„D’Biergerinnen an d’Bierger mussen drop vertraue kënnen, datt fundamental Rechter a Fräiheeten net vun enger Legislaturperiod op déi aner a Fro gestallt ginn“, huet d’DP-Presidentin Carole Hartmann haut bei den Debatten iwwer d’Aschreiwe vun der Libertéit op Avortement an der Chamber ënnerstrach. An dobäi nach eemol déi grouss Roll vun der Demokratescher Partei bei der kontinuéierlecher Verbesserung vun der Selbstbestëmmung vun der Fra an de leschte Joerzéngten ervirgehuewen.
Bei dëser Verankerung an d’Constitutioun definéiert d’Chamber eng Fräiheet, déi dem Staat seng Grenze setzt. Dee Schratt wier néideg gewiescht, fir d’Libertéit vum Choix vun der Fra besser ze schützen. E Gesetz dogéint bléif ëmmer politesch reversibel. D’DP-Fraktioun steet majoritär hannert dëser Reform, déi de Schutzraum géint staatlech Iwwergrëff festleet, ma net de legale Regime vun Ofdreiwungen. D.h. d’Fristen änneren net, d’Konditioune vun engem Avortement bleiwen déi selwecht grad ewéi – eben – de gesetzleche Kader.
Fir d’Iechternacher Députée-maire ass d’Verfassungsännerung och e kloert Signal no baussen. Lëtzebuerg géing sech domadder als Rechtsstaat positionéieren, deen d’Rechter vun de Fraen net just deklaréiert, ma och institutionell ofséchert. Fir dat Recht auszeüben, missten awer och déi néideg Konditiounen an der Praxis bestoen. An déi Viraussetzungen ze schafen, esou d’Carole Hartmann weider, wier eng politesch Responsabilitéit.
Well den Avortement am beschte Fall eng lescht Optioun ass, fuerdert d’DP dann och, datt d’Präventioun an d’Opklärung zu Lëtzebuerg weider verbessert ginn. Dozou gehéieren den universellen Accès zu Verhütungsmëttelen an eng Verstäerkung vun der Éducation affective et sexuelle. Net als Alternativen zur Fräiheet op Ofdreiwung, ma als noutwenneg Ergänzung, déi de Fraen d’Selbstbestëmmungsrecht op hire Kierper festegt an hir Dignitéit schützt. Grad ewéi d’Fräiheet géint zukünfteg Onsécherheeten.
D’DP-Presidentin huet déi konstitutionell Revisioun als e staarken Ausdrock vu Vertraue bezeechent: an d’Maturitéit vun de Fraen, an d’Stabilitéit vum Rechtsstaat an an d’Vertrauen an d’Fäegkeet vun der Chamber, fir fundamental Libertéiten nohalteg ofzesécheren. D’Fraktioun vun der Demokratescher Partei huet beim éischte Vote iwwer d’Aschreiwung vun der Fräiheet op Ofdreiwung an d’Verfassung keng Consigne de vote ginn. All Deputéierten huet no sengem Gewëssen ofgestëmmt. 48 Députéiert hu fir d’Ännerung vun der Verfassung gestëmmt.



