Verwaltunge vum ëffentlechen Déngscht an der Nordstad

Den Här Minister vun der Landesplanung hat sech an engem Interview gewënscht, datt sech nach eng Rei Verwaltungen an der Nordstad sollen néierloossen. Als Stad um Floss an an der Natur hätt d’Nordstad en immensen Atout den d’Regierung, an Zesummenaarbecht an am Dialog mat de Gemenge géing wëllen ausbauen. Wat fir eng Verwaltunge sinn dat, a wou wäerten dës installéiert ginn. Den Deputéierten André Bauler huet bei den zoustännege Ministère nogefrot.

« De 27. Februar 2021 huet den Här Minister vun der Landesplanung an engem Interview gewënscht, datt sech nach eng Rei Verwaltungen an der Nordstad sollen néierloossen. D’Regierung géif doriwwer nodenken. D’Nordstad hätt als Stad um Floss a Stad an der Natur en immensen Atout, an d’Regierung géing elo am Dialog mat de Gemengen dru schaffen dësen Atout auszebauen. Datt méi Verwaltungen an den Norde solle kommen ass sécherlech e wichtege Schratt a Richtung administrativ Dezentraliséierung. An dofir däerf et net beim fromme Wonsch bleiwen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Landesplanung stellen:

  • U wat fir Verwaltungen huet den Här Minister geduecht, wéi hie gemengt huet, där missten nach an d’Nordstad an aner regional Zentre vum Norde kommen? Wéi gesäit hien déi administrativ Entwécklung am Nordbezierk iwwer déi nächst fënnef Joer?
  • Ass d‘Ausso vum Här Minister am Interview vum 27. Februar just eng Iwwerleeung oder gëtt et mëttlerweil en interministerielle Grupp, deen sech konkret mat dëser Thematik befaasse soll?
  • Wat fir Conclusiounen huet den Här Minister zesumme mam Comité politique Nordstad an dësem präzise Kontext gezunn? Gëtt et do mëttlerweil méi grëffeg Schlussfolgerungen, och am Zesummenhang mat der geplangter Fusioun?
  • Gëtt dru geduecht fir Co-Working Spaces an der Nordstad an op anere Plazen am Nordbezierk, besonnesch an de Kantone Réiden, Woltz a Clierf,  anzeriichten, dëst fir den Teletravail ze fërderen a gläichzäiteg déi sozial Kontakter tëscht de Beamten ze ënnerstëtzen? Gouf et do schonn en Austausch mam Ministère vun der ëffentlecher Funktioun?
  • Wéi kann een d’Diskussioun ronderëm déi administrativ Dezentraliséierung nei beliewen fir datt se méi nohalteg gëtt an net all Kéier riskéiert bei Ukënnegungen ze bleiwen?
  • Sinn dem Här Minister Sitte bekannt, op deenen een am Norden Infrastrukture kéint schafe fir nei Verwaltungen oder staatlech Zerwisser unzezéien? Féiert hien an deem Sënn Gespréicher mat de Gemengen?»

Äntwert

D’Aussoe vum Minister entspriechen dem generellen Zil vun enger Landespolitik duerch eng Dezentraliséierung optimal Liewensbedingungen an eng nohalteg Entwécklung ze garantéieren. D’Aarbechtefir e landesplanerescht Leitbild „Visioun Nordstad 2035“ sinn amgaang a wäerten an de nächste Meint ofgeschloss ginn. D’Nordstad soll zum 3. Entwecklungspool ginn an als „Dier zum Norden“ fungeieren. De Staat lount och zousätzlech administrativ Surfacen an der Nordstad déi et sollen erlaben seng Verwaltungen a Servicer och an dëser Regioun ze verstäerken. 

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...