Wéi si Schéissstänn zu Lëtzebuerg reglementéiert?

Wien dierf zu Lëtzebuerg op de Schéissstand goen? Wat fir Coursen ginn de Betriiber ma och dem Eenzelen ugebueden? Wéi eng Kontrolle gi gemaach? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu sech beim zoustännege Minister renseignéiert.

« De Weekend war an enger Lëtzebuerger Dageszeitung ze liesen, dass Reklammen fir e Schéissstand just hannert der lëtzebuerger Grenz op der Facebook Säit vu Coronamesure- Géigner publizéiert gi wieren. An dëse Reklammen géifen da Waffen- a Schéisscoursen ugebuede ginn.

Et liest ee weider, dass esouwuel Professioneller, wéi och Privatleit dës Course kënne besichen. Et géif dorop opgepasst, dass keng Extremisten oder politesch motivéiert Persounen ënner de Participante dobäi wieren, allerdéngs wier et net méiglech Abléck an de Casier vun den eenzele Leit ze kréien.

Den Aussoe vun der Police an dësem Artikel no, géif een esou Betriber kritesch gesinn. Zwar géif ee vun der Police an der Arméi aus op intern Ausbildungen zeréckgräifen, an trotzdeem géing e Sécherheetsproblem bestoen well Polizisten och privat un de Coursen géingen deelhuelen. Déi taktesch Ausbildung wier op europäeschem Niveau ofgeschwat, an esou ‚Trainingen‘ op dëse Schéissstänn kéinten am schlëmmste Fall vun de nationale Gesetzer ofwäichen.

An deem Kader wollte mir der Madamm Justizministesch an dem Här Minister fir bannenzeg Sécherheet folgend Froe stellen:

  • Wéi si Schéissstänn hei am Land allgemeng reglementéiert ?
  • Wien dierf zu Lëtzebuerg op e Schéissstand schéisse goen?
  • Ginn zu Lëtzebuerg och Coursen fir Privatleit a Betriiber ugebueden?
  • Falls jo, wat fir Konditioune musse een do erfëllen a brauch ee fir un esou engem Cours deelzehuelen e Waffeschäin?
  • Ginn op lëtzebuerger Schéissstänn och taktesch Übungen fir Civilisten ugebueden?

Ginn an dem Kontext reegelméisseg Kontrolle op de Schéissstänn gemaach ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wéini gëtt d’Eller Bréck renovéiert?

Opgrond vum schlechten Zoustand vun der Bréck zu Ell ass zënter laangem geplangt, dës Bréck ze renovéieren respektiv komplett ze erneieren. Wëll deen Dossier awer net richteg virunzegoe schéngt, huet den DP-Deputéierten André Bauler nogefrot, wou d’Aarbechten dru sinn.

weiderliesen...

Wéi kann de Service um Patient an Zukunft bei Mammographie verbessert ginn?

D’Europäesch Kommissioun huet d’Recommandatioun eraus ginn, Mammographie fir Fraen am Alter tëschent 45 a 74 Joer ze maachen. Den Ament gëtt hei am Land den Depistage bei Fraen eréischt ab 50 Joer gemaach. Oft dauert et och vill ze laang, bis een e Rendezvous-vous fir e Kontroll ka kréien. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet beim Gesondheetsministère nogefrot, ob dat sech an Zukunft wäert änneren.

weiderliesen...

Wéini kënnt eng eenheetlech digital Léisung am Lëtzebuerger Gesondheetswiesen?

Mat der GesondheetsApp huet den Digital Health Network a Kooperatioun mat der AMMD eng Applikatioun entwéckelt, déi dem Patient et géif erlaben, op digitalem Wee, all seng medezinesch Demarchen ze erleedegen. Trotz engem politeschen Accord, géif dës App awer nëmme bedéngt, an op limitéiert Aart a Weis benotzt ginn? Wisou kënnt des App net zum Asaz, a wéini kommen eenheetlech Léisungen an dësem Dossier? Eis Deputéiert Carole Hartmann, Gilles Baum a Gusty Graas hunn sech renseignéiert.

weiderliesen...