Mobilitéit

Mobilitéit

Mobilitéit: modern Verkéiersinfrastrukture fir haut a muer

Lëtzebuerg brauch eng modern Verkéiersinfrastruktur, fir datt d’Bierger bequem a méiglechst séier vun A op B kënne kommen. Ronn annerhallef Stonn brauch all Bierger am Schnëtt den Dag fir sech virunzebeweegen. D’DP wëll dës Zäit däitlech reduzéieren.

An der aktueller Legislaturperiod huet déi vun d’DP-gefouert Regierung ugefaangen, de chroneschen Nohuelbedarf am Beräich vun de Verkéiersinfrastrukturen opzehuelen. D’TramsGesetz gouf gestëmmt an de Bau vum Tramsnetz läit am Zäitplang. Déi nei Gare am Pafendall mam Funiculaire op de Kierchbierg gouf gebaut, wat däitlech Zäiterspuernësser a Richtung Kierchbierg bedeit. Den dréngend néidegen Ausbau vun der Stater Gare huet ugefaangen a wäert zousätzlech Zuchkapassitéite schafen. Den Ausbau vun zwou op dräi Spuere vun der Autobunn A3 a Richtung Süde wäert deemnächst ufänken a mëttelfristeg fir Entlaaschtung op dëser iwwerlaaschter Streck suergen. Och d’Gesetz iwwert dat nationaalt Vëlosnetz ass an der Chamber gestëmmt ginn, fir d’Lächer am Netz zouzemaachen a fir d’Sécherheet vun de Cyclisten ze garantéieren.

Trotz Rekordinvestitiounen an d’Verkéiersinfrastrukture wärend de leschte 5 Joer, huet Lëtzebuerg nach ëmmer e chroneschen Nohuelbedarf u Verkeiersinfrastrukturen. Well d’Mobilitéitsplanung allerdéngs mat der Entwécklung vum Land Schrëtt hale muss, wäert d’DP d’Investitiounen an d’Mobilitéit däitlech erhéijen.

Fir d’DP soll am Endeffekt den eenzele Bierger selwer entscheeden, wat fir e Verkéiersmëttel e benotze wëll. Den ëffentlechen Transport soll an deem Mooss gestäerkt ginn, datt e gréisstendeels eng gläichwäerteg oder esouguer besser Alternativ zum Individualtransport bitt. Den Ament falen ëmmer nach ze vill Zich aus, hu Verspéidung oder sinn zu Spëtzenzäiten iwwerfëllt. Ronn zwee Prozent vun de Leit fuere reegelméisseg mam Vëlo fir sech virun ze beweegen. Besonnesch op kuerzen Distanzen ass de Vëlo eng reell Alternativ. Dofir wäerte mir massiv an d’Offer an an d’Sécherheet vu Vëlosweeër investéieren. D’DP wäert och konsequent Stroossebauprojetë virundreiwen, a ganz besonnesch de Bau vu Ëmgéiungsstroossen, déi zu enger Verkéiersberouegung a villbefuerenen Uertschafte féieren an d’Liewensqualitéit vun den Awunner däitlech erhéijen.

D’DP wäert d’Erausfuerderung an der Mobilitéit als e Ganzt ugoen: dat geet vun der grondsätzlecher Vermeidung vun onnéidegem Verkéier – zum Beispill duerch dezentral Aarbechtsplazen an duerch den Télétravail – bis zu massiven Investitiounen an den ëffentlechen Transport an an d’Verkéiersinfrastruktur. Mir wäerten dat vun der DP-gefouerter Regierung ausgeschaffte Mobilitéitskonzept MoDU 2.0. an de Plan sectoriel „Transport“ ëmsetzen. D’DP wäert zousätzlech dofir suergen, datt déi geplangte Mesurë mat däitlech méi finanzielle Mëttelen equipéiert an domat spierbar méi séier realiséiert ginn. Mir wäerten doriwwer eraus d’Prioritéitelëscht vun de grousse Verkéiersinfrastrukturprojeten iwwerschaffen a wichteg Projete virzéien. Dës konzentréiert Approche am Sënn vun engem nationale Mobilitéitsplang wäert dofir suergen, datt d’Bierger däitlech méi frei wéi geplangt. vum Ausbau vun der Verkéiersinfrastruktur profitéiere kënnen.

Verkéiersinfrastrukturprojete méi séier ëmsetzen an Investitiounen däitlech erhéijen

D’DP wäert d’Mobilitéitskonzept an de sektorielle Plang „Transport“ méi séier a méi konsequent ëmsetzen, ewéi bis elo geplangt. Mir wäerten donieft och d’Prioritéitelëscht vun de geplangten Infrastrukturprojeten iwwerschaffen an zäitlech virzéien. Wichteg Projeten, wéi d’multimodal Plattformen, d’Tramverbindung op Esch-Belval an den Ausbau vun der Stater Gare, hunn absolut Prioritéit. Stroossebauprojeten a Contournemente ginn eenzel op de Leescht geholl a wann néideg gëtt hir Prioritéit ugepasst. D’DP wäert an den nächste Joren de Budget fir d’Infrastrukture par Rapport zur leschter Period däitlech erhéijen. D’DP wäert sämtlech Investitiounen an d’Stroossen-, d’Schinnen- an an d’Vëlosnetz iwwerpréiwen an d’Investitioune pro Joer erhéijen, fir Projeten esou méi séier kënnen ëmzesetzen.

Nei Finanzéierungsmodeller fir Verkéiersinfrastrukturen

De Besoin u Verkéiersinfrastrukturen ass nach ëmmer ganz grouss. D’DP wäert en ambitiéisen Investitiounsprogramm op d’Been stellen an Infrastrukturprojete fir eng besser Mobilitéit däitlech méi séier ëmsetzen, ewéi bis elo geplangt. Fir dës Projete méi zolidd a méi effikass kënnen ze finanzéieren wäerte mir, niewent dem Erhéije vum entspriechende Budget, och alternativ Finanzéierungsmodeller a Kooperatioun mat der europäescher Investitiounsbank a mat private Partner a Betruecht zéien.

Mobilitéitsberoder fir Gemengen aféieren

Besonnesch méi klenge Gemenge feelt et dacks um néidege Knowhow, fir en eegent Mobilitéitskonzept opzestellen. D’DP wäert de Gemengen am Kader vum Klimapakt e Mobilitéitsberoder zur Säit stellen, fir zesummen e kommunaalt Mobilitéitskonzept auzesschaffen.

Mobilitéitskonzepter fir Betriber fërderen

D’Entreprisen hunn eng grouss Verantwortung, wat de Mobilitéitsmanagement vun hire Mataarbechter ugeet. D’DP wäert déi Betriber ënnerstëtzen, déi Mobilitéitskonzepter fir hir Mataarbechter ëmsetzen. Sougenannten „Mobility Manager“ sollen den Entreprisen hëllefen, fir dës Konzepter auszeschaffen an ëmzesetzen.

Nei innovativ Verkéiersmëttel studéieren

Eng gutt an effizient Organisatioun vun der Mobilitéit ass net nëmme wichteg fir eis Ekonomie, ma och fir d’Liewensqualitéit. Grad ewell d’Mobilitéit eng vun eise gréissten Erausfuerderungen ass, wäert d’DP sech neien, innovative Verkéiersmëttel net verschléissen.

D’Qualitéit vum Stroossennetz an d’Liewensqualitéit vun den Awunner erhéijen

D’DP wäert d’Qualitéit vun eisem Stroossennetz verbesseren a geplangte Contournementer konsequent ëmsetzen. D’DP wäert Projete vu Contournementer, déi zesummenhänken (wéi z.B. Nidderkäerjeng an Dippech oder Ettelbréck a Feelen) séier ëmsetzen, fir datt eng Uertschaft net wéinst der Verkéiersberouegung an där anerer Uertschaft Uertschaft leide muss.

D’Capacitéit vun de Stroossen duerch eng flexibel Notzung vun de Fuerbunnen a vun de Säitesträifen ausbauen

D’DP wëll intelligent Systemer asetzen, déi d’Unzuel u Fuerbunnen, jee no Verkéier, an déi eng Richtung erhéijen an an déi Aner reduzéiere kann. Esou kéinte mir eis virstellen, datt moies méi Fuerbunnen a Richtung Stad zur Verfügung stoe géifen an owes wier et ëmgekéiert. D’DP wäert och préiwen ob e mobille Leitplankesystem op eisen Autobunnen a Landstroosse machbar ass, fir och esou d’Capacitéit an de Stousszäiten ze erhéijen.

 

D’DP wäert och d’Méiglechkeet préiwen d’Säitesträifen op den Autobunne wärend den Haaptberuffszäiten als zousätzlech Spuer ze notzen. Esou kéint d’Standspur bei staarkem Trafic als zousätzlech Fuerbunn erkläert ginn. Dëse Prinzip fonctionnéiert schonn an Holland an a Bayern.

Intelligent, digitaliséiert Verkéiersleetsystemer aféieren

D’DP wäert intelligent Verkéiersinformatiouns- a Verkéierleetsystemer op den Autobunnen an op vill befuere Stroossen asetzen. Dës Technik wäert d’Stroossecapacitéit duerch eng intelligent Systemtechnik a Verkéiersmanagement erhéijen. An Echtzäit kënnen esou Daten iwwert d’Auslaaschtung vun de Stroossen gesammelt an a Verbindung mat den Date vun den Automobilisten an engem intelligente Verkéiersmanagment zesummelafen.

 

Donieft wäert d’DP d’Rout Luuchten intelligent steieren an och de Prinzip vun der grénger Well esouwäit wéi méiglech ausbauen.

Gratis ëffentlechen Transport

Fir méi Leit op den ëffentlechem Transport ze kréien, wäert d’DP landeswäit e gratis ëffentlechen Transport aféieren. Elo schonn ass den ëffentlechen Transport gréisstendeels vum Staat subventionéiert. 2018 huet dat knapp 900 Milliounen Euro kascht. De Verkaf vu Billjeeën an Abonnementer deckt just e klengen Deel vun de Käschten, nämlech ronn 30 Milliounen Euro. Duerch d’Aféiere vum gratis ëffentlechen Transport kann een Deel vun dëse Recetten duerch d’Ewechfale vu Kontrollen a Billjeesverkeef kompenséiert ginn. D’DP wäert iwwregens och d’Sécherheetspersonal am ëffentlechen Transport opstocken.

Mobilitéit grenziwwerschreidend denken

D’DP wäert d’Groussregioun an d’Mobilitéitsplanung matabezéien. Et geet net duer, fir P&Ren ze bauen, ma et mussen der och an der Grenzregioun geplangt ginn. Dofir mussen d’Tariffer vum ëffentlechen Transport an der Grenzregioun deenen zu Lëtzebuerg méi no kommen. D’DP wëll en MPass fir d’Groussregioun ubidden. Donieft setze mir eis fir besser’Zuchverbindungen an d’Ausland an (z.B. op Bréissel).

Tram ausbauen

D’DP wäert déi geplangten Tramslinnen (Esch, Leideleng, Stroossen a Mamer) méi séier realiséieren. Fir d’DP muss och an Zukunft e schnellen Tram, iwwert de Waldhaff a Jonglënster bis op Iechternach fueren. Beim Ausbau vum Tramsnetz wäert d’DP déi nei Strecken däitlech méi séier ëmsetzen an och méi finanziell Mëttelen zur Verfügung stellen, fir datt d’Bierger net eréischt an 10 Joer vun dësen zousätzleche Verbindunge profitéiere kënnen.

Expressbuslinnen a Verbindungen tëschent den Uertschafte stäerken

D’DP wäert op den Haaptverkéiersachsen zousätzlech Expresslinnen asetzen, déi nëmmen op e puer zentrale Bushaltestelle stoebleiwen. Regional a kommunal Buslinne sollen d’Verbindung tëschent mat méi klengen Uertschaften an dësen Expresslinnen garantéieren. Duerch dës Reorganisatioun vun de Buslinnen erhoffe mir eis eng däitlech Verbesserung vum ëffentlechen Transport. D.h. datt d’Leit méi séier vun A op B kommen!

Vereelzten Zich konsequent ersetzeng

D’DP wäert eng Materialoffensive am Schinneverkéier lancéieren. Et ass net méi der Zäit ugepasst, datt besonnesch op de Linne Richtung Norden, ëmmer nach Zich agesat ginn, déi quasi net accessible fir Rollstill, Poussetten a Vëloe sinn. D’DP wäert flächendeckend modern an accessibel Zich mat Wifi asetzen.

D’Horairë vu Bus an Zuch besser openeen ofstëmmen

D’DP wäert d’Horairen am ëffentlechen Transport iwwerschaffen, fir d’Bus- an d’Zuchverbindunge besser openeen ofzestëmmen. Besonnesch déi regional Linnen, déi d’Garen ufueren, musse verbessert ginn.

D’Mobilité douce fërderen

Ob mam Vëlo, mat der Trottinette oder zu Fouss, d’Mobilité douce ass net nëmmen ëmweltschounend, mä entlaascht och de Stroosseverkéier. Dofir wäerte mir dës Mobilitéit konsequent fërderen andeems mer méi a Foussgänger- an a Vëlosweeër investéieren, fir dës Zort vu Fortbeweegung méi attraktiv ze maache géintiwwer vun Auto a Bus.

Verkéiers- a Foussgängersécherheet verbesseren

D’DP wäert verstäerkt an d’Verkéierssécherheet investéieren, fir d’Accidenter op e Minimum ze reduzéieren. Mir wäerten mat der Strategie „Vision 0“ virufueren, déi als ambitiéist Zil huet, fir déi Verkéiersdoudeg op Null ze kréien. E besonnesche Fokus muss op d’Sécherheet vun de Foussgänger geluecht ginn, well si sinn dat schwächste Glidd am Verkéier. Mir wëllen e grousst Konzept ausschaffen, dat d’Sécherheet an d’Visibilitéit vun de Foussgänger, besonnesch an der kaler Joreszäit, garantéiert. Dat bedeit z.B. eng konsequent an effektiv Beliichtung vun den Zebrasträifen a vu de vill benotzen Trottoiren.

Fräien Accès am ëffentleche Raum garantéieren

Mënsche mat Aschränkungen an eeler Leit mussen och um gesellschaftlechen Liewen deelhuele kënnen. Dofir wäert d’DP sech konsequent fir d’Accessibilitéit am ëffentleche Raum an am ëffentlechen Transport asetzen.

Séier Vëlosweeër an de Vëlosreseau konsequent ausbauen

D’DP wäert e „séiere“ Vëloswee vun der Stad bis op Esch bauen. Esou e Wee géif eng sécher, séier a méiglechst flaach Verbindung fir Vëlos- a Pedelecfuerer virgesinn. Och aner Strecke kéinte fir esou Weeër a Fro kommen.

 

D’DP wäert dat an dëser Legislaturperiod gestëmmte Gesetz iwwert den nationale Vëlosreseau konsequent ëmsetzen an och fir e séieren Ausbau vum Vëlosreseau a vu Vëlosparkinge suergen. Déi néideg finanziell Mëttel wäerten dofir deblockéiert ginn.

D’Elektromobilitéit fërderen

Eng flächendeckend Infrastruktur fir Luetstatiounen ass d’Grondviraussetzung fir de Succès vun der Elektromobilitéit. D’DP wäert dofir de landeswäiten Ausbau vu Luetstatioune fërderen. Doriwwer eraus wäert d’DP de superreduzéierten TVA-Taux vun 3% op elektresch Gefierer (E-Auto, E-Bike, Pedelec, elektresch Trottinetten etc) applizéieren, esoubal dëst am Kader vun den europäesche Bestëmmungen erlaabt ass.

Covoiturage fërderen

Vill Automobiliste sëtze wärend dem Beruffstrafic eleng am Auto. Wa méi Leit zesummen an engem Auto géinge fueren, wiere vill manner Autoen op de Stroossen. D’DP wäert de Covoiturage op verschidde Busspuren erlaben. D’DP-gefouert Regierung huet eng Covoiturage-App opgemaach, fir d’Benotzer vu Matfuergeleeënheeten einfach mateneen a Verbindung ze bréngen. D’DP wäert d’Vernetzung vu Fuergemeinschaften ausbauen.

Carsharing-Offere mateneen vernetzen

Et gi méi Carsharing-Systemer hei am Land, déi et de Leit erméiglechen en Auto fir eng begrenzten Zäit auszeléinen. Fir de Carsharing nach méi attraktiv ze maachen, wäert d’DP d’Bedreiwer vun dëse Systemer fir eng Zesummenaarbecht motivéieren. Denkbar wier z.B. fir déi verschidde Systemer an enger Carsharing-App ze regroupéieren an d’Parkplaze, déi fir déi Autoe virgesi sinn, ze deelen.

Méi bëlleg Taxien duerch komplett Liberaliséierung vum Marché

D’Taxisreform vun 2016, huet hiert Zil, fir Präisser vun den Taxië méi bëlleg ze maachen, verfeelt. D’DP huet schonn deemools an der Chamber gefuerdert, fir den Taxissecteur komplett ze liberaliséieren an d’Taxislizenzen net méi ze begrenzen. Dofir wäerte mir d’Reform op deem Punkt nobesseren a jidderengem, deen eng Demande mécht an d’Kritären erfëllt, eng Taxislizenz ginn. Donieft wäert d’DP d’Andeelung a Regiounen ofschafen, esou datt all Taxischauffer Clienten aus dem ganze Land féiere kann. Mir erwaarden eis duerch dës Liberaliséierung méi eng héich Offer an esou och e verstäerkten Drock op d’Präisser.

Gesetzleche Kader fir autonoomt Fueren

Autonom Autoë kléngen nach no Zukunftsmusek, ma si sinn op ville Plaze schonn an der Testphase. D’DP wäert de gesetzleche Kader schafen, fir d’autonoomt Fueren op eise Stroossen ze reglementéieren, esou datt mir prett sinn, wann d’technologesch Entwécklung esou Gefierer zouléisst. Och den Asaz vun Dronen, z.B. bei Rettungsasätz, muss reglementéiert ginn.

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp