Jugend

Jugend

Offer u betreitem Wunnen an u Jugendwunnengen ausbauen

D’DP wäert d’Offer u Jugendwunnengen an u betreitem Wunnen op nationalem Niveau ausbauen, fir Jugendlech a jonk Erwuessener beim Iwwergang an den Erwuessenenalter punktuell z’ënnerstëtzen.

Jugendtreffen am Secondaire developpéieren

D’Schoul ka vun den Erfarungen aus der oppener Jugendaarbecht léieren. Fir datt d’Schoul méi oppe gëtt an och zu enger lieweger Plaz vun de Jugendleche gëtt, solle Jugendtreffen an alle Schoule vum Secondaire ageriicht ginn. Déi Jugendlech sollen sech hir Fräizäit hei onofhängeg gestalte kënnen.

Jugendlecher duerch Jugendaarbecht a Workshop-Programmer aktivéieren

De Pilotprojet „Outreach Youth Work“ huet nei Impulser ginn, fir déi sougenannten NEETs („Not in Education, Employment or Training“) z’aktivéieren. D’DP wäert deen Usaz weiderentwéckelen, fir eng enk Vernetzung vun alle Mesuren aus der Jugendgarantie z’erreechen. D’DP wëll och eng Koordinéierung vun all den Offeren am Kader vun der Jugendgarantie.

Internater ausbauen an e Gesetz fir d’Qualitéit schafen

D’DP wäert d’Offer un Internater ausbauen an e Qualitéitskader schafen. D’Roll vun den Internater huet sech an de leschte Joerzéngte gradesou verännert, wéi hir Zilclientèle. Deen neie Kader soll där Entwécklung Rechnung droen.

Qualitéitskader fir Jugendlecher entwéckelen

D’DP wäert e Qualitéitskader entwéckelen – esou wéi an de Beräicher vun der Kannerbetreiung a vun der Jugendaarbecht – déi d’Basis fir d’Entwécklung vun der Qualitéit vun der Jugendhëllef duerstellt.

National Responsabilitéit iwwerhuelen

D’DP wäert d’Offer an der Jugendhëllef ausbauen an esou d’Zuel vun de Jugendleche reduzéieren, déi am Ausland ënnerbruecht ginn. Nëmmen op déi Manéier kann eng spéider Integratioun an d’Lëtzebuerger Gesellschaft garantéiert ginn.

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp