Wéini gëtt d’Vëlospist PC35 fäerdeg gestallt?

Wéi et schéngt, géif nach just e klengen Deel feelen, da kéint d'Vëlospist PC35 fäerdeg gestallt ginn. Domadder géif et eng duerchgehend Vëlosverbindung aus dem Raum Suessem a Käerjeng, iwwer d'Gemengen Dippech a Bartreng bis op Mamer an an d'Stad ginn. D'DP-Deputéiert Max Hahn a Frank Colabianchi hu beim zoustännege Minister nogefrot, fir wéini dës Aarbechten ofgeschloss kéinte ginn.

« D‘Prioritéit fir d‘Fäerdegstellung vun der Vëlospist PC 35 (al PC 38) ass rezent vun 2 op 1 ëmklasséiert ginn. Tatsächlech muss nach just d’Ënnerféierung vun der N5 op der Héicht vun der Gréivelsbarriäre realiséiert an de Belag am Bësch frësch gemaach ginn, fir eng duerchgehend Verbindung fir de Vëlo vu Suessem, iwwer d’Gemengen Dippech a Bartreng, bis an d’Stad ofzeschléissen.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Baute folgend Froe stellen:

– Wéini gëtt de Belag am Bësch erneiert?

– Wéini gëtt d’Ënnerféierung vun der N5 realiséiert?

– Wéi laang wäerten des Aarbechten daueren? »

Äntwert

Vu dass d’Vëlospist duerch en Naturschutzgebitt geet, hätten am Virfeld fir d’éischt missten déi virgeschriwwen Analyse fir d’Aarbechten duerchgefouert ginn. Op där Basis géif aktuell en Avant-projet détaillé ausgeschafft ginn. Well et sech ëm e bësse méi komplizéierte Chantier handelt, géifen d’Aarbechte sech viraussiichtlech och iwwer bësse méi wéi ee Joer zéien.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Missten d’Urgencen fir Kanner am Norden ausgebaut ginn?

Och Kanner mat klenge Blessuren ginn oft aus dem Norden bis an d’Kannerklinik an der Stad geschéckt. D’DP-Deputéiert Corinne Cahen a Carole Hartmann wollte vun der Gesondheetsministesch wëssen, firwat déi pädiatresch Urgencen vum CHdN net 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg an der Woch garantéiert kënne ginn a wéi vill Kanner aus dem Norden an d’Kannerklinik geschéckt ginn.

weiderliesen...

Wéi kann d’Gesondheet vun de Kanner verbessert ginn ?

D’Gesondheetsproblemer bei de Kanner klammen an den Accès zu Pediatere gëtt ëmmer méi schwiereg. D’DP-Deputéiert Mandy Minella a Carole Hartmann hu bei der Gesondheetsministesch nogefrot, wéi eng Mesüre virgesi sinn fir d’Situatioun ze verbesseren, ob eng national Strategie fir d’Gesondheet vun de Kanner envisagéiert gëtt an ob een nationale Coordinateur fir d’Kannergesondheet agesat sollt ginn.

weiderliesen...