Wat geschitt wann den Droit de garde net respektéiert oder d’Kand vum Partner entfouert gëtt?

Am Fall vun enger Scheedung soll e gedeelten Droit de Garde oft e Kompromëss an et soll kloer gereegelt sinn, wien d’Kanner wéini a fir wéi laang bei sech hunn. Net ëmmer gëtt sech allerdéngs un dat wat ausgemaach ass gehalen. Ëmmer méi oft héiert een och vu Fäll wou en Elterendeel d’Kanner méi laang bei sech behält oder och se net méi bei den Ex-Partner zeréckgoe léisst. Mat Zäite ginn d’Kanner esouguer mat an d’Ausland geholl, an dem Partner oder der Partnerin esou komplett entzunn. Oft kann och d’Police an dëse Situatiounen net vill maachen. D’Deputéiert Carole Hartmann a Pim Knaff hu beim zoustännege Ministère nogefrot wéi vill dëser Fäll et hei zu Lëtzebuerg ginn, a wéi se gehandhaabt ginn.

« En juin 2018, la loi instituant le juge aux affaires familiales et portant réforme du divorce et de l’autorité parentale a institué le principe de l’autorité parentale conjointe. Dans le cadre d’un divorce par consentement mutuel, les parents d’un ou de plusieurs enfants règlent par convention (homologuée par le juge aux affaires familiales) e.a. les modalités de l’exercice de l’autorité parentale.

Dans un article de presse au sujet du divorce au Luxembourg, une avocate ainsi que l’ancien Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher ont cependant affirmé qu’il existe souvent des cas au Luxembourg où un ou les deux partenaires n’observent pas les conventions susvisées.

Certaines personnes choisiraient (littéralement) de détenir leur(s) enfant(s) et la police se trouverait, dans ces situations, dans l’impossibilité d’intervenir. D’autres personnes choisiraient même d’enlever leur(s) enfant(s).

La ‘Convention sur les aspects civils de l’enlèvement international d’enfants’ de la Conférence de la Haye prévoit que le lieu de résidence d’un enfant ne peut être changé sans l’accord des deux parents. Il arriverait néanmoins souvent que l’un ou l’autre des parents décide d’emmener l’enfant à l’étranger. Même si les autorités judiciaires pourraient ordonner le retour de l’enfant, peu de pays suivraient la convention internationale.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Madame la Ministre de la Justice et à Monsieur le Ministre de la Sécurité intérieure :

  • Au cours des cinq dernières années, combien de cas d’enlèvement d’enfant par un parent ont pu être recensés?
  • Dans ce contexte, combien de fois les autorités judiciaires ont-elles du invoquer la Convention sur les aspects civils de l’enlèvement international d’enfants susmentionnée ?
  • Comment les autorités judiciaires et de police procèdent-elles si les autorités du pays vers lequel un enfant a été enlevé ne réagissent pas aux ordonnances judiciaires ?
  • Lors de la présentation du projet de loi menant à la loi du 27 juin 2018, Monsieur le Ministre de la Justice avait mentionné que dans certains cas, une inscription peut être faite sur le passeport d’un enfant, notant que l’enfant ne peut sortir du pays qu’avec l’accord des deux parents. Dans les cinq dernières années, combien de telles inscriptions ont été faites sur les passeports des enfants ? »

Äntwert

An de leschte fënnef Joer hunn d’Autoritéiten an 31 Fäll intervenéiert wou e Kand vun engem Elterendeel entfouert gi war. Tëscht 2016 an 2020 huet Lëtzebuerg op der Basis vun der Haag Konventioun 62 Mol de Retour vu Kanner ugefrot, déi illegal an d‘Ausland deplacéiert goufen. Wärend der selwechter Period huet Lëtzebuerg 5 Mol de Retour vun deplacéierte Kanner ugefrot déi a Länner deplacéiert goufen, déi d’Haag Konventioun net ratifizéiert hunn. Déi zentral Autoritéit vum Land wou e Kand matgeholl ginn ass, probéiert generell d’Kand ze lokaliséieren, no enger Erklärung ze froen a probéiert de fräiwëllege Retour vum entfouerte Kand ze erreechen. An eenzele Fäll, wou all Moyenen ausgeschöpft sinn, huet de Parquet net d’Moyenen iwwer d’Autoritéite vum ugefrote Land e Retour vum Kand ze erzwéngen. Duerch d‘Gesetz vum 27 Juni 2018, dat och d’Scheedung an d’Autorité parentale tëschent den Eltere reforméiert, gëtt et effektiv d’Méiglechkeet vun enger Entrée am Pass vum Kand, déi et dësem verbitt den Territoire ouni d’Autorisatioun vu béiden Elteren ze verloossen. Bis haut gouf esou eng Entrée nach net ugefrot.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Zousätzlech national Regëster fir gréisser Krankheeten ?

Den nationale Kriibsregëster erlaabt d’Entwécklung vu Kriibserkrankungen besser nozevollzéien an d’Effikassitéit vun Traitementer z’evaluéieren.
D’DP-Deputéiert Mandy Minella an Dr Gérard Schockmel hunn d’Fro un d’Gesondheetsministesch geriicht, ob net weider Regëster fir gréisser Krankheeten en place gesat sollte ginn, virop fir cardio-neuro-vaskulär-Erkrankungen, déi zu den Haaptdoudesursaachen hei am Land zielen.
Den Zougrëff vum CGDIS op dës Regëster sollt och an d’A gefaasst ginn fir d’Prise en charge an Noutfallsituatiounen ze verbesseren.

weiderliesen...

Eng nei Apdikt zu Wäiswampech ?

Zu Wäiswampech soll eng nei Apdikt installéiert ginn. Den DP-Deputéierten André Bauler huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot, aus wéi enge Grënn eng nei Apdikt installéiert gëtt, wéini dës Apdikt opgoe wäert an ob se dozou bäidroe wäert de Gardesystem am Norde vum Land ze verbesseren.

weiderliesen...

ITM-Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun

D’ITM gesäit d’Ënnerstëtzung vu Betriber an d’Preventioun als hir Prioritéiten un. Am Secteur vun der Restauratioun schéngt awer den direkten Asaz vu Sanktiounen no enger Kontroll éischter d’Reegel an net d’Ausnam ze sinn. An deem Kontext wollten d’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann vum Aarbechtsminister ënnert anerem wëssen, wéi vill Kontrollen am Secteur vun der Restauratioun an de leschte 5 Joer duerchgefouert, wéi vill Sanktiounen direkt no enger Kontroll prononcéiert a wéi vill Sanktioune reduzéiert oder zeréckgezu goufen.

weiderliesen...

Amokalarm an der Schoul – an elo?

Rezent koum et an engem Lëtzebuerger Lycée zu enger Interventioun vun der Police. Eng verdächteg Persoun war am Ëmfeld vum Lycée gesi ginn, wouropshin en Amokalarm ausgeléist ginn ass. Wéi ginn d’Schoulen an d’Lycéeën an esou engem Fall vir? Wat sinn d’Reegelen an d’Moyene Sécherheets- a Schutzmesuren déi an esou engem Fall zum Asaz kommen? Wéi gëtt d’Léierpersonal op esou Fäll preparéiert? Eis Deputéiert Barbara Agostino a Mandy Minella hunn sech beim Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend renseignéiert.

weiderliesen...