Landwirtschaft a Wäibau

Wat ass den Impakt vun der “Farm to Fork”-Strategie op eis Landwirtschaft?

Mat der “Farm to fork”-Strategie huet d’Europäesch Kommissioun Ziler definéiert fir d’Landwirtschaft bis 2050 méi nohalteg ze gestalten. D’Stëmmen no enger globaler Impaktstudie iwwert d’Objektiver ginn ëmmer méi haart. D’DP-Deputéiert Gusty Graas an André Bauler hu beim Landwirtschaftsminister nogefrot, wéi Lëtzebuerg zum Feelen vun esou enger Studie steet an ob si esou eng vun der Kommissioun verlaange wäert. Dann hunn d’Deputéiert och gefrot, ob de Ministère schonn evaluéiert huet wat fir en Impakt d’Strategie op d’Lëtzebuerger Landwirtschaft wäert hunn?

« En mai 2020, la Commission européenne a présenté sa stratégie “De la ferme à la table”, l’une des initiatives clés du pacte vert pour l’Europe. En contribuant aux efforts déployés pour parvenir à la neutralité climatique d’ici 2050, la stratégie vise à faire évoluer le système alimentaire actuel de l’UE vers un modèle durable.

La stratégie contient différents objectifs qui auront des effets cumulatifs et combinés sur le secteur agricole. Lors de différents débats récents au Parlement européen sur la stratégie, le manque d’une étude d’impact globale de la Commission européenne a été soulevé. Or le Commissaire européen Wojciechowski, a déjà annoncé qu’il n’y aurait pas d’étude globale sur l’impact des objectifs proposés, mais seulement une série d’études sur les différents objectifs. Le Parlement européen et le Conseil de l’Union européenne devront prendre position, sans pouvoir disposer d’une telle étude globale.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural :

  • Quelle est la position du Luxembourg face à l’absence d’une étude d’impact globale ?
  • Est-ce que le ministère a déjà évalué l’impact qu’aura la stratégie sur le secteur agricole luxembourgeois ?
  • Est-ce que le Luxembourg se positionnera au Conseil de l’Union européenne sur les textes qui seront proposés par la Commission sans disposer d’une étude d’impact globale ?
  • Dans la négative, est-ce qu’il exigera une telle étude ?»

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gi Gesondheetsbilanë beim Hausdokter agefouert ?

De Koalitiounsaccord vun der Regierung gesäit d’Aféierung vu reegelméissege Gesondheetsbilanen ab 30 Joer vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot wéi wäit d’Ëmsetzung vun dëser Initiative ass, ob spezifesch Formatioune fir d’Dokteren en place gesat wäerte ginn, an ob an deem Kader den DSP genotzt wäert ginn.

weiderliesen...

MILA Nofolleger

An der Sëtzung vun der Schoulkommissioun vum 17. Juni 2025 gouf ugekënnegt, datt d’Alphabetiséierungsprogramm MILA ausgeet an duerch e neie Schoulprogramm ersat gëtt. Nëmmen nach ronn 20 % vun de Kanner schaffen domat, an ëmmer méi Enseignanten setzen op aner Léiermëttel. Eis Deputéiert Gilles Baum a Barbara Agostino froen de Bildungsminister no den Haaptneierungen am neie Programm, senger Aféierung an de geplangte Formatiounscoursen fir d’Enseignanten.

weiderliesen...

D’Kooperatioun tëscht dem LNS an de private Laboratoiren an d’Automatisatioun am LNS

D’Analyse vu Biopsien spillt eng entscheedend Roll beim Erkennen vu schwéiere Krankheeten wéi dem Kriibs. Trotz Verbesserunge bleiwen d’Waardezäiten am LNS héich, besonnesch an der Onkologie, Gynäkologie an Dermatologie – eng psychologesch Belaaschtung fir Patienten. Eid Deputéiert Mandy Minella an Dr. Gérard Schockmel froen d’Gesondheetsministesch, wéi eng Schrëtt fir méi Automatisatioun, Digitaliséierung a méiglech Zesummenaarbechte mat privaten Laboratoiren virgesi sinn.

weiderliesen...

Administrativ Belaaschtung am Grondschoulunterrecht

Trotz der Vereinfachung vun der administrativer Aarbescht an de Grondschoulen duerch de Bildungsministère, gëtt vu Gewerkschafte betount, datt d’Bürokratie fir d’Enseignanten éischter zougeholl hätt. Wéi gesäit d’Realitéit aus, a wéi kann d’kënschtlech Intelligenz hei eng Roll spillen? Eng parlamentaresch Fro vun eisen Deputéierten Gilles Baum a Barbara Agostino sicht no Äntwerten.

weiderliesen...