Kultur

Kulturpolitik

Kulturpolitik: Kulturschaffend Leit am Mëttelpunkt

Kultur bréngt d’Mënschen zesummen. Besonnesch an der Covid-19-Pandemie ass ville Leit bewosst ginn, wéi wichteg sozial Kontakter an eng gutt Gesellschaft sinn. Dat betrëfft besonnesch d’Kultur. D’DP fërdert zanter Joren déi kulturell Villfalt a gesäit dat och an Zukunft als eng vun hire Prioritéiten un. Dozou gehéieren net nëmme Muséeën, Theater, Filmproduktiounen asw., maa och den Estime fir déi Kulturschaffend an hir Aarbecht.

D’Kultur ass fir jiddereen do. Fir d’DP ass et prioritär, datt och jonk Mënsche fréi mat der Kultur a Kontakt kommen. Esou huet d’DP an dëser Legislaturperiod ë.a. de gratis Museksunterrecht ageféiert a verschidde Kulturprojeten an de Schoule lancéiert.

Déi nämmlecht Zäit ass dat neit Denkmalschutz-Gesetz ugeholl ginn, dat ënnert dem Lead vun engem DP-Minister ausgeschafft ginn ass. Op déi Manéier hu mir elo endlech kloer an transparent Reegele fir d’Protektioun vum kulturellen Ierwen; sief et architektonesch, archäologesch, mobil oder immateriell.

De Kulturentwécklungsplang (KEP) spillt an deem Kontext eng aussergewéinlech wichteg Roll a steet fir Dialog a fir e permanenten Echange. Besonnesch d’assises culturelles sollen eng fortlaafend Kommunikatioun tëschent dem Kulturministère an de Kulturschaffende garantéieren. De Kulturentwécklungsplang muss dofir stänneg weiderentwéckelt ginn – nëmmen esou kann hie seng Roll erfëllen.

Kulturpolitik ass och Standuertpolitik. D’DP wäert d’Positioun vu Lëtzebuerg op der Weltkaart mat enger méi breeder kultureller Offer stäerken. Mat Esch2022 huet eist Land säin Image iwwer d’Grenzen eraus verstäerkt. Kulturell Associatioune mussen awer och déi néideg Moyene kréien, fir am Ausland op sech opmierksam maachen ze kënnen.

Klassesch Kultursitten, déi eist Land mat gepräägt hunn, mussen hir Infrastukturen opwäerten, fir méi attraktiv ze ginn. Zesumme mat de Gemenge mussen dofir Strategien ausgeschafft ginn, déi dëse Sitten eng laangfristeg kulturell Perspektiv sécheren a si zu engem Point d’attrait vum doucen Tourismus maachen.

Antik Kutlursitte gehéieren zu eiser Identitéit. Mir setzen eis dofir an, datt déi Sitte matenaner verbonne ginn a méi visibel op der Landkaart vum Kulturtourismus ginn. Digital Medie sollen dobäi hëllefen, fir déi essentiell Informatiounen och a Leichter Sprache ze vermëttelen. Zesumme mam Tourismusministère solle réimesch Stroossen a Villaen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun fir méi e breede Public bekannt a méiglechst accessibel gemaach ginn.

Historesch Gäert stinn dacks a Verbindung mat protegéierte Gebaier. D’Charta vu Florenz reegelt hir Protektion. Mir wëllen déi Fleeg ënnerstëtzen. Mir wëllen en nationale Präis schafen, mat deem all déi Leit an Institutiounen ausgzeechent ginn, déi sech dem Erhalt an dem fachmänneschen Ënnerhalt vu historeschen Gaardenanlagen consacréieren.

Doriwwer eraus wëlle mir d’Initiativ Rendez-vous aux jardins zesumme mat de Gemengen a mat den Naturparken ausbauen. Et geet drëm, fir zäitgenössesch Konscht am Kader vun aler a vu moderner Architektur matenaner ze verbannen.

Mir engagéieren eis fir d’Schafe vun enger Nationalgalerie, déi Wierker vun unerkannte Lëtzebuerger Kënschtler ausstellt a versuergt. Esou soll och d’Konschtgeschicht vun eisem Land de Mënsche méi no bruecht ginn, fir datt dat kënschtlerescht Wierken vu Lëtzebuerg ausgestallt a versuergt gëtt.

Ënnert der Responsabilitéit vum Kulturministère an a Kollaboratioun mat den verschiddene Acteurë solle en digitale Lexikon vun der Lëtzebuerger Konschtzeen a vum nationale Konschthandwierk erstallt ginn, fir de jonke Generatiounen d’Schafenskraaft an d’Kreativitéit vun eiser Konschtzeen méi no ze bréngen.

Mir setzen eis dofir an, datt déi professionell Acteuren aus der Lëtzebuerger Danzzeen geschwënn eege Raimlechkeete kréien. Als kulturell Ambassadeure brauche si adaptéiert Konditionen, fir hir Konscht beschtméiglech entfalen ze kënnen.

Mir wëllen déi kulturell Offer méi siichtbar a méi iwwersiichtlech maachen, well vill Leit d’Iwwersiicht iwwert déi grouss Offer verléieren.

Zesumme mat den Acteuren a mat den nationalen a regionale Kulturinstitutioune wäerte mir dofir de Portail echo.lu weiderentwéckelen. D’Leit sollen d’Parametere kënnen op hir eegen Besoinen astellen kënnen.

Konschthandwierker, Designer, Grafiker a soss Leit aus der Kreativbranche fannen hir Clienten ëmmer méi an de Pop-up-stores, a soss klenge Butteker an op den Hobbymäert. D’Nohaltegkeet spillt dobäi eng grouss Roll. Dofir wëll d’DP sech verstäerkt dofir asetzen, datt Kënschtler kënnen Atelieren, Verkaafsflächen a Plattforme kréien. Den 1535° zu Déifferdeng ass bis elo den eenzege Krativzentrum zu Lëtzebuerg. D’DP wäert dofir suergen, datt dat Konzept och op aner Sitten am Land kënnt.

Kultur LX wäert an d’Villa Louvigny an d’Häerz vun der Stad kommen. Trotzdeem besteet weider e Besoin fir esou Sitten. Zu Miersch gëtt et z.B. den Zentrum fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Zousätzlech Kulturprojete kéinten op aner Plazen am Land installéiert ginn.

Och Fräiliicht-Evenementer ginn ëmmer méi wichteg. D’Kultur muss bei d’Leit goen. Si gehéiert an d’Mëtt vun der Gesellschaft.

Konscht am ëffentleche Raum soll méi e grousse Stellewäert kréien. Esou wéi elo schonn 1 Prozent vum assoziéierte Budget bei ëffentleche Projeten a Gebaier fir Konscht gebraucht gëtt, soll och all ëffentlech Plaz eng kulturell Approche kréien.

D’Zuel vun den entweite Kierchen an eidele Paschtéieschhaiser geet an d’Luucht. Gebaier, déi de Gemenge gehéieren oder de Gemenge vun de Kierchefongen zur Verfügung gestallt ginn, kënne sënnvoll fir nei kulturell a gesellschaftlech Zwecker profitéiert ginn. D’DP ënnerstëtzt esou alternativ Notzungen a wäert sech – wou et Sënn mécht – dofir asetzen, déi Gebaier mat hirem mobilen Kulturierwen als national Momumenter ze protegéieren.

D’Verwaltung vun de Schlässer a vun de Buerge gëtt dacks duerch Fräiwëlleger assuréiert. D’DP wëll dat Volontariat och an Zukunft ënnerstëtzen.

Mir wäerten zousätzleche Wunnraum fir jonk, fräischaffend Kënschtler schafen; iwwer Land an an de Stied.

Am Accord mat de Gemengen a mat de Proprietäre wäerte mir protegéiert, historesch Gebaier, déi eidel stinn, lounen, fir se Kreativschaffenden fir hir Aarbecht zur Verfügung ze stellen. Proprietären, déi matmaachen, solle steierlech entlaascht ginn.

Weider wëlle mir a gréisseren Uertschaften zousätzlech Kënschtlerresidenze schafen, wou jonk Nowuesstalenter kënnen a Co-Locatioune liewen a sech austausche kënnen. Dat stäerkt d’Diversitéit vun de lokale Gemeinschaften, ënnerstëtzt d’Kënschtler a suergt fir eng Beliewung vun de Bannestied. Mir wëllen awer och eidel Commerceflächen notzen, wou d’Kënschtler kënnen Atelieren ariichten.

Net fir näischt huet d’UNESCO d’Sprooch als éischte Pilier vun eisem kulturellen Ierwe genannt. D’Sprooch an de Sproochgebrauch sinn d’Basis vun all Traditioun. Och d’Lëtzebuerger Traditioune sinn enk mat eiser Mammesprooch verknäppt.

An deem Sënn huet den DP-Bildungsminister eng Partie vun Initiativen lancéiert.

D’Uni Lëtzebuerg spillt eng wichteg Roll bei der Erfuerschung a bei der Dokumentatioun vun der Lëtzebuerger Sprooch, vun eisen Traditiounen a vun eise Gebräich. Esou ass ë.a. och eng nei Bachelor-Filière geschafe ginn. Nieft der Master-Filière, kënnen d’Studenten elo direkt no der Première lëtzebuergesch Wëssenschafte studéieren.

Iwwer d’Sprooch ewech, dréit dat immatriellt Ierwen zum sozialen Zesummenhalt bäi. Dat erfuerdert awer, datt déi Themen och an der Schoul musse behandelt ginn. Kanner a Jugendlech mussen de Sënn an d’Originne vun enger Tradition verstoen, fir se vu Generatioun zu Generatioun weiderzeginn.

Am Juni 2022 waren déi zweet Aktiounswoche Lëtzebuerg (er)liewen. Dobäi geet et ëm jonk Mënschen, Schüler a Schoulen, déi d’Welt vun der Lëtzebuerger Musek, vum Theater, der Literatur oder vum kulturellen Ierwe relancéiere sollen. Déi respektiv Websäit vum Bildungsministère, mat Material fir Enseignanten a Kanner, soll weider ausgebaut ginn. D’DP gesäit d’Kultur als wichtegen Deel vun der gesellschaftlecher Integratioun.

Den Denkmalschutz ass der Zäit mam neie Gesetz ugepasst ginn. Déi spezifesch Adaptatioune sinn awer nach net ofgeschloss. D’DP wäert d’Applikatioun vum Gesetz iwwerpréiwe loossen,   a kucken, ob d’Critèrë vun den Demandë mussen à jour gesat ginn. Enger Demande solle Proposen iwwer nei Notzunge vum Objet bäigeluecht ginn.

Doriwwer eraus wäert d’DP iwwert eng Gläichstellung vu Staat a Gemenge bei der Protektion vu Gebaier nodenken. Den Ament gëtt et den nationale Schutz an d’Protectioun iwwert den allgemenge Bebauungsplang (PAG) an de Gemengen. E permanenten Dialog tëschent dem INPA (Institut national pour le patrimoine architectural) an de Gemengen ass noutwendeg, fir historesch Baute responsabel ze protegéieren.

D’Uni Lëtzebuerg huet – am Echange mat der Population – e Projet iwwer d’Opschaffe vun de lokale Kulturierwe fir Esch2022 duerchgeféiert. Esou Projete sollen op nationalem Niveau ausgebaut ginn.

Déi energeetesch Sanéierung vu Gebaier ass absolut néideg. Al, geschützten Haiser – selon l’art an de Reegele vum Momumenteschutz no – ze sanéieren, ass ouni Kompromësser nëmme schwéier méiglech. Mir mussen zesumme mat de Proprietären zukunfunftsorientéiert, individuell Léisunge fannen.

Zu Lëtzebuerg feelen Handwierker, déi dat traditionellt Handwierk beherrschen. Dofir wäert d’DP dofir suergen, datt esou eng Zousazausbildung am Institut für sektorielle Ausbildung im Bauwesen ugebuede gëtt.

Am Kader vum neie Gesetz iwwert dat kulturellt Ierwe sinn eng Rei nei Instituter geschafe ginn. Dat immateriellt Ierwen ass dobäi allerdengs net berücksichtegt ginn. Domadder läit d’Responsabilitéit bei den traditionellen Akteuren, déi den Ament awer net genuch ënnerstëtzt ginn.

Weider gëtt d’Wëssen iwwer déi verschidden Traditiounen ëmmer méi rar, well d’Zuel vun de Leit, déi Bescheed wëssen, ëmmer méi kleng gëtt. D’DP wäert sech dofir asetzen, fir en inter-ministeriellen Aarbechtsgrupp ze schafen an dono d’Gesetz esou unzepassen, datt och fir dëse Beräich en Institut geschafe gëtt.

D’Gemenge sollen endlech dozou encouragéiert ginn, modern an zukunftsfäeg Gemengebibliothéiken anzeriichten. Fir d’DP ass et wichteg, déi ëffentlech Veräinsbibliothéiken ze subventionéieren, fir si a permanent Bibliothéiken ëmzewandelen a fir d’Zuel vun de Gemengebibliothéiken séier z’erhéijen. De Staat iwwerhëlt als Partner eng Incent-Funktioun; d’Decisioune ginn awer op lokalem Niveau an am Respekt mat der kommunaler Autonomie getraff.

D’Gesetz vum 24. Juni 2012 iwwer déi ëffenlech Bibliothéike gëlt den Ament als dat autoritäerste Gesetz an der EU. Dofir wäert den Text mussen an Zukunft ugepasst ginn.

An deem Kontext fuerdert d’DP, datt d’Ëffnungszäiten an d’Servicer mussen ausgebaut ginn, fir de Cliente flexibel Zäiten ze bidden – onofhängeg vun der Aarbecht a vun hirem Kalenner. Mir wëllen eng national Bibliothéike-Kaart aféieren, déi ee kann online ufroen, a mat däer ee kann an d’Bibliothéiken uechter d’ganz Land an ouni Umeldung goen. Zousätzlech soll en nationale Service ageféiert ginn, fir sech Bicher aus anere Bibliothéiken a seng lokal Bibliothéik liwweren ze loossen. Dee Service soll mat engem digitale Pick-up-System funktionéieren.

De Konschtunterrecht an de Schoulen orientéiert sech meeschtens un der Vergaangenheet. Jonk Leit begeeschteren sech awer éischter fir e méi moderne Content. D’DP ass der Meenung, datt eis Schüler sollte Kontakt mat zäitgenössescher Kënschtler hunn. En Echange kéint béid Säiten inspiréieren.

Als DP si mir der Meenung, datt den Accès zu der Konscht a Kultur – als Deel vun der Allgemengbildung – muss barrière-fräi a fir jiddereen accessibel sinn. Aussstellungen an net-accessibelen oder net-barrièrefräie Sitte sollten digital accessibel gemaach ginn. Och d’Offer vun digitale Kultursitte sollt ausgebaut ginn. D’Digitaliséierung vu Projete soll och en interaktiven Echange mat Kënschtler a Fuerscher méiglech maachen. D’Digitaliséierung vu wäertvolle Bicher soll verstäerkt ginn.

Lëtzebuerg huet eng ganz Partie vu renomméierte Kënschtler a sollt dofir eng digital Galerie fir lëtzebuergesch Konscht schafen. D’Kënschtler sollten accessbiel sinn a vu sech a vun hire Wierker verzielen. D’Zil ass et, datt déi digital Visiteuren d’Kënschtler an hir Wierker bal reell erliewe kënnen.

D’Nuit de la culture zu Esch sollt nach méi staark digitaliséiert ginn. Mat Esch2022 si schon nei digital Weeër genotzt ginn, z.B. bei der digitaler Konschtausstellung an der fréierer Möllerei op Belval.

Wéinst dem Manktem u Fräiwëllegen, wëlle mir déi regional Kultur-Acteure personell ënnerstëtzen. Fir datt si hir organisatoresch Aarbecht méi professionell a virun allem méi einfach maache kënnen, ouni dobäi d’Decisiounsrecht ze verléieren. Besonnesch regional Festivalle sinn op esou Hëllef ugewisen, déi di Fräiwëlleg a puncto Ëffentlechkeetsaarbecht ënnerstëtze kënnen.

D’DP wëll sech fir eng besser Visibilitéit vun de Beruffsperspektiven am Kulturberäich asetzen. D’DP denkt z.B. un d’Aféierung vun engem Kulturdelegéierten an de Schoulen, deen de Schüler kéint d’Kultur méi no bréngen a si iwwer d’Beruffsméiglechkeeten an deem Beräich informéiere kéint.

Etuden am Ausland weisen, datt d’Kultur een net onweesentleche Bäitrag un der nationaler Wirtschaft ausmécht. D’DP wëll esou eng Etude fir Lëtzebuerg maachen an d’Branche – jee nom Resultat vun der Etude – weider fërderen.

Een Observatoire de la Culture kéint ee permanente Monitoring an eng kontinuéierlech Fuerschung garantéieren. Just esou kann ee feststellen, wéi d’Kultur zu Lëtzebuerg funktionéiert, wou weider Efforten néideg sinn, a wéi een déi kulturell Entwécklung vum Land beschtméiglech ënnerstëtze kann.

De Kulturministère brauch déi néideg Mëttel, fir senger Missioun gerecht ze ginn, fir d’Lëtzebuerger Konscht- a Kulturzeen z’ënnerstëtzen an ze fërderen.

D’Regierung beméit sech zanter Joren, fir de Budget z’erhéijen. D’DP wäert sech och weider dofir asetzen, fir e Kulturbudget an Héicht vun engem Prozent vum Staatsbudget ze garantéieren.

D’Partnerschaft tëschent der Ekonomie an der Kultur geet iwwert de Prinzip vun enger Investitioun eraus. Duerch de Support vun der Kultur leeschten d’Entreprisen ee grousse Bäitrag fir eis Gesellschaft. Dozou gehéieren och Initiativen, déi Mënschen zesummebréngen an nei Gemeinschafte schafen.

Fir déi Zesummenaabecht och an Zukunft ze garantéieren, soll e staarke Mäzenat (Kultursponsoring) gefleegt ginn. De finanziellen a materielle Support stäerkt net nëmmen de Kulturbudget laangfristeg, ma en hëlleft och, datt d’Kultur ka méi onofhängeg vum Staat funktionéieren an esou als Garant fir déi sozio-ekonomesch Entwécklung erhale bleift.

Fir déi Relatiounen ze fërderen, soll eng Plattform d’Rencontren tëschent Wirtschaft a Kultur erliichteren, an den Opbau vun Netzwierker erméiglechen.

Kultur leescht hire Bäitrag zur Ënnerstëtzung vun de Sustainable Development Goals (SDG), wa si innovativ, demokratesch, partizipativ, nohalteg a klimaneutral ass. Kulturschaffend, Institutiounen oder Veräiner solle bei hire Projeten duerch effikass a sënnvoll Mesurë begleet ginn, fir esou eng nohalteg Kulturpraxis ze fërderen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp