Comment se déroulent les travaux sur la voie de dégagement à Echternach ?

Les travaux de la voie de dégagement à Echternach devaient débuter en octobre 2022. Notre députée Carole Hartmann s'est demandé si les travaux se déroulent comme prévu et quel sera l'impact sur le trafic routier de la région.

„Laut dem Här Minister senger Äntwert op d’parlamentaresch
Fro n°5323 vum 2. Dezember 2021, sollten d’Aarbechten un der
Entlaaschtungsstrooss zu Iechternach am Oktober 2022 ufänken.
An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an
ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Sinn d’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss wéi
    geplangt ugelaaf? Wéi laang wäerten d’Aarbechten fir de
    Lot 1 „liaison Morgenstern“ brauchen?
  • Kënnt et am Kader vun dësen Aarbechten zu enger
    Aschränkung vum Verkéier respektiv zu enger Spärung vun
    der Haaptverkéiersachs iwwer d’Route de Wasserbillig an
    d’Rue des Remparts? Wa jo, a wéi engem Zäitraum a wéi
    gëtt de Verkéier dee Moment gereegelt?
  • Wéini sollen d’Aarbechten um Lot 2 „bypass N11/CR366“
    (Knepperkräizung) an um Lot 3 „voie Charly“ ufänken a
    bis wéini sollen se ofgeschloss sinn?
  • Wéi eng Mesurë si virgesinn, fir de Respekt vun der
    maximaler Vitesse ze garantéieren an z’evitéieren, dass
    Chauffeuren déi nei Entlaaschtungsstrooss als
    Schnellstrooss notzen?
  • Wat ass geplangt, fir sécherzestellen, dass Foussgänger a
    Vëlosfuerer a Sécherheet vun der enger Säit vun der
    Strooss op déi aner kommen, ouni dass de Verkéier ze vill
    opgehale gëtt? Ass z.B. eng Bréck oder eng Ënnerféierung
    virgesinn?
  • Ass virgesinn, op Plazen wéi z.B. der zukünfteger Busgare
    oder beim Parking „Bénédictens“, Ënnerféierungen ze
    bauen, fir d’Sécherheet vu Foussgänger a Vëlosfuerer ze
    garantéieren an de Verkéier net ze vill opzehalen?“

    Réponse

    Sinn d’Aarbechten un der Entlaaschtungsstrooss wéi geplangt ugelaaf? Wéi laang wäerten d’Aarbechten fir de Lot 1 „liaison Morgenstern“ brauchen?

    Nodeems d’Stroossebauverwaltung lescht Joer déi néideg Ëmweltgeneemegung, sou wéi och d’Resultat vun den archeologeschen Ausgruewunge kritt huet, konnten d’Aarbechten um Lous 1 dëst Joer ufänken. Fir dee ganze Lous ass eng Bauzäit vu 620 Schaffdeeg virgesinn. Am Moment sinn Ofrappaarbechte vun der aler Schräinerei ewéi och divers Preparatiounsaarbechten amgaangen. Déi eigentlech Bauaarbechten un der “Liaison Morgenstern” fänken och nach dëst Joer un.

    Kënnt et am Kader vun dësen Aarbechten zu enger Aschränkung vum Verkéier respektiv zu enger Spärung vun der Haaptverkéiersachs iwwer d’route de Wasserbillig an d’rue des Remparts? Wa jo, a wéi engem Zäitraum a wéi gëtt de Verkéier dee Moment gereegelt?

    Zweck vun dësem groussen a komplexe Projet ass et déi aktuell Verkéierssituatioun zu Iechternach ze verbesseren. Fir dat Zil kënnen ze erreechen, mussen d’Automobilisten an d’Awunner phaseweis mat Aschränkungen am bestoende Verkéier op Héicht vu den Aarbechte rechnen.

    Prinzipiell, sou wéi bei all aner Chantier hei am Land, gëtt awer versicht den Impakt op de Verkéier sou kleng wéi méiglech ze halen. Dat zum Beispill andeems d‘Liaison hiergestallt gëtt, éier an der Route de Wasserbillig geschafft gëtt, wäerten d‘Arbechten an der Route de Wasserbillig e méi klengen Afloss op de Verkéier hunn. Wann néideg, wäert de Verkéier zäitweileg duerch rout Luuchte gereegelt ginn.

    Generell ass och unzemierken datt leider all gréisseren Infrastrukturprojet, deen eng bestoend Situatioun verbessere soll, bësse Versteesdemech a Gedold vun den Automobilisten an de betraffenen Awunner verlaangt.

    Wéini sollen d’Aarbechten um Lot 2 „bypass N11/CR366“ (Knepperkräizung) an um Lot 3 „voie Charly“ ufänken a bis wéini sollen se ofgeschloss sinn?

    Et ass den Ament nach ze fréi fir ee Planning vun den Aarbechte vun de Lousen 2 an 3 unzeginn, well déi néideg Autorisatiounen nach net konnten ugefrot ginn, an och déi néideg Terrainen nach net konnte kaaft ginn.

    Wéi eng Mesurë si virgesinn, fir de Respekt vun der maximaler Vitesse ze garantéieren an z’evitéieren, dass Chauffeuren déi nei Entlaaschtungsstrooss als Schnellstrooss notzen?

    D’Strooss gëtt no der däitscher Richtlinn “Anlage von Stadtstrassen (RASt 06)“ gebaut. Plazeweis si Mëttelinselen an/oder Gréngsträife virgesinn, déi dozou bäidroe sollen, datt d‘Geschwindegkeet vun de Chauffere gedrosselt gëtt.

    Wat ass geplangt, fir sécherzestellen, dass Foussgänger a Vëlosfuerer a Sécherheet vun der enger Säit vun der Strooss op déi aner kommen, ouni dass de Verkéier ze vill opgehale gëtt? Ass z.B. eng Bréck oder eng Ënnerféierung virgesinn?

    Et si keng weider Brécken oder Ënnerféierunge virgesinn.

    D’Geschwindegkeet op där Strooss ass op 50 km/h limitéiert an do wou de Foussgänger/Vëlosfuerer d’Strooss kräizen, sinn entspriechend Iwwergäng mat Mëttelinselen, respektiv Iwwergäng déi mat Luuchte gereegelt ginn, virgesinn.

    Ass virgesinn, op Plazen wéi z.B. der zukünfteger Busgare oder beim Parking „Bénédictens“, Ënnerféierungen ze bauen, fir d’Sécherheet vu Foussgänger a Vëlosfuerer ze garantéieren an de Verkéier net ze vill opzehalen?“

    Beim Parking “Bénédictens” ass d’Méiglechkeet vun enger Ënnerféierung gepréift mee aus Héichwaasserschutzgrënn net weider verfollegt ginn.

    Souhaitez-vous une traduction en français de cette question parlementaire ?

    Partager :

    Facebook
    Twitter
    LinkedIn
    Email
    WhatsApp

    Plus de questions parlementaires

    Comment a évolué la situation des Dubliners au Luxembourg ces dernières années ?

    Depuis fin octobre, les hommes « Dubliners » qui voyagent seul ne peuvent plus être acceptés dans les structures d’accueil. En effet, les bâtiments sont rares et les structures sont surpeuplées. La priorité doit être donnée aux enfants, aux femmes et aux personnes vulnérables. Mais comment les chiffres ont-ils évolué ces dernières années et comment cette situation est-elle parvenue ? Nos députés Corinne Cahen et Gusty Graas se sont renseignés auprès du ministère compétent.

    lire plus...

    Les tests rapides d’orientation diagnostique permettent-ils de lutter contre la pénurie d’antibiotiques ?

    La France envisage de n’autoriser la prescription d’antibiotiques que si un test rapide d’orientation diagnostique est effectué au préalable. Celui-ci permet de déterminer avec certitude s’il s’agit d’une infection bactérienne ou virale.
    Cela permettrait d’une part de lutter contre la pénurie d’antibiotiques et d’autre part de réduire la résistance aux antibiotiques.
    Les députés du DP Gilles Baum et Gusty Graas ont demandé à la Ministre de la Santé combien d’antibiotiques ont été prescrits au Luxembourg au cours des cinq dernières années et si les médecins devraient être davantage sensibilisés à la prescription de tests d’orientation diagnostique.

    lire plus...

    Combien de patients n’ont plus obtenu de rendez-vous dans un hôpital de la capitale ?

    Récemment, un hôpital de la capitale a envoyé des lettres aux patients les informant que certains services médicaux ne pouvaient plus accepter de nouveaux rendez-vous, sauf en cas d’urgence ou de cas très complexe.
    Le député du DP Gusty Graas a demandé à la Ministre de la Santé comment cette incapacité a pu se produire, si d’autres hôpitaux sont également concernés et ce qui est entrepris pour remédier à cette situation.

    lire plus...