Klimawandel an Energiekris – Mir sëtzen all am nämmlechte Boot

De leschten Dënschdeg hat Lëtzebuerg säin Overshoot day. D.h. de 14. Februar hat eist Land theoretesch all seng natierlech an erneierbar Ressourcë fir dëtt Joer verbraucht. Mir liewen deemno däitlech iwwert eise Verhältnisser.

Déi Tatsaach ass zemol op de schlechten CO2-Bilan zeréckzeféieren. Dat weist, wéi wäit Lëtzebuerg nach ëmmer vu fossille Brennstoffer ofhängeg ass. Fir d’DP ass et desto méi wichteg, datt mir déi Tendenz esou séier ewéi méiglech ëmbéien.  

Dat gëllt net just op nationalem, ma och op kommunalem Niveau.

De Klimawandel an d’Energiekris spillen also och bei de Gemengewale vum 11. Juni eng ganz grouss Roll, well et ass kloer, datt d’Gemengeresponsabel hei hir Responsabilitéit iwwerhuelen mussen.

D’DP wëll de Klimaschutz op lokalem Niveau konsequent stäerken. Mir musse méi op nohalteg an energieeffizient Technologien ëmstellen. Ech denken do un den Ausbau vun der klimaneutraler Stroumversuergung, déi duerch den Ausbau vu Photovoltaik-Anlagen op de Gemengegebaier erreecht kann ginn. D’Mesuren aus dem Klimapakt 2.0 méiglechst flächendeckend ëmsetzen. Eng aner Pist si Partnerschafte mat lokalen a regionalen Energiekooperativen.

Ma mir kënnen och méi kuerzfristeg handelen. D’Stroosseluuchten op LED ëmstellen. Méi ëmweltfrëndlecht Material bei Bauprojete virschreiwen. Klima-frëndlech Subventiounen ausbauen. Nohalteg Krittäre fir Manifestatiounen op Gemengenniveau begleeden an ënnerstëtzen. D’Fuerparke vun de Gemenge schrëttweis op CO2-neutral Gefierer ëmstellen. D’Wandkraaft méi staark notzen. Berodungs-Agence fir Privatleit a Betriber op lokalem oder regionalem Niveau organiséieren. Dat si just e puer Beispiller, fir eis Ëmwelt an déi vun de kommende Generatiounen z’entlaaschten.

All klima-politesch Decisioune mussen awer zesumme mat de Leit diskutéiert ginn. D’DP denkt do u reegelméisseg Opklärungs- an Informatiounscampagnen, grad ewéi u Biergerversammlungen. Jidderee muss sech abréngen, well mir sëtzen all am nämmlechte Boot.

E Boot, an dem och eis Wirtschaft sëtzt. An hei denken ech  besonnesch un d’Landwirtschaft. E Secteur, deen am meeschte vum Klimawandel betraff ass, mee och deen, wou ganz vill Positives ka gemaach gin. Dofir ass et och esou wichteg, dee Secteur matzehuelen a mat all de Vertrieder aus der Landwirtschaft no Léisungen ze sichen. Mateneen an net géinteneen. Nëmmen esou komme mer virun. Mir kënnen déi grouss Erausfuerderungen nämlech just bewältegen, wa mer den direkten Dialog sichen an zesummen u geziilte Léisungen um Terrain schaffen. Dat ass den Enjeu an deen ass et derwäert dofir ze schaffen. Och an zemol an de Gemengen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Entrevue mat de Gewerkschaften

D’DP Fraktioun hat haut eng konstruktiv Entrevue mat der Union des syndicats OGBL-LCGB. Wéi eng Roll ka kënschtlech Intelligenz op der Aarbechtsplaz spillen? Wéi steet et ëm déi aktuell Gesetzgebung ronderëm de Reclassement professionnel?

weiderliesen...

1 Milliard Euro fir de Findel

De Lëtzebuerger Flughafe wiisst a wiisst: den zivillen Transport an dee vum Cargo. Den Ament passéieren eng 5,3 Millioune Passagéier d’Joer de Findel. Op déi lescht 10 Joer gekuckt ass dat eng Hausse vun 100 Prozent.

weiderliesen...

Staark Familljen. Staark Kanner.

D’DP setzt iwwert déi nächst Joren eng Reform ëm, déi d’Realitéit vun eiser Gesellschaft vun haut erëmspigelt. Dir hat d’Erklärungen dës Woch an ärer Bréifboîte. Hei fannt dir eisen Depliant an anere Sproochen a weider Dokumenter mat detailléierten Informatiounen.

weiderliesen...