Wéi si Schéissstänn zu Lëtzebuerg reglementéiert?

Wien dierf zu Lëtzebuerg op de Schéissstand goen? Wat fir Coursen ginn de Betriiber ma och dem Eenzelen ugebueden? Wéi eng Kontrolle gi gemaach? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu sech beim zoustännege Minister renseignéiert.

« De Weekend war an enger Lëtzebuerger Dageszeitung ze liesen, dass Reklammen fir e Schéissstand just hannert der lëtzebuerger Grenz op der Facebook Säit vu Coronamesure- Géigner publizéiert gi wieren. An dëse Reklammen géifen da Waffen- a Schéisscoursen ugebuede ginn.

Et liest ee weider, dass esouwuel Professioneller, wéi och Privatleit dës Course kënne besichen. Et géif dorop opgepasst, dass keng Extremisten oder politesch motivéiert Persounen ënner de Participante dobäi wieren, allerdéngs wier et net méiglech Abléck an de Casier vun den eenzele Leit ze kréien.

Den Aussoe vun der Police an dësem Artikel no, géif een esou Betriber kritesch gesinn. Zwar géif ee vun der Police an der Arméi aus op intern Ausbildungen zeréckgräifen, an trotzdeem géing e Sécherheetsproblem bestoen well Polizisten och privat un de Coursen géingen deelhuelen. Déi taktesch Ausbildung wier op europäeschem Niveau ofgeschwat, an esou ‚Trainingen‘ op dëse Schéissstänn kéinten am schlëmmste Fall vun de nationale Gesetzer ofwäichen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Justizministesch an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Wéi si Schéissstänn hei am Land allgemeng reglementéiert ?
  • Wien dierf zu Lëtzebuerg op e Schéissstand schéisse goen?
  • Ginn zu Lëtzebuerg och Coursen fir Privatleit a Betriiber ugebueden?
  • Falls jo, wat fir Konditioune musse een do erfëllen a brauch ee fir un esou engem Cours deelzehuelen e Waffeschäin?
  • Ginn op lëtzebuerger Schéissstänn och taktesch Übungen fir Civilisten ugebueden?

Ginn an dem Kontext reegelméisseg Kontrolle op de Schéissstänn gemaach ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéi vill Persoune leiden un Anorexie ?

Nieft dem Iwwergewiicht ass och d’Anorexie ee Problem an eiser Gesellschaft. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gilles Baum hu bei der Gesondheetsministesch ënnert anerem nogefrot, wéi vill Anorexie-Patienten zu Lëtzebuerg hu missen hospitaliséiert ginn, wéi laang den Traitement an der Moyenne dauert a wéi sech d’Käschte vun den Traitementer an de leschten 10 Joer entwéckelt hunn.

weiderliesen...

D’Participatioune vum Staat

De liberalen Deputéierten André Bauler huet de Finanzminister gefrot wéi eng Participatiounen de lëtzebuerger Staat huet, wéi sech dës iwwer d’Zäit verännert hunn an wéi eng Stratégie dohannert stécht.

weiderliesen...