„De Wäschbier ass zu Lëtzebuerg scho laang keng Seelenheet méi. D‘Populatioun vun dëser invasiver Spezies ass enorm gewuess, zënter si an den 1970er Joren zu Lëtzebuerg opgetaucht ass. D‘Upassungsfähegkeet vun dëser Spezies huet dozou gefouert, dass si sech ëmmer méi an urbane Gebidder usidelt, wouduerch et och ëmmer méi zu Kontakter mat Mënsche kënnt.
An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwéckelung folgend Froe stellen:
- Wéi héich gëtt d‘Populatioun de Moment geschat?
- Ginn et verschidden Zorte Wäschbieren zu Lëtzebuerg? Wa jo, wéi eng Zorte wieren dat?
- Op wéi eng Manéier suivéiert den Ëmweltministère d’Populatioun vun de Wäschbieren?
- Wéi effikass waren d’Efforten d’Populatioun ze reguléiere bis elo? Wéi vill Wäschbiere sinn an de leschte fënnef Joer pro Joer geschoss ginn?
- Hält d’Madamm Ministesch et fir noutwendeg, d’Efforten ze verstäerken? Wa jo, wat genee ass virgesinn, fir där invasiver Aart Meeschter ze ginn?
- Ass virgesinn, d’Bevëlkerung ze sensibiliséieren, wéi ee sech verhale soll, wann een engem Wäschbier, en Déier dat net ganz ongeféierlech ass, begéint?“