Tourismus

Tourismus
D’Vermaartung vum Tourismus professionaliséieren

D’DP wäert déi regional Tourismusbüroe weider professionaliséieren an hir Zesummenaarbecht mat „Luxembourg for Tourism“ ausbauen. Eng permanent Koordinatioun soll d’Ofleef dovunner optiméieren.

 

D’DP wäert och rechtlech iwwerpréiwen, a wéiwäit déi regional Büroen an Zukunft och kënne kommerziell aktiv ginn. D’Zil ass et, fir d’Vermaartung vun all den Aktivitéiten (Kultur, Commerce an Tourismus) mat engem kohärente Gesamtkonzept – an a jidderengem sengem Interessi – ze bëndelen. D’DP wäert eng zousätzlech „Go-to-Market“-Strategie entwéckelen, fir sech bei enger kloer definéierter Clientèle ze positionéieren. Dobäi soll d’Vermaartung nach méi op international bekannte Labele setzen (Weltkulturierwe vun der UNESCO, European Destination of Excellence oder och de Label Naturpark).

Den Tourismus un d’Besoine vun de Clienten upassen

Am Joer 2012 ass de leschte grousse Sondage bei den Touristen zu Lëtzebuerg gemaach ginn. D’DP wëll elo en neie Sondage maachen, fir d’Besoine vun den Touriste besser ze kennen an dorobber ze reagéieren. Doriwwer eraus soll e representative Sondage bei Decideuren aus der Tourismusbranche d’Potenzial vu Verbesserungen an der Vermaartung erauskristalliséieren.

D’Investitiounsprogrammer an déi touristesch Infrastrukturen optimiséieren

D’Instrument vum 5-Jores-Plang am Tourismus gëtt den Ament net ganz genotzt. An Zukunft soll méi vu Wirtschaftsmissioune profitéiert ginn, fir Investisseuren aus dem Hotel- a KongressSecteur op Lëtzebuerg ze huelen. De Bedarf u Geschäfts- an u Vakanzen-Hoteller muss besser ofgedeckt ginn, fir de generelle Réckgang un Zëmmeren auszegläichen. D’DP wäert och den Tourismus „ouni Barrièren“ fërderen, deen de Leit mat spezielle Besoinen een ongehënnerten Accès zu Attraktiounen an Informatiounen erméiglecht.

De Standuert fir Aktivvakanz stäerken

Déi geografesch Topographie vun eisem Land eegent sech exzellent fir Vëlo- a Wandertourismus. Duerch den Uschloss un international Vëlosweeër, z.B. mat der Vennbahn, ass d’Zuel vun de Cyclotouriste scho bedeitend an d’Luucht gaangen. D’DP wëll d’Vernetzung vun de Vëlosweeër och an der touristescher Vermaartung stäerken. D’Verloune vu Vëloe soll regional organiséiert ginn a generell mat Servicer wéi engem Gepäcktransport verbonne ginn.

De Wäibau fërderen

D’DP wäert déi grouss Efforten zur Steigerung vun der Qualitéit a vun der Produktivitéit am Wäibau weider ënnerstëtzen, fir d’Zukunft vum Lëtzebuerger Wäibau ofzesécheren. Mir wäerten och verstäerkt Mëttel zur Verfügung stellen, fir d’Auswierkunge vum Klimawiessel op de Wäibau z’analyséieren an eventuell Léisungen auszeschaffen.

 

D’DP wäert d’Vermaartung vum Lëtzebuerger Wäin duerch geziilt Campagne weider virundreiwen. Och de Beräich vum Oenotourismus soll besser vermaart ginn.

E klore Kader fir „Airbnb“ schafen

D’Entwécklung vun der „Sharing Economy“ bréngt nei Geschäftsmodeller, déi en enormt Potenzial hunn, ma déi awer och musse reguléiert ginn. D’DP wäert e klore legale Kader fir esou Modeller vun der „Sharing Economy“ („Airbnb“) setzen, fir datt et net zu enger deloyaler Konkurrenz kënnt.