Wéi wäit ass déi geplangten national P&R-Strategie?

De Koalitiounsaccord gesäit d'Ausschaffe vun enger « stratégie nationale de stationnement et parking-relais (P&R) » vir. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit een domadder ass a wéini dës Strategie ka presentéiert ginn.

« De Koalitiounsaccord gesäit d’Elaboratioun vun enger « stratégie nationale de stationnement et parking-relais (P&R) » vir.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen :

– Wéi wäit ass d’Ausschaffe vun dëser Strategie ?

– Wéini gëtt dës Strategie virgestallt ?

– Kann den Här Minister scho Prezisiounen zu de Kärpunkte vun dëser Strategie ginn ?

– Wat d’P&R betrëfft, wéi vill Projete sinn an de leschten zwee Joer ofgeschloss ginn ? Wéi vill nei Parkplaze sinn tëscht 2018 an 2020 geschaaft ginn ?

– Bei wéi ville Projete sinn d’Aarbechten aktuell am gaangen ? Wat ass d’Unzuel vun de Parkplazen ? Wäert den initialen Zäitplang fir d’Ofschléisse vun den Aarbechte kënnen agehale ginn oder kënnt et zu Verspéidunge wéinst der Pandemie ?

– Wéi eng nei Projeten, mat wéi vill neie Parkplazen, si geplangt fir an den nächste Jore realiséiert ze ginn ?

– Ass virgesinn, déi nei P&R sou ze konzipéieren, dass de Chauffeur iwwer eng App (z.B. d’Mobilitéits-App) ka gesinn, wéi vill Parkplazen nach fräi sinn ? »

Äntwert

Momentan gëtt un der zweeter Phas vun der nationaler Parkraumstrategie geschafft, an där engersäits de Parkraum erhuewe gëtt an anerersäits Léisungsusätz ausgeschafft ginn. An der éischter Phas goung et drëm, z’identifizéiere wéi eng Donnéeë fir d’Elaboratioun vun der Strategie gebraucht ginn. An der drëtter Phas gi konkret Recommandatiounen ausgeschafft. Déi national Parkraumstrategie kéint dann Enn 2021 presentéiert ginn.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Wier eng Sensibiliséierungscampagne géint Allergië sënnvoll ?

Ëmmer méi Leit entwéckelen Allergien, op Liewensmëttel, Pollen oder Milben. D’DP-Deputéiert Carole Hartmann huet bei der zoustänneger Ministesch nogefrot, wéi sech d’Zuel un Allergiker an de leschten zéng Joer entwéckelt huet, ob eng Sensibiliséierungscampagne lancéiert sollt ginn, a wéini déi annoncéiert Pollen-App fir déi betraffe Leit disponibel wäert sinn.

weiderliesen...

Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin

Eisem Land feelt et un Aarbechtsdokteren. De Koalitiounsprogramm gesäit dowéinst eng Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin vir. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi vill Aarbechtsdokteren aktuell hei am Land schaffen, wéi d’Altersstruktur vum Beruffsstand ausgesäit a wéi d’Moderniséierung vun der Aarbechtsmedezin kéint ausgesinn?

weiderliesen...