Wéi verlafen d’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss zu Iechternach?

D’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss zu Iechternach sollten am Oktober 2022 ufänken. Eis Deputéiert Carole Hartmann huet sech ëmfrot, ob dës Aarbechte wéi geplangt verlafen, a wat den Impakt op de Stroosseverkéier an der Regioun wäert sinn.

„Laut dem Här Minister senger Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°5323 vum 2. Dezember 2021, sollten d’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss zu Iechternach am Oktober 2022 ufänken. An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Sinn d’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss wéi geplangt ugelaaf? Wéi laang wäerten d’Aarbechten fir de Lot 1 „liaison Morgenstern“ brauchen?
  • Kënnt et am Kader vun dësen Aarbechten zu enger Aschränkung vum Verkéier respektiv zu enger Spärung vun der Haaptverkéiersachs iwwer d’Route de Wasserbillig an d’Rue des Remparts? Wa jo, a wéi engem Zäitraum a wéi gëtt de Verkéier dee Moment gereegelt?
  • Wéini sollen d’Aarbechten um Lot 2 „bypass N11/CR366“ (Knepperkräizung) an um Lot 3 „voie Charly“ ufänken a bis wéini sollen se ofgeschloss sinn?
  • Wéi eng Mesurë si virgesinn, fir de Respekt vun der maximaler Vitesse ze garantéieren an z’evitéieren, dass Chauffeuren déi nei Entlaaschtungsstrooss als Schnellstrooss notzen?
  • Wat ass geplangt, fir sécherzestellen, dass Foussgänger a Vëlosfuerer a Sécherheet vun der enger Säit vun der Strooss op déi aner kommen, ouni dass de Verkéier ze vill opgehale gëtt? Ass z.B. eng Bréck oder eng Ënnerféierung virgesinn?
  • Ass virgesinn, op Plazen wéi z.B. der zukünfteger Busgare oder beim Parking „Bénédictens“, Ënnerféierungen ze bauen, fir d’Sécherheet vu Foussgänger a Vëlosfuerer ze garantéieren an de Verkéier net ze vill opzehalen?“

    Äntwert

    Sinn d’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss wéi geplangt ugelaaf? Wéi laang wäerten d’Aarbechten fir de Lot 1 „liaison Morgenstern“ brauchen?

    Nodeems d’Stroossebauverwaltung lescht Joer déi néideg Ëmweltgeneemegung, sou wéi och d’Resultat vun den archeologeschen Ausgruewunge kritt huet, konnten d’Aarbechten um Lous 1 dëst Joer ufänken. Fir dee ganze Lous ass eng Bauzäit vu 620 Schaffdeeg virgesinn. Am Moment sinn Ofrappaarbechte vun der aler Schräinerei ewéi och divers Preparatiounsaarbechten amgaangen. Déi eigentlech Bauaarbechten un der “Liaison Morgenstern” fänken och nach dëst Joer un.

    Kënnt et am Kader vun dësen Aarbechten zu enger Aschränkung vum Verkéier respektiv zu enger Spärung vun der Haaptverkéiersachs iwwer d’route de Wasserbillig an d’rue des Remparts? Wa jo, a wéi engem Zäitraum a wéi gëtt de Verkéier dee Moment gereegelt?

    Zweck vun dësem groussen a komplexe Projet ass et déi aktuell Verkéierssituatioun zu Iechternach ze verbesseren. Fir dat Zil kënnen ze erreechen, mussen d’Automobilisten an d’Awunner phaseweis mat Aschränkungen am bestoende Verkéier op Héicht vu den Aarbechte rechnen.

    Prinzipiell, sou wéi bei all aner Chantier hei am Land, gëtt awer versicht den Impakt op de Verkéier sou kleng wéi méiglech ze halen. Dat zum Beispill andeems d‘Liaison hiergestallt gëtt, éier an der Route de Wasserbillig geschafft gëtt, wäerten d‘Arbechten an der Route de Wasserbillig e méi klengen Afloss op de Verkéier hunn. Wann néideg, wäert de Verkéier zäitweileg duerch rout Luuchte gereegelt ginn.

    Generell ass och unzemierken datt leider all gréisseren Infrastrukturprojet, deen eng bestoend Situatioun verbessere soll, bësse Versteesdemech a Gedold vun den Automobilisten an de betraffenen Awunner verlaangt.

    Wéini sollen d’Aarbechten um Lot 2 „bypass N11/CR366“ (Knepperkräizung) an um Lot 3 „voie Charly“ ufänken a bis wéini sollen se ofgeschloss sinn?

    Et ass den Ament nach ze fréi fir ee Planning vun den Aarbechte vun de Lousen 2 an 3 unzeginn, well déi néideg Autorisatiounen nach net konnten ugefrot ginn, an och déi néideg Terrainen nach net konnte kaaft ginn.

    Wéi eng Mesurë si virgesinn, fir de Respekt vun der maximaler Vitesse ze garantéieren an z’evitéieren, dass Chauffeuren déi nei Entlaaschtungsstrooss als Schnellstrooss notzen?

    D’Strooss gëtt no der däitscher Richtlinn “Anlage von Stadtstrassen (RASt 06)“ gebaut. Plazeweis si Mëttelinselen an/oder Gréngsträife virgesinn, déi dozou bäidroe sollen, datt d‘Geschwindegkeet vun de Chauffere gedrosselt gëtt.

    Wat ass geplangt, fir sécherzestellen, dass Foussgänger a Vëlosfuerer a Sécherheet vun der enger Säit vun der Strooss op déi aner kommen, ouni dass de Verkéier ze vill opgehale gëtt? Ass z.B. eng Bréck oder eng Ënnerféierung virgesinn?

    Et si keng weider Brécken oder Ënnerféierunge virgesinn.

    D’Geschwindegkeet op där Strooss ass op 50 km/h limitéiert an do wou de Foussgänger/Vëlosfuerer d’Strooss kräizen, sinn entspriechend Iwwergäng mat Mëttelinselen, respektiv Iwwergäng déi mat Luuchte gereegelt ginn, virgesinn.

    Ass virgesinn, op Plazen wéi z.B. der zukünfteger Busgare oder beim Parking „Bénédictens“, Ënnerféierungen ze bauen, fir d’Sécherheet vu Foussgänger a Vëlosfuerer ze garantéieren an de Verkéier net ze vill opzehalen?“

    Beim Parking “Bénédictens” ass d’Méiglechkeet vun enger Ënnerféierung gepréift mee aus Héichwaasserschutzgrënn net weider verfollegt ginn.

    Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

    Deelen:

    Facebook
    Twitter
    LinkedIn
    Email
    WhatsApp

    Weider parlamentaresch Froen

    Squatterproblem zu Ettelbréck ?

    Zu Ettelbréck schéngt sech ee Squatter-Hotspot forméiert ze hunn, deen ee sanitäre Risiko duerstelle kéint. D’DP-Deputéiert André Bauler a Gusty Graas hu bei der Gesondheetsministesch an dem Inneminister nogefrot, ob d’Inspection sanitaire schonn ageschalt gouf, iwwer wéi eng Instrumenter d’Inspektioun verfüügt fir an esou Fäll z’agéieren an ob den Drogekonsum bei der Ettelbrécker Gare zanter Januar 2024 zougeholl huet.

    weiderliesen...

    Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

    Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

    weiderliesen...