Wéi geet et weider am Dossier Déierentransport?

D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hunn de Landwirtschaftsminister gefrot, wéi et ëm de Suivi vum Debat mat de Jongbaueren zum Thema aartgerechten Déierentransport steet, wéi déi nei EU-Recommandatioune konkret wäerten ëmgesat ginn an ob et zu engem weideren Debat zu deem Sujet wäert kommen ?

„De 5. Juli 2021 gouf et an der Chamber en Debat iwwert d’Petitioun Nummer 1843, déi vun de Lëtzebuerger Jongbaueren agereecht gouf. Si hunn ënner anerem gefuerdert, datt lëtzebuergesch Béischten net méi duerch d’ganz Welt transportéiert gi fir dann an Drëttlänner ënner Konditioune geschluecht ze ginn, déi Déierewuel net respektéieren. D’lescht Woch huet och d’Europäescht Parlament Recommandatioune guttgeheescht, fir Déierewuel beim Déierentransport ze verbesseren.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung folgend Froe stellen:

  1. Wéi steet et ëm de Suivi vum Debat mat de Jongbaueren an der Chamber? Wat fir Konklusioune vun dësem Debat wäerte kuerzfristeg ëmgesat ginn? Wéi steet et ëm d’Aféiere vun engem nationale Pass fir d‘Béischten?
  2.  Zu wat fir enge Schrëtt wäerten d’Diskussiounen op europäeschem Plang féieren ? Wéi wäerten déi nei EU-Recommandatiounen zu Lëtzebuerg konkret ëmgesat ginn?

Iwwer wat fir eng Moossnamen op nationalem Plang wäert de Minister mat den nationalen Acteuren an nächster Zäit berotschloen? Wäert et zu engem weideren Debat iwwert den Déierentransport zu Lëtzebuerg kommen?“

Äntwert:

1)  Wéi steet et ëm de Suivi vum Debat mat de Jongbaueren an der Chamber?

Wat fir Konklusioune vun dësem Debat wäerte kuerzfristeg ëmgesat ginn?

Wéi steet et ëm d’Aféiere vun engem nationale Pass fir d‘Béischten?

An de Konklusioune vum Debat sti Mesuren, déi engersäits op nationalem an anerersäits op europäeschem Niveau ëmgesat musse ginn.

Op europäeschem Niveau steet d’Thema « Bien-être au transport » ëmmer erëm op der Agenda vum Agrarconseil, an hei ass et un de Landwirtschaftsministere fir op d’Kommissioun Drock ze maachen, dass d’Konditiounen beim Déierentransport verbessert gi respektiv Déierentransporter a verschidde Länner, wou d’Konditiounen net respektéiert ginn, net méi erlaabt ginn. De lëtzebuerger Landwirtschaftsminister huet dat bei all Geleeënheet gemaach an huet sech u verschiddenen Initiative mat eenzele Länner bedeelegt.

Op nationalem Niveau gouf proposéiert, méi verstäerkt d‘Kaalwermascht hei am Land ze promouvéieren, fir net all déi männlech Kaalwer an auslännesch Kaalwermäschtereien  exportéieren ze mussen.

Dat ass awer eng Mesure, déi net kuerzfristeg ëmzesetzen ass, well hei eng ganz Rei Froen ze kläre sinn, wéi z.B. Infrastrukture fir d’Kaalwermascht, d’Vermaartung vum Kalleffleesch (notamment och d’Valoriséieren am Kader vun engem Label), d’Genetik (Rass vum Zuuchtstéier, Produktioun vun Kraizungsbaischten). Grondvirrausetzung ass natierlech, dass Baueren interesséiert sinn, an esou eng Produktioun ze investéieren.

Wat de Pass fir d‘Randbéischte betrëfft, existéiert dëse schonn. All Kallef kritt bei der Gebuert e Pass vun der Divisioun “Sanitel“ vun der Veterinärsverwaltung ausgestallt, wou verschidden Donnéeën (Rannerhalter, Sanitelsnummer, sanitär Donnéeën) drop stinn. Dëse Pass begleet d‘Béischt bei all Beweegung vun engem Betrib op deen aneren a bis an d’Schluechthaus respektiv bei d’Firma, déi de Kadaver entsuergt.

Prinzipiell kéint een schonn haut op de Pass drop schreiwen, dass dat Béischt net däerf an Drëttlänner exportéiert ginn. Aktuell ass d’Situatioun awer déi, datt, wann d‘Béischt aus Lëtzebuerg an en anert EU-Land transportéiert gëtt, do e neie Pass ausgestallt gëtt, op deem de Vermierk da verschwënnt. Dofir ass dee Volet just op europäeschem Niveau ze léisen, woubäi een sech muss bewosst sinn, dat, wann d’Déier d’EU verléisst, dee Pass keng bindend Validitéit fir Drëttlänner huet.

2)  Zu wat fir enge Schrëtt wäerten d’Diskussiounen op europäeschem Plang féieren? Wéi wäerten déi nei EU-Recommandatiounen zu Lëtzebuerg konkret ëmgesat ginn?

Den Ënnersuchungsausschoss vum Europaparlament, deen sech iwwert dat lescht Joer mam Thema „Déierentransport“ auserneegesat huet, huet e Rapport erstallt, deen am Januar dëst Joer vum Europaparlament approuvéiert gouf.

Dëse Rapport adresséiert verschidde Recommandatiounen un d’Kommissioun, déi iwwert eng Reform vun der europäescher Legislatioun ëmgesat solle ginn. Déi Recommandatioune betreffend d’Transportdauer, d’Transportkonditioune grad ewéi och de Mindestalter, mat deem Déieren transportéiert däerfe ginn.

D’Kommissioun wäert Enn 2023 legislativ Propositioune virschloen, déi d’Déierewuel net nëmme beim Transport mee och an de Betriber verbessere sollen. Lëtzebuerg, wéi och all déi aner EU-Länner, ass da verflicht, déi nei Dispositiounen op nationalem Niveau ëmzesetzen.

3)  Iwwer wat fir eng Moossnamen op nationalem Plang wäert de Minister mat den nationalen Acteuren an nächster Zäit berotschloen?

Wäert et zu engem weideren Debat iwwert den Déierentransport zu Lëtzebuerg kommen?

An de Gespréicher mat den nationalen Acteuren, déi ech wäert iwwert déi nächst Méint féieren, wäert de „Bien-être animal“ och en Thema sinn. Sou sinn am neien nationale Strategieplang betreffend déi zukünfteg Agrarpolitik eng Rei Mesure virgesinn, fir d‘Déierewuel nach weider ze verbesseren. Als Beispill kënnen d’Erweiderung vun der Weideprimm an déi nei geplangten Norme beim Stallbau erwäänt ginn. Doriwwer eraus wäert et spéitstens zu weideren Debate kommen, wann nei europäesch legislativ Propositiounen um Dësch leien.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Kantinn

Gëtt manner Fleesch a Fësch an de Schoulkantinnen giess?

Ënnert de Jonken gëtt d’Nofro fir vegetarescht a vegaant Iessen ëmmer méi grouss. Dofir hu vereenzelt Lycéeën beim Pilotprojet „Veggie Monday“ matgemaach. D‘Deputéiert Carole Hartmann a Claude Lamberty hu sech beim Educatiounsminister iwwer d’Erfarungen an d’Konsequenzen vun dësem Projet informéiert.

weiderliesen...

Wéini gëtt d’Eller Bréck renovéiert?

Opgrond vum schlechten Zoustand vun der Bréck zu Ell ass zënter laangem geplangt, dës Bréck ze renovéieren respektiv komplett ze erneieren. Wëll deen Dossier awer net richteg virunzegoe schéngt, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wou d’Aarbechten dru sinn.

weiderliesen...