänger, déi all Dag bei eis schaffe kommen, wëll d’Ministesch och mat abannen – well och si gehéieren zu eisem Land.

Besonnesch d’Gemenge spillen eng wichteg Roll fir e gutt Zesummeliewen. Si sollen dofir nach méi staark an déi nei Integratiounspolitik involvéiert ginn. Dat fänkt bei deem Dag un, un deem e neie Bierger sech op der Gemeng umellt a geet bis bei d’Attraktivitéit vum Duerf- a Stadliewen. Och den nationalen Aktiounsplang fir Integratioun vun 2018 wäert weider ugepasst ginn an eng wesentlech Roll bei engem besseren Zesummeliewen zu Lëtzebuerg spillen.

Vun de Gemenge geet d’Integratioun direkt weider bei de Benevolat a besonnesch bei d’Veräiner, déi vill zu engem gudden Zesummeliewen an eiser Gesellschaft bäidroen. Ob een zesumme kacht, oder bei engem Hobby zesummekënnt – all déi Aktivitéite bréngen d‘Leit méi no beienaner.

Fir e gutt Zesummeliewe muss een awer och eng gemeinsam Sprooch schwätzen a verstoen. D’Lëtzebuergesch ass de Schlëssel zu enger gegléckter Integratioun. Fir sproochlechen Differenzen direkt aus de Féiss ze goen, setze mir dofir op eng multilingual Fréifërderung an der Kannerbetreiung an an de Schoulen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...