Wéi wäit si mer mam autonome Fueren zu Lëtzebuerg?

Déi däitsch Regierung wëll an Zukunft op verschiddene Plazen am Land erlaben, dass vollautomatesch Gefierer ganz normal am Stroosseverkéier dierfe fueren, wou de Chauffer just an engem Noutfall muss agräifen. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet dowéinst beim zoustännege Minister nogefrot, wéi wäit mer hei zu Lëtzebuerg an deem Beräich sinn.

« Déi däitsch Regierung huet rezent e Gesetzesprojet virgestallt, mat deem Däitschland dat éischt Land weltwäit géif ginn, dat d’Conduite autonome am normale Stroosseverkéier erlaabt. Dëst wier zwar nëmmen op festgeluechte Strecke méiglech, mee hei dierften awer Gefierer vum Niveau 4 vun insgesamt 5, wat d’Autonomie betrëfft, zirkuléieren. Méi genee heescht dat, dass et sech hei ëm vollautomatiséiert Fueren handelt, bei deem de Chauffer just a Geforesituatioune muss agräifen.

An deem Kader wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen:

– Ass den Här Minister au Courant vun dëser Entwécklung ?

– Wéi wäit ass Lëtzebuerg am Bezuch op d’Autorisatioun vum autonome Fueren am normale Stroosseverkéier ?

– Huet d’Regierung wëlles sech um däitsche Gesetzesprojet fir eng eventuell Legaliséierung vun der Conduite autonome z’inspiréieren ?

– Fir wéini wier en änleche Schrëtt wéi an Däitschland hei zu Lëtzebuerg denkbar ?

– Wat sinn d’Tëscheresultater vum gemeinsame Pilot-Projet mat Däitschland a Frankräich an der Groussregioun zu deem Sujet ? »

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Prisong Mauer Iwwerwaachung

Wéi geschützt sinn d’Giischtercher am Prisong virun Attacken?

D’Situatioun vun de Giischtercher am Prisong ass keng einfach. Verbal Attacken gehéieren zu hirem Alldag, an och kierperlech Attacken a seriö Menacen kommen ëmmer méi heefeg vir. Wéi gëtt d’Personal bannent de Prisongsmauere geschützt? Wéi vill Attacke gouf et an de leschte Joren? A wéi kënnen sech d’Giischtercher och viru Menace wieren ? Eis Deputéiert Claude Lamberty a Max Hahn hu bei den zoustännege Ministeren nogefrot.

weiderliesen...

Wéi vill Bëschbränn goufen et an de leschte Joer zu Lëtzebuerg?

Eng vun de Konsequenze vum Klimawandel ass, dass wéinst de méi héijen Temperaturen a verlängerten Drécheperioden de Risiko vu Bëschbränn an d’Luucht geet. Den DP-Deputéierten André Bauler huet dowéinst nogefrot, wéi vill Bëschbränn et an de leschte Joer gouf a wéi de CGDIS sech op eng méiglech Heefung vun deem Phänomeen preparéiert.

weiderliesen...