Carole Hartmann

No bei dir.

Den 11. Juni decidéiert dir, ween déi nächst sechs Joer d’Geschécker an ärer Gemeng leet – ob als Buergermeeschter, Schäffen oder Conseiller.

D’DP ass vu jeehier fest an de Gemenge verwuerzelt. Desto méi houfreg sinn ech als Generalsekretärin, datt mir an de Proporzgemenge nach eemol mat méi Lëschte wäerte vertruede sinn. Och d’Gesamtzuel vun den DP-Kandidaten ass an d’Luucht gaangen.

Op eisem Gemengewalkongress vu leschte Samschdeg op Esch-Belval hu mir zesumme mat honnerte vu Memberen eis Walcampage mam Slogan No bei dir. lancéiert.

Eise Programm fousst dorobber, d’Zesummeliewen an eise Gemengen ze stäerken. Mateneen ze schaffen an NO bei de Leit ze sinn.

Esou wëlle mir zesummen op de Wee vun enger méi liewenswäerter, nohalteger a sozialer Gemeng goen. Eng Gemeng, an där mir vun enger héijer Liewensqualitéit profitéiere kënnen.

Dofir ënnerstëtze mir eng zukunftsorientéiert Politik, déi d’Bedürfnisser vun alle Generatiounen an de Mëttelpunkt stellt. Dat geet vun de Betreiungsstrukture vun eise Jéngsten, iwwert d’Schoul bis hin zu de Strukturen, fir déi Leit, déi neméi kënnen oder neméi wëllen eleng liewen.

Mir wëllen awer och d’Leit vu verschiddenen Originnen zesummebréngen. Fir d’DP gëtt et do keen niewenteneen, ma just e mateneen.

D‘DP ass no bei de Leit a weess, datt d’Logementskris endlech muss effikass a konkret bekämpft ginn. Dozou gehéiert, datt d’Gemengen hir eegen Terrainen esou séier ewéi méiglech mobiliséieren. Ma och Alternativen – ech denken do z.B. u méi einfach Prozedure fir d’Opriichte vun Tiny Houses – gi vun eis ënnerstëtzt.

Och de Stroosseverkéier mécht eis alleguerte Misär. Fir d’DP sinn d’Stäerkung vum ëffentlechen Transport, besser organiséiert rout Luuchten, Ëmgéiungsstroossen oder Shared spaces Pisten um Wee fir eng Léisung vun deem Problem. Am stättesche Raum iwwerdeems mussen d’Cycliste kënne sécher a séier un d’Zil kommen.

Nohalteg Gemengen sinn e Virbild, de Klimaschutz kann och op lokalem Niveau gestäerkt ginn. D’DP wëll mëttelfristeg komplett klimaneutral Gemengen.

Op kommunalem Terrain ass awer och vill Sputt, fir zousätzlech Energie anzespueren, besonnesch bei energeetesche Renovatiounen. Dofir brauche mir méi Energieberodung; fir de Bierger a fir déi ëffentlech Hand.

D’DP setzt sech fir d’Erhale vum Eenzelhandel an de Stadkären an, fërdert weiderhin Aktivitéitszonen a schaft esou Aarbechtsplazen op lokalem Niveau. Och dat dréit zur Attraktivitéit a Beliewung vun eise Stied an Dierfer bäi.

Wee vu biergernoer Politik schwätzt, dee kënnt net laanscht méi Transparenz. Dofir muss d’Kommunikatioun an de Gemenge modern, digital, interaktiv an ziilgeriicht sinn. An à propos digital: d’DP ass kloer fir en Ausbau vun der digitaler Verwaltung, déi mir méi sécher gestalten an op méi Applikatiounen ausbaue wëllen.  

D’Stäerkt vun der Demokratescher Partei ass hir Oppenheet an hire Pragmatismus.

Mir hu keng ideologesch Scheiklappen un, ma mir bekëmmeren eis ëm déi real Problemer vun de Biergerinnen a Bierger, egal vu wou se sinn a wéi laang se schonn hei liewen.

Mir kucken net no hannen, ma mat Optimismus no vir. Mir hu keng Angscht virun der Zukunft, ma mir wëllen se gestalten.

Fir d’Liewe vun de Leit haut a muer besser ze maachen. Dofir maache mir Politik. No bei dir. No bei iech.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider News

Eis Kandidate fir Europa

D’Demokratesch Partei geet mat enger kompetenter, diverser an héichmotivéierter Lëscht an d’Europawale vum 9. Juni 2024. De Charles Goerens an d’Amela Skenderović féieren d’Lëscht als Spëtzekandidaten un.

weiderliesen...