Wat ass geplangt fir déi geféierlech Kräizung zu Räichel z’entschäerfen?

Den DP-Deputéierten André Bauler huet nogefrot, ob et Pläng gi fir déi geféierlech Kräizung zu Räichel z'entschäerfen.

„Op der Kräizung zu Räichel bei Réiden, wou sech déi dräi Nationalstroossen N12, N22 an N23 begéinen, kënnt et ëmmer nees zu geféierleche Situatiounen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass schonn driwwer nogeduecht gi fir op dëser Plaz e Giratoire z‘amenagéieren? Wa jo, ass sou ee Projet schonn an der Maach?
  • Kann den Här Minister matdeele wéi vill Gefierer all Dag op dëser Plaz laanscht fueren? Wéi huet sech hir Zuel an de leschte Joren entwéckelt?
  • Wou ass de Projet vun enger Vëlospist tëscht Réiden a Räichel, déi laanscht dës Plaz verlafe soll, de Moment drun? Goufen do mëttlerweil Emprisë gemaach?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini kënnt d’Pollen-App ?

De Gesondheetsministère hat annoncéiert, datt ugangs 2020 eng gratis App sollt ugebuede ginn, déi de Bierger Informatiounen iwwert d’Pollenkonzentratioun an der Loft liwwert.

No iwwer dräi Joer gëtt et déi App nach ëmmer net. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet dowéinst bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Aarbechten un dëser App dru sinn a wien mat hirer Entwécklung beoptragt ginn ass ?

weiderliesen...

Wäert Europa deemnächst méi séier handele kënnen?

Op Initiativ vun Däitschland hunn sech 10 europäesch Memberstaate an engem ‘Frëndeskrees’ zesummegedoen, fir Entscheedunge mat enger qualifizéierter Majoritéit ze promovéieren. Och Lëtzebuerg ass Deel vun dësem Grupp. Wat ass den Impakt heivun an Europa? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet bei Ausseministère nogefrot.

weiderliesen...

Ass de Grupp Wagner eng Terrororganisatioun ?

De 9. Mee huet déi franséisch Assemblée générale an enger Resolutioun dozou opgefuerdert, de Grupp Wagner an d’Lescht vun den Terrororganisatiounen opzehuelen. Wéi steet eisen Ausseministère zu dëser Demande ? Wäert Lëtzebuerg nozéien ? Eisen Deputéierte Gusty Graas huet beim zoustännege Ministère nogefrot.

weiderliesen...