• Kategorien

  • Politiker

  • Politesch Themen

Ethisch Richtlinnen fir d’Selektioun an d’Nationalekipp ze encadréieren
D’Nominatioun vum Gerson Rodrigues an d’national Futtballselektioun, trotz enger Confirmatioun vun enger Prisongsstrof mat Sursis wéinst kierperlecher Gewalt a Beleidegungen, suergt fir Kritik. Eis Deputéiert Mandy Minella a Corinne Cahen stellen dem Sportsminister eng Rei Froen iwwer d’Roll vu sportleche Virbiller, déi Verantwortung vun ëffentlech ënnerstëtzten Institutiounen an d’Noutwendegkeet vun...
weiderliesen...
SportFabrik zu Déifferdeng
Nom Héichwaasser am Summer 2023 gouf d’SportFabrik zu Déifferdeng, wou och de LIHPS sengem Sëtz huet, zum Deel beschiedegt an d’Geräter mussten ausgelagert ginn. Eis Deputéiert Mandy Minella freet no der aktueller Funktiounsfäegkeet vum Gebai, dem Ausmooss vum Schued an de Mesuren, déi fir zukünfteg Schutz geholl goufen.
weiderliesen...
Nationalen Aktiounsplang fir de Safeguarding
Fir e séchert Ëmfeld am Sport z’erhalen, schafft de Sportsminister un engem nationale Plang fir de „Safeguarding“, also dem Schutz vu Kanner a vulnerabele Persounen géint Gewalt a Mëssbrauch. Eis Deputéiert Mandy Minella mécht de Punkt iwwer den aktuellen Dossier a freet no der Ulafstell bei der ALAD, méigleche Statistiken, Formatiounen an Sensibiliséierungscampagnen.
weiderliesen...
Erweiderung vun der Coque
Beim COSL-Kongress huet de Sportsminister net nëmmen d’Maison des Sports op der Cloche d’Or ugekënnegt, mee och en Ausbau vun der Coque ugeschwat, wéinst der héijer Nofro vu Verbänn. Eis Deputéiert Carole Hartmann a Mandy Minella froen no konkreten Ausbaupläng, engem eventuelle Mix aus Sport a Kultur, an dem Zäitplang vum Projet.
weiderliesen...
Fraefussball
De Match Lëtzebuerg-Schweden vum 25. Oktober 2024 huet d'Debatt iwwer Gläichstellung am Sport nei entfacht. Eis Deputéiert Barbara Agostino a Corinne Cahen froen no der Ënnerstëtzung vum Dammefussball, de Konditiounen am Stadion, Differenze bei der Behandlung a bei der Strategie fir de Fraesport.
weiderliesen...
Kanner a Jugendlecher am Sport schützen duerch de "Safeguarding"
Beim “Safeguarding” am Sport geet et drëms fir Kanner a Jugendlecher ze schütze fir dass si sech wuel fillen a kengem physeschen, mentalen oder sexuelle Mëssbrauch, oder „grooming“ ausgesat sinn. Dem Koalitiounsprogramm no soll d‘ALAD (Agence Luxembourgeoise Antidopage) sech an Zukunft mat dem Thema befaassen an als National Agence fir d’Integritéit vum Sport agéieren. D’DP Deputéiert Mandy Minella...
weiderliesen...
Wat ass geplangt fir de Fraesport méi staark ze fërderen?
D'DP Deputéiert Barbara Agostino huet beim Sportminister nogefrot duerch wéi eng Mesuren de Fraesport méi staark gefërdert soll ginn an notamment, ob de Minister ka soe wéi eng Montanten innerhalb vun de jeeweilege Federatioune fir de Fraesport virgesi sinn.
weiderliesen...
Sport
Sport: Gesond duerch Beweegung De Sport spillt an den Ae vun der DP eng weesentlech Roll an eiser Gesellschaft. Reegelméisseg Beweegung ass net nëmme wichteg fir eis Gesondheet an eist Wuelbefannen. Sport stäerkt och de sozialen Zesummenhalt, andeem e wichteg Wäerter wéi Toleranz a Fairness vermëttelt, Mënschen aus verschiddene Kulturen a mat verschiddenen Originnen zesummeféiert an esou d’Inklusioun...
weiderliesen...
Coordinateur sportif an eise Gemengen
Divers Gemengen uechtert Land hunn a rezenter Vergaangenheet mam Staat Konventioune betreffend dem Coordinateur sportif ënnerschriwwen. An dem Kontext, hunn DP-Deputéiert Claude Lamberty a Gusty Graas beim Sportminister nogefrot wéi et mam Coordinateur sportif an de Gemenge weidergeet.
weiderliesen...
Gläichstellung tëschent Fraen a Männer am Lëtzebuerger Sport
Iwwert déi lëscht Joerzéngten huet sech d'Gläichstellungspolitik zu Lëtzebuerg kontinuéierlech verbessert. Besonnesch de Sport ka bei dëser Thematik eng wichteg Roll spillen. DP-Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hunn bei den zoustännege Ministeren nogefrot wéi et mat der Gläichstellung tëschent Fraen a Männer am Lëtzebuerger Sport aktuell ausgesäit.
weiderliesen...
Keng Remuneratioun fir divers Trainer a Physiotherapeuten aus de Centres de Formation vun de Sportverbänn?
Rezent konnt een noliesen dass divers Leit déi an de centres de formation vun der Lëtzebuerger Sportswelt engagéiert sinn iwwert Méint ewech keng Sue fir hir geleeschte Prestatioune kritt hunn. DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn beim Sportminister nogefrot wat et mat der Interpretatioun vum concernéierten arrêté gouvernemental, dee säit méi wéi 20 Joer aktiv ass, op sech huet.  
weiderliesen...
Wéi sécher ass d’Schwammen an oppene Gewässer zu Lëtzebuerg?
Mam Summer kommen déi waarm Temperaturen, a mat hinnen d’Ausflich op d’Séien. Leider kommen och mat all Saison ëmmer erëm Nouvellen vun Accidenter an a ronderëm d’Waasser. Wéi sécher sinn d’Séien hei zu Lëtzebuerg fir d’Gäescht? Wéi gesäit et aus mat der Unzuel u Schwammmeeschteren am Land? Wéi ginn d’Mënschen an a ronderëm eis Gewässer geschützt? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den...
weiderliesen...
Funktionell an zäitgeméiss Sportinfrastrukturen
Fir eng erfollegräich Ausféierung vum Sport schafe funktionell an zäitgeméiss Infrastrukturen d'Basis. An dem Kontext, hunn DP Deputéierte Claude Lamberty a Carole Hartmann beim Sportminister nogefrot wéi et mam Ausbau an Developpement vu Sportsinfrastrukturen uechtert Land ausgesäit.
weiderliesen...
International Sécherheet op Futtballmatcher
D’Assemblée interparlementaire Benelux huet de 19. Mäerz 2021 eng recommandéiert Propositioun adoptéiert, iwwer d’international Sécherheet op Futttballmatcher an am Kampf géint de Rassismus. Den DP-Deputéierte Gusty Graas, huet déi zoustänneg Ministeren ënnert anerem gefrot, wéi d’Benelux Länner den Informatiounsaustausch optiméiere kéint, an ob et ubruecht ass, d’Hooligans dovun ofzehalen an aner...
weiderliesen...
Wéieng finanziell Hëllefen fir de Sportsecteur?
Trotz de neie sanitäre Mesuren, déi Enn Oktober agefouert goufen, kann am Sportsecteur kee Chômage partiel ugefrot ginn. D'DP-Deputéiert Claude Lamberty a Carole Hartmann hunn an dësem Kontext beim Aarbechts- a beim Sportminister nogefrot, ob aner finanziell Hëllefen fir de Sportsecteur virgesi sinn.