Wie entwickelt sich die Population der Waschbären in Luxemburg?

Der Waschbär ist eine invasive Art, die sich in Luxemburg immer mehr auszubreiten scheint. Auch die Begegnungen mit Menschen scheinen sich zu häufen. Die DP-Abgeordneten André Bauler und Max Hahn haben nachgefragt, wie sich ihre Population in den vergangenen Jahren entwickelt hat und ob die Maßnahmen zur Regulierung wirksam seien.

De Wäschbier ass zu Lëtzebuerg scho laang keng Seelenheet méi. D‘Populatioun vun dëser invasiver Spezies ass enorm gewuess, zënter si an den 1970er Joren zu Lëtzebuerg opgetaucht ass. D‘Upassungsfähegkeet vun dëser Spezies huet dozou gefouert, dass si sech ëmmer méi an urbane Gebidder usidelt, wouduerch et och ëmmer méi zu Kontakter mat Mënsche kënnt.

An deem Kader wollte mir der Madamm Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwéckelung folgend Froe stellen:

  • Wéi héich gëtt d‘Populatioun de Moment geschat?
  • Ginn et verschidden Zorte Wäschbieren zu Lëtzebuerg? Wa jo, wéi eng Zorte wieren dat?
  • Op wéi eng Manéier suivéiert den Ëmweltministère d’Populatioun vun de Wäschbieren?
  • Wéi effikass waren d’Efforten d’Populatioun ze reguléiere bis elo? Wéi vill Wäschbiere sinn an de leschte fënnef Joer pro Joer geschoss ginn?
  • Hält d’Madamm Ministesch et fir noutwendeg, d’Efforten ze verstäerken? Wa jo, wat genee ass virgesinn, fir där invasiver Aart Meeschter ze ginn?
  • Ass virgesinn, d’Bevëlkerung ze sensibiliséieren, wéi ee sech verhale soll, wann een engem Wäschbier, en Déier dat net ganz ongeféierlech ass, begéint?

Antwort

Wéi héich gëtt d‘Populatioun de Moment geschat?

Et gëtt keng Schätzungen zu der Populatioun vum Wäschbier. Wëll Déieren zielen oder schätzen ass extrem schwiereg.

Ginn et verschidden Zorte Wäschbieren zu Lëtzebuerg? Wa jo, wéi eng Zorte wieren dat?

Et gëtt eng Aart hei zu Lëtzebuerg, den Procyon lotor.

Op wéi eng Manéier suivéiert den Ëmweltministère d’Populatioun vun de Wäschbieren?

Den Trend vun der Populatioun gëtt via d’Ofschosszuelen duerch d’Jeeër suivéiert. D’Verbreedung vum Wäschbier gëtt ausserdeem och mam Reseau vu Fotofalen am Land suivéiert. Generell kann ee constatéieren, dass d’Aart sech kontinuéierlech no Süden ausbreet.

Wéi effikass waren d’Efforten d’Populatioun ze reguléiere bis elo? Wéi vill Wäschbiere sinn an de leschte fënnef Joer pro Joer geschoss ginn?

De Wäschbier ass eréischt säit dem Juegdjoer 2011/12 bejobar. Hei sinn d’Ofschosszuelen bis 2020, aus dem Bulletin technique de l’Administration de la nature et des forêts en matière de gestion de la faune sauvage et de chasse (BT), Nr. 8.:

An hei déi geografesch Verbreedung vum Ofschoss, aus de Juegdjoeren 2013/14 (Quell: BT Nr. 3) an 2019/20 (Quell: BT Nr. 8):

Aus deenen Zuele gesäit een, dass d’Juegd weder d’Augmentatioun vun der Densitéit nach d’Ausbreedung no Süden konnt stoppen, sou dass se mat grousser Warscheinlechkeet relativ wéineg regulatoreschen Impakt op d’Populatioun huet.

Hält d’Madamm Ministesch et fir noutwendeg, d’Efforten ze verstäerken? Wa jo, wat genee ass virgesinn, fir där invasiver Aart Meeschter ze ginn?

Den Dr. Ulf Hohmann, ee renomméierten Wäschbierexpert an Europa, sot an der Conclusioun vu sengem Virtrag, deen hien den 22. Oktober 2021 zu Esch gehalen huet, zum Thema Wäschbier: „Gekommen, um zu bleiben“. De Wäschbier wäert op Grond vu senger Liewensweis, sengem Ausbreedungs- a Fortplanzungsverhalen net méi aus Europa an domadder och net aus Lëtzebuerg verschwannen.

Fir den Ëmgank mat där Aart zu Lëtzebuerg gouf extra en Aktiounsplang ausgeschafft an 2020 publizéiert. Zil vun dësem Aktiounsplang ass eng kontrolléiert Gestion vun der Wäschbierpopulatioun fir hiren Impakt op déi eenheemesch Aarten ze verréngeren an ze verhënneren dass si sech en urbaniséierte Beräicher ausbreeden (https://environnement.public.lu/dam-assets/documents/natur/plan-d’action-eee/2020/PA-EEE-Procyon-lotor.pdf). Dozou gehéiere punktuell Faangaktiounen a sensiblen Naturschutzgebitter fir d’Biodiversitéit an deene Gebitter virun där invasiver Aart ze schützen. Am meeschte betraff sinn d’Vigel, virun allem déi déi um Buedem bréien, well d’Wäschbiere ganz einfach un d’Eeeër oder déi kleng Vigel kommen an dës friessen. Awer och op bedroten Aarte vun Amphibien a Séisswaassermuschelen huet de Wäschbier een negativen Impakt. Zousätzlech zu de Regulatiounsmoossnamen beinhalt den Aktiounsplang och Sensibiliséirungs- an Iwwerwaachungsmoossnamen vun där Aart.

Ass virgesinn, d’Bevëlkerung ze sensibiliséieren, wéi ee sech verhale soll, wann een engem Wäschbier, en Déier dat net ganz ongeféierlech ass, begéint?

De Wäschbier gehéiert der Famill vun de Klengbieren un an huet näischt mat der Famill vun de Bieren ze dinn. Et ass ee Marderverwandten wéi och de Marder an den Dachs an ass net méi geféierlech wie déi Déieren. D’Natur- a Bëschverwaltung (ANF) huet eng Broschür “Waschbären und Marderhunde in Luxemburg” (1. Oplag 2021) entwéckelt, déi iwwert de Wäschbier an d’Probleemer mat där Aart opkläert. Déi Broschüre gouf am März 2022 verëffentlecht an ass gratis bei der ANF ze bezéien an och online ofrufbar: https://environnement.public.lu/dam-assets/fr/conserv_nature/publications/2022/ANF-MARDERHUND-WASCHBAER-2022-web.pdf.

Möchten Sie eine Übersetzung dieser parlamentarischen Anfrage auf Deutsch ?

Teilen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weitere parlamentarische Fragen

Wie viele Menschen leiden an Magersucht?

Neben Übergewicht ist auch Magersucht ein Problem unserer Gesellschaft. Die DP-Abgeordneten André Bauler und Gilles Baum haben bei der Gesundheitsministerin unter anderem nachgefragt, wie viele Magersuchtpatienten in Luxemburg ins Krankenhaus mussten, wie lange die Behandlung durchschnittlich dauert und wie sich die Behandlungskosten in den letzten zehn Jahren entwickelt haben.

weiterlesen...

Kein Zugriff auf biologische Ergebnisse der LëtzHBM-Studie?

Im Rahmen der LNS-Studie „LëtzHBM“ werden biologische Proben und Umweltproben gesammelt, um das Vorhandensein chemischer Substanzen in Privathaushalten zu bestimmen. Die Ergebnisse der biologischen Proben werden den Teilnehmern, im Gegensatz zu den Umweltproben, nicht systematisch mitgeteilt.
Der DP-Abgeordnete Dr. Gérard Schockmel habt bei der Gesundheitsministerin nachgefragt, warum diese Ergebnisse nicht mitgeteilt werden und ob dies mit den Datenschutzbestimmungen vereinbar ist.

weiterlesen...

Wie lange sind die Wartezeiten in der „Travel Clinic“?

Bei Reisen in tropischere Regionen kann man sich in der „Travel Clinic“ des CHL beraten und gegen verschiedene Krankheiten impfen lassen. Die Wartezeiten in dieser Klinik sollen derzeit jedoch recht lang sein.
Die DP-Abgeordneten Dr. Gérard Schockmel und Gilles Baum haben bei der Gesundheitsministerin nachgefragt, wie viele Patienten in den letzten zehn Jahren in der „Travel Clinic“ empfangen wurden, wie sich die Wartezeiten in diesem Zeitraum entwickelt haben und ob es nicht sinnvoll wäre, wie bei vielen anderen CHL-Diensten eine Online-Terminvereinbarung zu ermöglichen.

weiterlesen...