Tourismus

Tourismus

Tourismus

D’Bedeitung vum Tourismus geet wäit iwwert déi wirtschaftlech Aktivitéit vun der Tourismusindustrie eraus. Esou ass den Tourismus en zentrale Schwéierpunkt fir d’Regiounen, fir déi lokal Wirtschaft a fir d’Leit. Dofir ass eng zilorientéierten Tourismuspolitik esou wichteg, déi di positiv Aspekter vum Tourismus ënnerstëtzt an den Acteuren hëlleft, d’Erausfuerderunge vun der Zukunft unzegoen. D’DP setzt op eng Tourismuspolitik, déi de Qualitéitstourismus fërdert an eng kloer Plus-value fir d’Populatioun, d’Regiounen a fir déi national Ekonomie bréngt. Dobäi ginn déi thematesch Stäerkte ganz kloer ausgebaut (Commemoratiounstourismus, Önotourismus, Aktivtourismus {Wanderen, Vëlofueren}, Kulturtourismus oder Gastronomietourismus). Dobäi soll d’Nohaltegkeet als roude Fuedem an alle Beräicher präsent sinn.

D’Professionaliséierung vun der Tourismuspolitik ass an der laafender Legislaturperiod däitlech virukomm, z.B. duerch eng Fräizäit- a Businesstourismus-Strategie. An engems si konkret Projete lancéiert ginn: Acquisitioun a Reparatur vun der MS Marie-Astrid, op däer den Accord vu Schengen ënnerschriwwe ginn ass, Architektentworf vun de Glamping Cabins (Tiermchen), deen als aussergewéinlecht Iwwernuechtungs-Konzept queesch duerch d’Land ka benotzt ginn, oder de Lancement vun der App Visite Luxembourg, an däer déi ganz touristesch Offer vum Land regroupéiert ass.

An dëser Legislaturperiod si fir d’éischte Kéier detailléiert, partizipativ ausgeschafften Tourismusstragië mat konkreten Aktivitéiten ausgeschafft ginn. D’DP wäert déi konsequent ëmsetzen, fir Lëtzebuerg als nohalteg an qualitativ Tourismusdestinatioun weider z’entwéckelen, déi och eng Plus-value fir d’Mënschen op deene Plaze bréngt.

D’Tourismuspolitik vun der DP steet fir Qualitéit a viséiert kee Massentourismus. An der lafender Legislaturperiod ass de Fokus méi op déi no Marchéë geluecht ginn (Holland, Däitschland, Frankräich, Belsch). Déi Zilgruppe sinn net nëmmen am Sënn vun engem nohaltegen Bannetourimus interessant, ma déi Touriste bleiwen och däitlech méi laang am Land, wéi Touristen, déi vu méi wäit hier kommen (dacks just fir e puer Stonnen). Op de Marchéë méi wäit ewech soll just ganz geziilt geschafft ginn. Z.B. an Nordamerika fir d’Promotioun vum Gedenktourismus an d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich.

Mat den Nohaltegkeetslabelen Ecolabel a Green Business Events setzt Lëtzebuerg koer Prioritéiten. Och verschidde prioritär Schwéierpunkten, wéi den Aktivtourismus, spiggelen d’Nohaltegkeet an der Tourimuspolitik erëm. Fir d’DP ass et allerdéngs evident, datt d’Nohaltegkeet sech muss wéi e roude Fuedem duerch déi ganz Strategie zéien. Dat gëllt fir déi viséierten Zilgruppen an déi verschidde Marchéen (no a wäit), d’Fërderung vum nationalen Tourismus an de respektvollen Ëmgang mat der Natur. D’DP wäert dofir en Nohaltegkeetszertifikat fir Lëtzebuerg als weltwäit Destinatioun ustriewen.

D’Stad Lëtzebuerg ass ouni Zweifel e staarken touristesche Magnéit. Déi eenzel Regioune mat hire Spezifitéiten hunn allerdengs touristesch genee esou vill ze bidden. D’DP wëll d’Regiounen touristesch stäerken an hir Individualiéiten ervirsträiche. Dofir wëlle mir Efforten ënnerstëtzen, mat deenen d’Regioune solle méi staark vernetzt an duerch touristesch Offeren matenaner verknäppt ginn. Weider wäert d’DP – esou wéi dat mat Succès beim Beispill ORT Éislék geschitt ass – d’Tourimusverbänn besser an de GIE Luxembourg for Tourism abannen. Dat erlaabt et den Tourismusverbänn, vun e sëllege Synergien ze profitéieren, ouni hir Autonomie an hir Gestaltungsfräiheet ze verléieren.

D’DP wëll de Commemoratiouns-Tourismus weiderentwéckelen a méi interessant fir déi jonk Generatioune maachen. D’Piliere fir dee Gedenktourismus sinn d’Erënnerung un den Zweete Weltkrich, d’Konstruktioun vun der EU als Friddensprojet an d’Industrialiséierung vum Land duerch d’Eisen- a Stolindustrie. An dëser Legislaturperiod si wichteg Projeten ugefange ginn: Z.B. déi international Liberation Road, déi europäesch Gedenkstätten un den Zweete Weltkrich matenaner verbënnt, oder de Kaf an déi historesch Restauratioun vun der MS Marie-Astrid, op däer d’Schengener Verträg ënnerschriwwe gi sinn. D’DP wëll déi Projete weiderféieren an ënnerstëtzen. D’MS Marie-Astrid wäert eng fest Plaz zu Schenge kréien an esou eng weider Attraktioun fir den Oste vum Land ginn.

Fir d’Liewensqualiéit an d’Qualitéit vun der Vakanz ze stäerken, muss staark an den Tourimus investéiert ginn. Am eelefte Fënnefjoresplang, dee viru kuerzem an der Chamber gestëmmt ginn ass, sinn déi finanziell Moyene vu 60 op 70 Milliounen Euro eropgesat ginn. D’DP bekennt sech zu enger staarker Tourismuspolitik, déi d’Regiounen am Land stäerkt.

Fir d’DP sinn de Waasser- an Ëmweltschutz mam Tourimus kompatibel. Dofir ass an dëser Legislaturperiod eng Machbarkeetsetude fir en Hotelsprojet zu Lëltz beim Stauséi bestallt ginn. D’DP wäert esou e Projet mat kloren Ëmweltoploen ausschreiwen, fir esou e Projet modèle fir ëmweltfrëndlech Strukture mat engem Accent op de sougenannte Slow Tourism ze schafen.

Sozial Beschäftegungsinitiative leeschten eng immens wichteg Aarbecht, fir e gudde Rent a Bike an de Regiounen unzebidden. D’DP wäert den Initiativen déi néideg Moyenen zur Verfügung stellen, fir déi regional Offere besser openaner ofzestëmmen a fir eng flächendeckend Offer unzebidden. Mat den Initiative gëtt gekuckt, fir d’Veloë kënnen iwwer eng APP ze reservéieren.

Den Aktivtourismus ass e Pilier vun der nationaler Tourismusstrategie. An der leschter Legislaturperiod si grouss Progrèse gemaach ginn, fir d’Erliefnisqualitéit am Aktivtourismus ze verbesseren. D’Éislék ass z.B. déi éischten europäesch Wanderregioun, déi d’Bewäertung Leading Quality Region – Best of Europe vun der europäescher Wandervereenegung kritt huet. D’DP wäert den nationale Wanderreseau weider verbesseren an och den Ënnerhalt (Fräischneiden, Méien) vun de Weeër garantéieren. Och de Management vun de Weeër (Markéierungen, Schëlder) muss ausgebaut an eventuell verbessert ginn.

D’Entwécklung vum Vëlostourismus huet sech an der lafender Legislaturperiod gutt entwéckelt. Initiativen ewéi de Vëlossummer droen dozou bäi, fir Lëtzebuerg als Vëlosland ze positionéieren. D’DP wëll de Vëlostourismus konsequent ausbauen an eng komplett Offer fir Toure mam Vëlo schafen. Weider wäerte mir d’Gemengen dobäi ënnerstëtzen, fir Connectiounen un den nationale Vëlosreseau ze bauen a fir de Cycliste wichteg Infrastrukturen ze bidden (Z.B. Statioune fir d’Pneuen opzepompelen, Consignë fir d’Gepäck).

D’Bongen, déi d’Regierung an der Coronakris un d’Lëtzebuerger an un d’Frontaliere verdeelt huet, fir hei am Land z’iwwernuechten, hunn dem nationalen Tourismus e reegelechten Opschwong ginn. D’DP wëll mat geziilten Aktiounen och an Zukunft op den nationale Tourismus setzen, deen de Leit, déi hei liewen a schaffen, d’Land a seng Kultur méi no bréngen.

D’Musel ass wäit iwwer d’Grenzen eraus als exzellent Wäiregioun bekannt. Eng Hellewull vun Evenementer propagéieren d’Vermaartung vun eise Wäiner. D’DP wäert an Zukunft – a Kollaboratioun mam Sekter – d’Kellereien an och d’Wënzer méi staark an de Mëttelpunkt stellen an esou authentesch Erliefnisser fir d’Touriste schafen, déi an engems eng reell Plus-value fir d’Wäikultur mat sech bréngen.

Esou wäerte mir e klore legale Kader fir d’Wäistuff a fir d’salle de dégustation beim Wënzer schafen. Mir wäerten awer och kucken, a wéiwäit d’Ariichtung vu Chambres d’hôte ënner geneeë Bedingunge méiglech ass.

De Label Eurewelcome ass e wichtegt Instrument, fir barrièrefräi Offeren ze fërderen. D’DP wäert sech fir eng méiglechst barrièrefräi, touristesch Offer asetzen, déi de verschiddene Besoine vun de Mënschen entsprécht. Fir d’DP ass d’Barrièrefräiheet e Qualitéitszeechen, dat ee muss bei der touristescher Entwécklung an alle Beräicher am A behalen.

Touristesch Attraktiounen, déi net barrièrefräi kënne gemaach ginn, solle kënnen iwwer digital Offeren accessibel gemaach ginn. Bei wichtege Monumenter sollen Taascht-Modeller fir Leit installéiert ginn, déi schlecht oder guer net gesinn.

De Businesstourismus kann duerch eng gutt duerchduechten Amenagementspolitik dofir suergen, prioritär Wirtschaftsclusteren z’entwéckelen an de Wirtschaftstanduert Lëtzebuerg ze stäerken. D’Grënnung vum GIE Luxembourg Convention Office an der lafender Legislaturperiod war eng wichteg Etapp, fir d’Entwécklung vum Businesstourismus zu Lëtzebuerg strategesch a systematesch unzegoen. Déi Politik dréit elo hir éischt Friichten: Bannent 3 Joer huet Lëtzebuerg 20 Plazen am ICCA-Ranking gutt gemaach an ass elo op der 54. Plaz vun de wichtegeste Kongressstanduerte weltwäit (2021).

D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt de Businesstourismus zu engem reelle Motor vun der Diversifikatioun a vun der Stäerkung vu prioritäre Wirtschaftsbranchë weiderentwéckelt muss ginn. International Manifestatioune kënnen nämlech zu der Vermëttlung vun Knowhow an Invovatioun an zur Standuertentwécklung bäidroen. D’DP wäert dofir konsequent, international Organisatioune fërderen, déi eng Plus-value fir eis Ekonomie schafen.

Gläichzäiteg stäerkt de Businesstourismus déi lokal Tourismusindustrie, besonnesch d’Horeca-Branche. Effektiv gëtt een internationale Participant bei engem Kongress an der Moyenne 594 Euro den Dag aus. Weider generéiert de Businesstourismus 332.000 Nuitéen d’Joer (2021). Deemno ass d’Bedeitung vum Businesstourismus eng duebbel: E stäerkt déi strategesch Weiderentwécklung vun eisem Land a stäerkt déi lokal Tourismusindustrie. Dofir wäert d’DP en nohaltegen an héichwäertege Businesstourismus fërderen, deen eng reell Plus-value schaaft.

An dëser Legislaturperiod ass de Logo Green Business Events ausgeschafft ginn, fir Business-Evenementer méiglechst ëmweltfrëndlech ze halen; vun der Urees bis bei de Catering. D’DP setzt sech dofir an, dass nohalteg Manifestatiounen an Zukunft zur Normalitéit ginn a wäert d’Zertifikatioun vun esou Locations mat Nohaltegkeetslabelen ënnerstëtzen.

Bleisure-Business steet fir d’Kombinatioun vu Business- a Fräizäitopenhalt. D’DP wäert Offeren schafen, fir datt Businesstouristen hire Sejour verlängeren. An deem Konzept sollen och d’Regioune vum Land mat agebonne ginn. Dat fërdert déi lokal Tourismusindustrie, besonnesch am ländleche Raum.

Lëtzebuerg als Businessdestinatioun virunzebréngen, ass nëmme méiglech, wann alleguerten d’Akteuren un engem Strack zéien. D’DP wäert dofir all Joer ee Businesstourismus-Forum organiséieren, fir nei Iddien z’entwéckelen an den Networking tëschent de Partner z’ënnerstëtzen. Déi Fore sollen och fir Weiderbildung genotzt ginn.

A ville Wirtschaftsberäicher gi kontinuéierlech nei Strategien entwéckelt. D’DP wäert dofir suergen, datt déi Strategien de Geschäftstourismus systematesch mat aplangen an domadder eng global Standuertpolitik suivéieren.

D’Sitte fir esou Manifestatioune musse méi a méi an d’Digitaliséierung an an nei Technologien investéieren, fir den neisten Entwécklunge Rechnung ze droen. D’DP wäert den Organisateure mam LCB (Luxembourg Convention Bureau) Zougang zu den neisten Entwécklungen an Trends am Beräich vun der digitaler Innovatioun ginn. Weider sollen Investissementer an déi digital Infrastrukture geziilt ënnerstëtzt ginn.

D’Erwaardungen un international Kongresszentren hu sech déi lescht Joren däitlech verännert. Déi aktuell Hale vun der Luxexpo sinn neméi wierklech up to date, wat den internationalen Trend vu Confex-Akivitéiten (Kombinatioun aus Konferenzen an Ausstellungen) betrëfft. D’DP wäert en neien, nationale Kongresszenter bauen, deen net nëmmen den internationale Standarden entsprécht, ma deen och eng Hotelsstuktur, eng Concertshal an Geschäfter nobäi virgesäit – fir eng lieweg Plaz vum Echange an vun der Renconter.

Fir den Notze vun esou Business-Evenementer z’evaluéieren a sécher ze sinn, datt een dee richtege Wee ageschloen huet, wäert d’DP – zesumme mat den Akteuren aus der Branche – en Observatoire fir Business-Evenementer grënnen. D’Haptaufgab ass et, fir d’Entwécklung vun der Branche kritesch ze begleeden, an esouwuel quantitativ wéi och qualitativ d’Progrèse vun der Businesstourismus-Strategie z’erfaassen an z’evaluéieren.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp