De Klimaschutz an de Klimawandel stoungen am Mëttelpunkt vun der parlamentarescher Rentrée 2026/2027 vun der DP-Fraktioun. Zënter 2013 huet d’DP an der Regierung wichteg Decisiounen an deem Beräich op de Wee bruecht.1
No engem Rekord-Summer huet d’DP sech direkt mat verschiddenen Ëmwelt- a Klima-Associatiounen, respektiv Fuerscher, zesummegesat, fir de Point ze maachen. Dësen Austausch gëtt an Zukunft weidergefouert, esou d’Parteipresidentin Carole Hartmann.
De Comité directeur huet an deem Sënn decidéiert, datt d’Partei soll konkret Mesuren ausschaffen, fir d’Emissioune vun den Zäregasen an d’Ofhängegkeet vun de fossillen Energien ze reduzéieren – ugefaange mat der eegener Energie-Produktioun. Wichteg bleiwen accessibel Stroumpräisser, z.B. duerch Subside bei de Reseauskäschten. D’DP-Fraktioun begréisst de Leasing social bei den elektreschen Autoen an zousätzlech Bornen, déi komme sollen, esou d‘Carole Hartmann:
„Dobäi muss den Ëmstig fir d’Leit an d’Betriber bezuelbar bleiwen. Niddreg Stroumpräisser sinn dobäi e Schlëssel.“

D’Deputéiert vun der DP hu sech och mat den alldeegleche Follge vum Klimawandel befaasst. Esou ënnerstëtzt d’Fraktioun d’Implantatioun vu méi Gréngs am ëffentleche Raum. Grad ewéi Moossnamen zugonschte vu manner Waasserverbrauch a vun enger besserer Protektioun vum Drénkwaasser.
Well de Klimawandel d’Energie an d’Liewensmëttel méi deier mécht, wëll d’DP-Fraktioun déi regional Produktioun an d’Biolandwirtschaft stäerken. Dat bedeit manner CO₂-Emissiounen a stabiliséiert déi national Landwirtschaft, huet den Deputéierte Luc Emering ënnerstrach:
„Bei Bio weess de Client, wou seng Wueren hierkommen, an op dësem Wee gëtt de lokalen Akerbau gestäerkt a gefërdert.“
Déi liberal Deputéiert wäerten dofir suergen, datt de Klimawandel a seng Suitten ausféierlech an der Chamber behandelt ginn.

De Fraktiounspresident Gilles Baum huet fir säin Deel drun erënnert, datt d’DP an der Chamber déi geplangte Steierreform stëmme wäert, bei där et sech ëm eng laang Fuerderung vun der DP handele géing.
D’DP wier de Garant vu familljefrëndleche Moossnamen, wat sech ë.a. um Complément de vie chère (CVC) weise géing, enger neier Sozialhëllef, déi besteeënd Aiden ergänzt an zesummefaasst. Dat wier e weidere Schrack an der Ëmsetzung vum nationale Plang géint d’Aarmut, genee wéi d’Reform vum Chèque service accueil (CSA).
Wat de Logement betrëfft, begréisst d’DP-Fraktioun weider Mesuren, fir Investitiounen an d’Isolatioun an an d’Energieeffikassitéit ze verbesseren, wéi z.B. déi kommend Booster-Mesuren (reduzéiert TVA vun 8% op Locatiounswunnenge bei enger sozialer Komponent, Housing bond {250 Milliounen Euro}, d’Upassung vun de Bäihëllefen, d’Prime d’accession, den Opkafprogramm fir VEVA-Wunnengen {300 Milliounen}) an de Pacte Logement 2.0.
Op hirer Journée parlementaire war d’DP-Fraktioun sech eens, datt Klima- a Logementspolitik ëmmer mussen en Deel vun inklusiver Sozialpolitik sinn.
_______________________
- D’Klimagesetz vun 2020; den nationalen Energie- a Klimaplang; de PNEC (Plan national énergie climat); de gratis ëffentlechen Transport; Hëllefe fir energeetesch Sanéierungen, Photovoltaik a Wäermepompelen; de Klimapakt fir d’Gemengen. ↩︎



