Wéi eng Mesurë fir d’Iwwerlaaschtung vum Tram zu de Spëtzenzäiten ze reduzéieren?

Dem DP-Deputéierte Max Hahn ass zu Ouere komm, dass den Tram zu de Stousszäite komplett iwwerfëllt wier. An deem Kader wollt hie wëssen, wat geplangt ass, fir d'Situatioun ze verbesseren.

„Den Tram ass zënter senger Aféierung quasi Affer vu sengem eegenen Erfolleg ginn. Esou kéim et an der Lescht ëmmer nees dozou, dass den Tram an de Spëtzestonnen komplett iwwerfëllt ass, soudass d’Leit deelweis laang musse waarden, fir een Tram ze kréien an deem nach Plaz ass.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Kann den Här Minister dëst confirméieren?
  • Wa jo, wéi gedenkt den Här Minister d’Situatioun ze verbesseren? Ass zum Beispill virgesinn, an de Spëtzenzäiten den Takt ropzesetzen oder e Wagon bäizesetzen?“

Äntwert

Iwwert de Wee vun enger parlamentarescher Fro freet den honorabelen Deputéierte Max Hahn Informatiounen iwwert d’Auslaaschtung vum Tram an de Spëtzestonnen.

Kapazitéit vun engem Tram sinn ënnert Konditioune vu Covid 300 Persounen, dovunner 76 Sëtzplaze. Viru Covid ass ee vu 450 Persounen ausgaangen.

Den aktuellen Takt tëschent der Gare-Centrale a Luxexpo ass 4 Minutte vu 6:00 – 19:30. Dat entsprécht 15 Trame pro Stonn a Richtung, oder enger Kapazitéit vun 300 x 15 = 4500 Persoune pro Stonn a Richtung.

D’Benotzung vum Tram ass verdeelt iwwert den Dag héich. Spëtzenzäiten ginn et tëschent 8 an 9 Auer an Richtung Kierchbierg, an tëschent 17 an 18 Auer an Richtung Gare. Als Beispill déi lescht Woch Abrëll sinn an der Moyenne owes tëschent 100 an 150 Leit pro Traman den Spëtzenzäiten tëschent den Statiounen Hamilius an Gare transportéiert ginn.

Maximal Kapazitéit leit wéi gesoot bei 300 Persounen pro Tram, wat weist dat et an der Moyenne vun der Spetzenstonn nach Reserven ginn.

Iwwert den Dag verdeelt transportéiert Luxtram am Moment ongeféier 70 000 Persounen.

D’Ausso dass den Tram an Spëtzestonne komplett iwwerfëllt ass an den Tram quasi Affer vu sengem eegenen Erfolleg ginn ass kann ech domadder net confirméieren.

Et ka sinn dass a verschiddene Momenter am Dag, a besonnesch op der Gare wa méi Zich zur gläicher Zäit ukommen, een Tram voll ass. Dann muss een am Extremfall op den nächsten Tram waarden, wat bei engem Takt vu 4 Minutten awer och keng laang Waardezäit ass.

Wéi ech schonn am Kontext vum Plan national de mobilité 2035 erklärt hunn, ass et d’Ziel aus der éischter Tramslinn ee richtegen Tramsreseau ze maachen mat insgesamt 4 Linnen. Een Tramsreseau ass vill méi resilient an d’Passagéier kënnen sech besser um ganze Reseau verdeele wéi op enger eenzeger Linn.

Am Moment ginn et och just 2 Beréierungspunkten tëscht Tram an der Eisebunn. An 2 Joer kann d’Gare périphérique um Houwald ugebonne ginn. Duerno gëtt d’Gare périphérique vun Hollerech och vum Tram erschloss. Mir verduebelen also d’Unzuel vun den Emsteigepunkten Zuch-Tram, wat d‘Gare Centrale wäert entlaaschten. Änlech ass d’Situatioun bei den Emsteigepunkte Bus-Tram, wou mer vun haut 5 op muer 12 Emsteigepunkten an der Stad wäerten eropgoen.

Zousätzlech hunn mer effektiv d’Méiglechkeet punktuell op een 3-Minuttentakt eropzegoe wat eng Kapazitéitserhéigung vun 33% duerstellt, also ënnert Covid-Bedingunge 6000 Persoune pro Richtung a Stonn.

Laangfristeg kënnen och méi laang Gefierer agesat ginn, falls d’Demande sech net besser sollt verdeelen a weider klëmmt.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Keen Accès zu biologesche Resultater vun der LëtzHBM-Etüd ?

Bei der Etüd « LëtzHBM » vum LNS gi biologesch Prouwen an Ëmweltprouwen erhuewe fir d’Präsenz vu chemesche Substanzen doheem bei Privatpersoune festzestellen. D’Resultater vun de biologesche Prouwe ginn, anescht wéi vun den Ëmweltprouwe, ginn de Participanten net systematesch kommunizéiert.
Den DP-Deputéierten Dr Gérard Schockmel huet bei der Gesondheetsministesch nogefrot firwat dës Resultater net matgedeelt ginn an ob dat konform zum Dateschutzreglement ass.

weiderliesen...

Wéi laang ass d’Waardezäit an der « Travel Clinic » ?

Bei Reesen a méi tropesch Regioune kann een sech an der “Travel Clinic” vum CHL beroden a géint verschidde Krankheeten impfe loossen. D’Waardezäiten an dëser Klinick sollen den Ament awer nawell laang sinn.
D’DP-Deputéiert Dr Gérard Schockmel a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Patienten an de leschten 10 Joer an der “Travel Clinic” empfaange goufen, wéi d’Waardezäiten sech an dëser Period entwéckelt hunn an ob et net sënnvoll wier online ee Rendez-vous huelen ze kënnen, esouwéi dat fir vill aner Servicer vum CHL méiglech ass.

weiderliesen...

Wéi kann een de Beruff vum Aide-soignant revaloriséieren ?

De Manktem u Fleegepersonal gehéiert zu de gréissten Erausfuerderunge vun dëser Regierung. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum wollten an deem Kontext vun der Gesondheetsministesch ënnert anerem wëssen, wéi vill Aides-soignanten aktuell am Land schaffen, wéi vill de Beruff an de leschte Jore gewiesselt hunn a wéi eng Mesüren d’Regierung ze huele gedenkt fir de Beruff nees méi attraktiv ze maachen.

weiderliesen...