Réikitzrettung per Dron

D'Regierung hat leschte Summer e Pilotprojet annoncéiert fir d'Réikitzrettung per Dron virum Mädrescher z'ënnerstëtzen. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Gusty Graas hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot, wou dee Pilotprojet drun ass.

« An hirer Äntwert op eis parlamentaresch Fro n°2377 vum 11. Juni 2020 hunn d’Madamm an den Här Minister folgendes geschriwwen :

« D’Réikitzrettung mat enger thermescher Kamera an enger Dron aus der Loft ass déi sécherst Method fir Réikitz virun der Méihmaschinn ze retten. Déi nei Technologien kënnen hei sécherlech ee Beitrag fir méi Sécherheet leeschten. Oft ugewannte Methoden, wéi zum Beispill verdreiwe mat Duftstoffer oder Mënscheketten si méi zäitopwänneg an net sou erfollegräich. Et gëtt driwwer nogeduecht ee Pilotprojet ze starten. »

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

– Wäert de genannte Pilotprojet dëse Fréijoer lancéiert ginn ?

– Wann net, wat wieren d’Grënn dofir ? Wéini soll de Projet gestart ginn ?

– Kënnen d’Madamm an den Här Minister weider Detailer zum Projet ginn ? »

Äntwert

De genannte Pilotprojet gëtt nach net dëst Fréijoer lancéiert. Ee Cahier des charges fir dëse Projet gëtt awer mat Natur an Ëmwelt ausgeschafft. De Projet soll verschidden Techniken a Methode matenee vergläichen. Dozou gehéieren einfach a bëlleg ëmsetzbar Mossname wéi d’Méie vu bannen no baussen, bis hin zum Asaz vun Drohnen oder Detektoren un der landwirtschaftlecher Maschinn. Weider soll de Projet sech net op Réikitz limitéieren, mee och aner Déiere wéi z.B. d’Huesen oder d’Buedembridder sollen dovu profitéiren. Och gëtt mat eise Nopeschlänner gekuckt wéieng Experienzen an dësem Kontext gemeet ginn a goufen. Eventuell kann dann ee Pilot-Projet am Fréijoer 2022 lancéiert ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...