Sinn Ännerungen an eisem Archivgesetz virgesinn?

Eréischt 2018 krut Lëtzebuerg e richtege legale Kader fir den Archivage vun Dokumenter. Ma un deenen ale Kommunikatiounsfriste vun 100 Joer ass deemools näischt geännert ginn. An deem Kader stellt sech eisen Deputéierten André Bauler e puer Froen a wëll besonnesch wëssen ob et net awer eventuell ugeduecht wier, déi Delaien deenen aus der Belsch unzepassen.


„Zanter 2018 huet Lëtzebuerg en Archivgesetz. Dat ass eng exzellent Saach, well mer virun dësem Datum keng ëmfaassend juristesch Basis haten, déi den Archivage vun Dokumenter gereegelt huet. Wéi mer um Gesetz geschafft hunn, gouf et eng Rëtsch Diskussioune rondrëm d’Kommunikatiounsfriste vu perséinlechen Daten. Säit 1800 leien dës Delaie bei 100 Joer am Etat civil. 2018 huet dorunner näischt dierfe geännert ginn. Dat war de politesche Choix vun der deemoleger Regierung.

An eisen Nopeschlänner ass dat awer manner streng. Sou sinn d’Fristen an Däitschland folgendermoossen organiséiert: 110 Joer fir Gebuertsakten, 80 Joer fir Hochzäitsakten an 30 Joer fir Stierfakten. A Frankräich sinn et 75 Joer fir Gebuerts- an Hochzäitsakten, dofir awer keng fir Stierfakten. An der Belsch sinn d’Delaien déi folgend: 100 Joer fir Gebuertsakten, 75 Joer fir Hochzäitsakten a 50 Joer fir Stierfakten.

Chercheuren an Historiker wieren hei am Land zefridden, wa mer eis Delaie wéinstens deene vun der Belsch géifen upassen. Si sinn och schonn e puer Mol bei der Regierung intervenéiert, ma et huet sech bis ewell näischt gedoen.

An deem Kontext wollt ech der Madamm Kultur- a Justizministesch folgend Froe stellen:

  1. Ginn et mëttlerweil Iwwerleeunge fir eis aktuell Delaien deene vun eise belschen Noperen unzepassen an den Artikel 43 am Code civil ofzeänneren? Gouf et an deem Sënn scho Gespréicher mat betraffene Familljefuerscher oder Vereenegungen, déi sech op deem Gebitt engagéieren an auskennen, also op genealogeschem Plang mat Method a System ënnerwee sinn an net scheie fir mat der Uni zesummenzeschaffen?
  2. Huet d’Madamm Ministesch eventuell scho virgesinn, fir Ännerungen an deem Sënn virzehuelen an nei Delaien anzeféieren?
  3. Wieren déi nei Dateschutzbestëmmungen eventuell d’Ursaach fir keng Upassunge virzehuelen?“ 

Äntwert

D’Madamm Kultur- a Justizministesch bemierkt an hirer Äntwert, datt et den Artikel 45 vum Code civil ass, deen d’Delaie bestëmmt wat d’Kommunikatioun vun de Regëstere vum Etat civil betrëfft. Et ginn, wat den Zougang zu den Archiven am Kader vu wëssenschaftleche Recherchen ugeet, Iwwerleeunge fir d’Delaie vun der Consultatioun vun den Akten aus dem Etat civil unzepassen. Bei der nächster Revisioun vum Code civil oder vum Archivgesetz ass eng Upassung vun den Delaie méiglech, erkläert d’Ministesch. Mat den neien Dateschutzbestëmmungen, missten d’Delaien esou ugepasst ginn, datt keng lieweg Persoune méi betraff sinn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Share on facebook
Facebook
Share on twitter
Twitter
Share on linkedin
LinkedIn
Share on email
Email
Share on whatsapp
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gëtt de Clierfer Lycée vergréissert?

Dem DP-Deputéierten André Bauler ass zu Ouere komm, dass déi aktuell Capacitéite vum Clierfer Lycée net duer géife goen, wat ë.a. d’Klassesäll betrëfft an dowéinst zum Deel am Gank Cours gehal misst ginn. Hien huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wou d’Pläng fir eng Vergréisserung vum Lycée dru sinn, a wat kuerzfristeg ënnerholl ka ginn, fir de Problem ze léisen.

weiderliesen...

Gëtt et d’marmoréiert Bamwanz schonn zu Lëtzebuerg? 

D’marmoréiert Bamwanz ass en invasiivt Insekt aus Asien wat de Wënzer, Uebst- a Geméisgäertner vill Kappzerbrieches mécht. Dës Käffere kënnen effektiv ganz grouss Schied an de Wéngerten, Bongerten oder Geméisgäert uriichten. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei den zoustänneg Ministeren nogefrot, ob dës Käfferen sech och schonn zu Lëtzebuerg breet gemaach hunn an ob scho Schied an de Kulture constatéiert goufen.

weiderliesen...

Aktuell Rechter vum Bannhidder

De Bannhidder ass nierft dem Agent Municipal ënnert anerem dofir zoustänneg fir d’Anhale vun de jeeweilege Policereglementer an de Gemengen ze kontrolléieren. D’DP Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den zoustänneg Ministeren déi aktuell Rechter vun de Bannhidder nogefrot.

weiderliesen...

Wéi eng Ënnerstëtzung fir déi verfollegt Hazara Minoritéit an Afghanistan?

Laut enger Enquête vum BBC gëtt d’Hazara Minoritéit erëm vun den Taliban am Afghanistan verfollegt. Honnerte vu Leit ginn aus hiren Haiser verdriwwen ënner dem Virwand datt se illegal do wunnen. Eisen Deputéierten Gusty Graas huet den Ausseministère gefrot ob hei Interventiounen geplangt sinn fir dëser Gemeinschaft ze hëllefen a wat d’Positioun vun der Taliban Regierung bannent de Vereenten Natioune wäert sinn.

weiderliesen...