Wéi geet et mam P&R zu Waasserbëlleg bei der Gare virun?

Et ass den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Max Hahn zu Ouere komm, dass de Projet vum neie P&R zu Waasserbëlleg bei der Gare vun den CFL wéinst der Präisexplosioun ë.a. vum Material virleefeg gestoppt gi wier, an nei geplangt soll ginn. Aus deem Grond hu si beim zoustännege Minister weider Detailler gefrot.

„Et ass eis zu Ouere komm, dass de Projet vum neie P&R zu Waasserbëlleg bei der Gare vun den CFL virleefeg gestoppt gi wier, an dass de Projet nei geplangt soll ginn. Den Haaptgrond fir dëse Schratt wier virop déi rezent Präisexplosioun, ënner anerem beim Baumaterial.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Ass virgesinn, déi fräi Fläch, déi duerch d’Demolitioun vun de fréieren Ateliern entstanen ass, bis zur Realiséierung vun engem neie Projet als Parkraum ze notzen?
  • Ginn et Gespréicher mat den däitschen Autoritéiten, fir och d’Parkméiglechkeeten op däitscher Säit auszebauen, notamment bei den Zuchgaren direkt hanner der Grenz ?
  • Ginn et aner Projete vun der CFL, déi wéinst der Präisdeierecht mussen nei geplangt oder ofgeännert ginn?“

Äntwert

– Ass virgesinn, déi fräi Fläch, déi duerch d’Demolitioun vun de fréieren Ateliern entstanen ass, bis zur Realiséierung vun engem neie Projet als Parkraum ze notzen?

Et ass effektiv virgesinn, um Areal vum fréieren Atelier CFL, ee provisoresche Parking vun zirka 40 Parkplazen ze schafen. Des wäerte fir d’Rentrée am September 2022 disponibel sinn.

– Ginn et Gespréicher mat den däitschen Autoritéiten, fir och d’Parkméiglechkeeten op däitscher Säit auszebauen, notamment bei den Zuchgaren direkt hanner der Grenz?

Am Kader vun der Reaktivatioun vun der Westrecke Tréier wollt d’Land Rheinland-Pfalz zousätzlech Park&Ride Plazen bei den Arrêt’en vun Ehrang, Römerbrücke Trier-West an Euren schaafen.

– Ginn et aner Projete vun der CFL, déi wéinst der Präisdeierecht mussen nei geplangt oder ofgeännert ginn?

Nee, et gi kéng aner Projete vun der CFL déi nei geplangt oder ofgeännert musse ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...