Wéi héich ass de Risiko, datt d’Maternité zu Ettelbréck an den nächsten Deeg muss zougemaach ginn?

Den DP-Deputéierten André Bauler a Gilles Baum ass zu Ouere komm, datt um Ettelbrécker Site vum Centre hospitalier du Nord an den nächsten Deeg kee Pediater méi zur Verfügung steet an d’Maternité dowéinst riskéiert missen zouzemaachen. Aus dësem Grond hu si bei der Gesondheetsministesch nogefrot, ob dat stëmmt a wat an deem Fall d’Ursaache fir dësen Ëmstand sinn.

Fro

Eis ass zu Ouere komm, datt de Centre hospitalier du Nord (ChdN) op sengem Ettelbrécker Site an den nächsten Deeg riskéiert seng Maternité missen zouzemaachen, well kee Pediater méi zur Verfügung ka stoen, sou wéi d’Spidolsgesetz et verlaangt, wann ee Kand op d’Welt kënnt. 

Et ass effektiv sou, datt bei enger Gebuert e Kannerdokter ganz kuerzfristeg muss verfügbar sinn, wann et zu onerwaarte Komplikatioune kënnt, déi d’Gesondheet oder souguer d’Liewe vum Kand a Fro stelle kënnen.

Aus deem Grond wollte mir der Madamm Gesondheetsministesch folgend Froen dringend stellen:

  • Stëmmt et, datt am ChdN um Site Ettelbréck net genuch Kannerdokteren de Moment disponibel sinn fir en normalen Déngscht vun enger Maternité z’assuréieren?
  • Wa jo, wat sinn d’Ursaachen dofir?
  • Wéi héich ass de Risiko, datt d’Maternité an den nächsten Deeg muss zougemaach ginn, well déi gesetzlech virgeschriwwe Sécherheetsstandarden net méi garantéiert sinn?
  • Sicht de Gesondheetsministère mat den zoustännegen Instanzen eng Léisung ze fannen, fir datt d’Maternité awer kann opbleiwen; zemools wann ee bedenkt wéi wäit d’Leit aus dem Éislek oder dem Réidener Kanton fuere mussen, wa sech eng Gebuert méi séier ukënnegt wéi erwaart?

Äntwert

D’Maternité vum CHdN huet effektiv op den 1. Abrëll 2022 seng Dieren temporaire missten zoumaachen wëll  kuerzfristeg zwee vun den véier Pédiatren déi normalerweis ofwiesselnd d’Garde an der Maternité assuréieren ausgefall sinn. Dëst huet mat sech bruecht datt den CHdN seng Obligatioun an Saachen Garden sou wéi d’Spidolsgesetz et virgesäit net méi erfëllen konnt.

An Zesummenaarbecht mat der Direktioun vum CHL, dem Service national de néonatologie intensive vum CHL an dem Gesondheetsministère huet d’Direktioun vum ChdN en globaalt Konzept ausgeschafft fir d’Konformitéit mam Spidolsgesetz z’assuréieren esou wéi eng Prise en charge vun den Urgences néonatales. Zu dësem Zaitpunkt lafen nach weider Gespréicher wéi dëst Konzept um Terrain ëmgesat kann ginn. Soubal dës Konzept ëmgesat ass, wäert d‘Maternité vum CHdN seng Dieren och nees opmaachen kënnen.

Während där Zäitspan, wou d’Maternité provisoresch zou ass, kënnen d’Fraen déi an der leschter Phase vun hirer Schwangerschaft sinn, beim 112 uruffen fir wann néideg op d’Déngschter vun enger Ambulanz zeréck ze gräifen. Den ChdN setzt sech ënnert anerem dofir an dass all Asaz vum SAMU vun enger Hiefamm begleet gëtt. D’Maternité vum ChdN betreit haaptsächlech Schwangerschaften mat engem nidderegen Risikofacteur. Vir awer d’Sécherheet vun den Neigebuerenen z’assuréieren, gesäit deen neien Konzept verschidden Moossnamen vir vu que dass trotzdem eng Urgence kann optrieden.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...