Sport

Sport

Sport a Beweegung: E gesond Liewe fërderen

D’DP moosst dem Sport eng héich gesellschaftspolitesch Bedeitung zou. De Sport fërdert d’Gesondheet, vermëttelt Toleranz a Teamgeescht, hëlleft sozial Diskrepanzen z’iwwerwannen an ass e wichtegen Integratiounsfaktor. Mir wëllen dës Bedeitung bei de Leit stäerken an de Breede-, Leeschtungs-, a Behënnertesport an deem Sënn fërderen.

Déi finanziell Ënnerstëtzung fir d’Jugendaarbecht ass an der leschter Legislaturperiod ganz vill an d’Luucht gesat ginn. Mat der Aféierung vum „Subside Qualité Plus“ ass de Montant vun der Ënnerstëtzung u kloer Ausbildungskritäre vun de Trainere geknäppt ginn. Fir déi lokal Veräiner ass dëst een zousätzlechen Ureiz, fir an eng qualitativ héichwäerteg Betreiung vun de jonke Sportler z’investéieren.

Nieft de Veräiner sinn och d’Sportsverbänn Piliere vum Lëtzebuerger Sport. Dës grouss Verantwortung gëtt dagdeeglech vun ee puer wéinege Fräiwëllege gedroen, ouni där hiren onermiddlechen Asaz keng Kompetitioun am Land méi kéint stattfannen. D’Federatioune stousse besonnesch bei den administrativen Uspréch un hir Grenzen. Mir wäerten dofir d’Sportsverbänn ënnerstëtzen, fir sech méi professionell opzestellen an d’Professionaliséierung vum Verbandssport an deem Sënn virundreiwen.

D’DP wëll och dem Beweegungsmanktem bei de Kanner konsequent entgéintwierken. De Manktem u kierperlecher Aktivitéit ass zu engem eeschte Problem vun de Famillje ginn. D’Konsequenze gi vun enger schlechter Fitness iwwer eng schlecht Kierperhaltung, bis zu enger schlechter Leeschtungsfäegkeet. Mir wäerten dofir d’Beweegungserzéiung, bannent a baussent vun der Schoul, extra ënnerstëtzen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp