Pim Knaff

Keng Diskriminatioun wéinst sexueller Orientatioun

Et gëtt wéineg Evenementer, déi esou vill Leit begeeschteren ewéi eng Futtball-Europameeschterschaft. Eng Zäit an där de ronne Ball –an net d’Politik – dominéiert.

An nawell huet e Gesetz an Ungarn et elo fäerdeg bruecht, datt d’Gesellschaftspolitik de Sport an den Hannergronn gedréckt huet. Et goung neméi em de Video-Bewäis oder d’3er-Ketten, ma em eng déi symbolesch Reebou-Beliichtung vun der Münchener Allianz-Arena. Schlussendlech huet sech d’UEFA duerchgesat, déi soss de RESPEKT an den Anti-Rassismus fett op hire Fändel setzt.

Em wat geet et hei? Et geet em en ungarescht Gesetz, dat déi positiv Duerstellung vun Homosexualitéit, Transsexualitéit a vu Geschlechtsëmwandlung fir Kanner a Jungendlecher verbitt. An Ungarn passt deemno just Heterosexualitéit an d’Norm, ähnlech ewéi a Russland. Iwwer alles anescht dierfe jonk Leit net opgekläert ginn… dierf an der Schoul net mat hinnen doriwwer geschwat ginn

Lëtzebuerg an d’Majoritéit vun den EU-Memberen hunn Ungarn awer kloer ze verstoe ginn, wat si vun där Approche halen. Eis Regierung, d’Belsch an Holland hunn e Schreiwes initiéiert, mat deem si sech kloer géint d’Diskriminéierung vun der LGBTI-Communautéit gestäipt hunn an d’Anhale vun de fundamentale Wäerter an Europa verlaangen. De Gros vun den EU-Staaten huet sech domadder solidaresch erkläert.

Déi Reaktioun weist, datt Grondrechter a Rechtsstaatlechkeet fir d’Unioun net verhandelbar sinn.

An de leschte Joren huet sech villes zum Positiven entwéckelt, wat d’Rechter vun homo- an transsexuelle Mënsche betrëfft. An awer ginn et och zu Lëtzebuerg Kräften, deenen dat en Dar am A ass.

Fir d’DP ass et zanter jeehier kloer, datt kee Mënsch dierf wéinst senger sexueller Orientatioun diskriminéiert ginn. Eis liberal DNA ass do méi wéi eendeiteg… heiheem an an Europa.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Geziilt Inklusioun an der Grondschoul

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet den Nationalen Aktiounsplang fir d’Inklusioun an der Grondschoul presentéiert. Dee soll méi effikass, méi séier a méi cibléiert funktionéieren, fir dass all Kand seng Plaz fënnt, an och d’Elteren an d’Enseignanten déi néideg Ënnerstëtzung kréien.

weiderliesen...

Entrevue mat der ALEBA

De 25. Mäerz hat d‘DP-Fraktioun een interessanten Echange mat der ALEBA. Et goung ëm d’Nohaltegkeet vun eisem Pensiounssystem, de wirtschaftleche Wuesstem an d’Attraktivitéit vun eisem Standuert.

weiderliesen...

Noen Osten/Energie: Entwécklung am A behalen

An der Tribune Libre vun der DP kuckt den Deputéierte Gusty Graas haut a wéi wäit sech d’Situatioun am Noen Oste kéint op Lëtzebuerg auswierken. Fir de President vun der aussepolitescher Chamberkommissioun muss d’Regierung dobäi och, an zemol, d’Energie am A behalen.

weiderliesen...