Wéi geet et mat de Refugiéen a Bosnien-Herzegowina virun?

D'Flüchtlinge vum Camp Lipa a Bosnien Herzegowina sinn zanter Méint ouni Waasser, Elektresch, Heizung an Zelter. An dëst obwuel alternativ Méiglechkeete fir e wanterfesten Ënnerdaach bestinn. Déi vun hinnen, déi probéieren hire Wee iwwer d'Grenz ze maachen, gi vun der kroatescher Police ënner Uwendung vu Gewalt zeréckgeschéckt. Déi Deputéiert Gilles Baum a Gusty Graas hu nogefrot wat gemaach gëtt fir dës Mënschen virun der Wanterkeelt ze schützen.

« Leurs conditions de vie étant déjà désastreuses, le temps hivernal rend la situation pour les réfugiés de l’ancien camp Lipa au nord de la Bosnie-Herzégovine davantage insupportable. En l’absence d’électricité, d’eau courante et de chauffage, et avec les températures en baisse, les personnes sur place courent le risque de mourir d’hypothermie.

Dû à des différends entre les autorités de Sarajevo et la ville de Bihac, les migrants avaient été expulsés du camp de ‘Bira’, camp mieux adapté aux conditions d’hiver non loin de Bihac.

Les réfugiés tentant la traversée vers l’Union européenne par la frontière croate sont victimes de violences inhumaines et font l’objet des ‘push back’ illégaux de la part des policiers croates. Les autres se retrouvent de retour dans l’ancien camp de Lipa qui, lors de son évacuation par l’OIM, l’Organisation internationale pour les migrations, avait été ravagé par un feu en décembre 2020.

Dans ce contexte, nous aimerions poser les questions suivantes à Monsieur le Ministre des Affaires étrangères et européennes :

  • Selon ‘Human Rights Watch’, la Bosnie-Herzégovine s’appuie sur son accord bilatéral avec la Croatie. L’organisation se réfère à l’accord avec la Communauté européenne concernant la réadmission des personnes en séjour irrégulier, spécifiquement à l’article 3, point b) en relation avec la réadmission des ressortissants des pays tiers et des apatrides. Est-il correct que la Bosnie-Herzégovine se base sur cet article dans la situation actuelle ? Cet article s’applique-t-il également pour les crises migratoires ?
  • Que fait l’Union européenne pour assister les autorités de Sarajevo à résoudre les différends avec la ville de Bihac au nord du pays afin d’héberger les réfugiés dans le camp de Bira ? Monsieur le Ministre prévoit-il de discuter cette problématique lors d´une prochaine réunion avec ses homologues européens ?
  • La Charte humanitaire du Luxembourg reconnaît le caractère de plus en plus prolongé des déplacements forcés et s’engage à prendre les mesures opérationnelles pour répondre aux besoins des personnes déplacées. Est-ce que le Luxembourg soutiendra les réfugiés en Bosnie-Herzégovine et de quelle façon ?
  • Selon FRONTEX, des abus aux frontières croates n’ont pas pu être constatés. Comment l’agence de garde-frontières peut-elle assurer un meilleur contrôle et une assistance aux policiers croates dans cette situation ?
  • Quelles mesures seront prises afin de protéger les réfugiés de l’hypothermie ? »

Äntwert

Bosnien-Herzegowina stäipt sech op hire bilateralen Akkord mat Kroatien an der europäescher Communautéit, iwwer d’Readmissioun vu Persounen am Fall vun engem onreegelméissegen Openthalt. Direkt nodeems de Camp Lipa zougemaach ginn ass, huet d‘europäesch Unioun an den Diskussioune vill Drock op d’Vertrieder vu Bosnien-Herzegowina an déi verschidden Autoritéite gemaach, fir eng séier Léisung an dëser humanitärer Kris ze fannen. Lëtzebuerg wäert sech wieder un de kollektiven Efforte vun der europäescher Unioun bedeelegen. D’Agente vu FRONTEX hunn e Pouvoir iwwert hier eege Leit, net awer iwwer d’Agente vun de Forces de l’ordre vun de jeeweilege Memberstaaten. D’Mechanismen wäerten awer an Zukunft gestäerkt ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...