Wéi sécher ass d’Schwammen an oppene Gewässer zu Lëtzebuerg?

Mam Summer kommen déi waarm Temperaturen, a mat hinnen d’Ausflich op d’Séien. Leider kommen och mat all Saison ëmmer erëm Nouvellen vun Accidenter an a ronderëm d’Waasser. Wéi sécher sinn d’Séien hei zu Lëtzebuerg fir d’Gäescht? Wéi gesäit et aus mat der Unzuel u Schwammmeeschteren am Land? Wéi ginn d’Mënschen an a ronderëm eis Gewässer geschützt? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministère nogefrot.

« Mam Summer a mat der grousser Vakanz kënnt och d’Saison vun den Ausflich un d’Mier oder bei d’Séien ëmmer méi no. De Weekend vum 18ten a 19ten Juni war den Undrang an de Lëtzebuerger Piscinnen a bei de Séien därmossen grouss, datt d’Problematiken ronderëm d’Sécherheet vum Schwëmmer an de Manktem un Infrastrukturen zeréck an de Fokus geréckelt sinn.

Wat d’Infrastrukturen ugeet, hat d’FLNS – d’Fédération Luxembourgeoise de Natation et de Sauvetage schonn d’lescht Joer op e grousse Manktem vu Piscinnen zu Lëtzebuerg opmierksam gemaach. Dëst wier ze bedaueren, apaart well all Joer an Europa eng 27.000 Mënsche géifen erdrénken.

Weiderhin ass an der Press och schonn ëfters op de Manktem vu Schwammmeeschter an de néidegen Infrastrukturen an de Gemengen opmierksam gemaach ginn.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet, dem Här Sportminister an der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  • Wéi vill Accidenter gouf et an de leschte 5 Joer bannent a ronderëm designéiert Schwammgewässer uechtert d’Land?
  • Wéi vill brevetéiert Schwammmeeschter ginn et aktuell zu Lëtzebuerg?
  • Sinn och Schwammmeeschter ronderëm d’Séien zu Lëtzebuerg aktiv?
  • Wéi vill Mënschen hunn zu Lëtzebuerg de Brevet vum Rettungsschwëmmer? »

Äntwert

Den Inneministère huet keng Donnéeën iwwer brevetéiert Schwammmeeschteren zu Lëtzebuerg, mee just iwwert d’Waasserrettungsasätz (kuerz: WRET) vum CGDIS op de grousse Gewässer am Land. 2021 waren duerch d’Juli-Héichwaasser (25 Asätz) méi Interventioune wéi déi Jore virdrun.

Well de CGDIS um Stauséi iwwert de ganze Summer eng Permanence garantéiert, kommen e puer Interventiounen derbäi, déi awer net direkt um 112 erfaasst ginn.

Gewässer20172018201920202021
Atert 3  1
Arbed-Weier  1  
Baggerweier 2   
Mamer1   1
Musel13235
Our    1
Sauer232415
Schwaarz Iernz 3  1
Stauséi  25 
Uelzecht11119
Aner23655
Total718141838

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...