Wéi vill Vandalismus gëtt et zu Lëtzebuerg, a wat ass de Käschtepunkt?

Duerch muttwëlleg Beschiedegung entstinn oft onnéideg Käschten, an et musse Sue benotzt ginn déi och fir positiv Zwecker hätte kënnen agesat ginn. Och zu Lëtzebuerg si mir viru Vandalismus net gefreit – mee wou kënnt en am meeschte vir, a wat fir Käschten bréngt e mat sech. Eis Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty hu beim zoustännege Ministère nogefrot.

D’Bereetschaft vun eenzele Persoune Gebaier oder aner Saache muttwëlles ze beschiedegen gëtt och hei zu Lëtzebuerg ëmmer méi offensichtlech. An och wann Vandalismus iwwer den Artikel 526 vum Strofgesetz verbueden an och strofbar ass, ginn ëmmer mol erëm och ëffentlech Bauten, Plazen oder Monumenter beschmiert, futti gemaach oder komplett zerstéiert. Dëst bréngt dann och grouss Käschte mat sech, déi op anerer Plaz méi sënnvoll kéinte genotzt ginn.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wéi oft ass et iwwer déi lescht 5 Joer pro Joer zu Lëtzebuerg zu Fäll vu Vandalismus un ëffentleche Gebaier an Installatioune komm?
  • Wat huet d’Reparatioun vun duerch Vandalismus zerstéiert Installatioun de Staat iwwer déi lescht 5 Joer pro Joer kascht?
  • Wéi vill Leit sinn iwwer déi lescht 5 Joer wéinst Vandalismus zu Lëtzebuerg verbaliséiert ginn?
  • Gëtt et Pläng vum Ministère dëser Evolutioun entgéint ze wierken? Wa jo, kann den Här Minister Detailer dozou ginn?

Wat fir Plazen am Land si besonnesch concernéiert?“

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...