Wéini sinn d’Usträichaarbechten un der Rouder Bréck fäerdeg?

D'Usträichaarbechten un der Rouder Bréck sollten u sech d'lescht Joer am Fréijoer fäerdeg sinn, dat nodeems se schonn eng Kéier ënnerbrach gi waren, well d'Firma faillite gemaach hat. D'DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty hunn dowéinst nogefrot, wou d'Aarbechten dru sinn a wéini se solle fäerdeg ginn.

Nodeems d’Usträichaarbechten un der Rouder Bréck fir eng Zäit ënnerbräch gi waren, wëll déi betraffe Firma faillite war, sollten d’Aarbechten uganks 2020 nees ulafen a bis de Fréijoer 2021 fäerdeg gestallt ginn. Allerdéngs huet een den Androck, dass sech schonn zënter längerer Zäit näischt méi gedoen huet.

An deem Kader wollte mir dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten folgend Froe stellen:

  • Wou sinn d’Usträichaarbechten un der Rouder Bréck aktuell drun?
  • Wat ass de Grond firwat d’Aarbechte bis ewell nach net ofgeschloss konnte ginn?
  • Bis wéini sollen d’Aarbechte laut aktuellen Estimatioune fäerdeg sinn?“

Äntwert

Wou sinn d’Usträichaarbechten un der Rouder Bréck aktuell drun?

 D’Usträicheraarbechten un der Rouder Bréck sinn aktuell an hirer finaler Phase.

De leschten Deel un de Stëtze vun der Sprengwierk-Bréck ass am Juni fäerdeg ginn an de leschten Deel ënnert der rouder Bréck, säitens dem Eecher Bierg, ass ugefaange ginn.

Wat ass de Grond firwat d’Aarbechte bis ewell nach net ofgeschloss konnte ginn?

Déi weltwäit sanitär Kris an déi unhalend Problematik mam Manktem un Materialien hunn dozou bäigedroen dass d’Aarbechten net konnte mat Zäiten ofgeschloss ginn. Zudeem hunn eng sëlleg Onwiederen duerch hire staarke Wand d’Usträicheraarbechten zousätzlech ënnerbrach.

Bis wéini sollen d’Aarbechte laut aktuellen Estimatioune fäerdeg sinn?

D’Usträicheraarbechte gi viraussiichtlech fir de kommende Kollektivcongé 2022 fäerdeg. Uschléissend ginn nach vereenzelt d’Finitiounsaarbechte realiséiert an d’Baugerüster ofgebaut.

Dir wëllt dës parlamentaresch Fro op Lëtzebuergesch iwwersat kréien?

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp

Weider parlamentaresch Froen

Concasséiere vu Material an der Gréngzone

D’DP-Deputéiert Luc Emering an André Bauler hunn dem Ëmweltminister eng Rei Froen zum Concasséiere vu Material an der Gréngzone gestallt. Si wollten ënnert anerem wëssen, ob eng Naturschutzautorisatioun dofir néideg ass, a firwat net an all Autorisatioun fir Bauten an der Gréngzone vermierkt gëtt, datt mat recycléiertem Material soll geschafft ginn.

weiderliesen...

Gëtt een zweete PET-CT ugeschaaft?

Déi fréier Gesondheetsministesch hat matgedeelt, datt eventuell een zweete PET-CT ugeschaaft kéint ginn, fir d’Waardezäit fir d’Patienten ze verkierzen. D’DP-Deputéiert André Bauler a Carole Hartmann hu bei der aktueller Gesondheetsministesch nogefrot, wou d’Uschafung vun dësem zweete PET-CT drun ass, ob dësen Apparat eventuell an d’Spidol zu Ettelbréck kéint kommen a wéi sech d’Zuel vun de Behandlungen an de leschten 10 Joer an deem Beräich entwéckelt hunn.

weiderliesen...